Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann een d‘Häerz op der richteger Plaz huet
International Neiegkeeten

Wann een d‘Häerz op der richteger Plaz huet

Si ass kleng, d‘Asbl „Hand an Hand fir Afrika“ dofir

Grouwebrand zu Zowaasch
International Neiegkeeten

Grouwebrand zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matgedeelt huet, hat e Méindeg Virmëtteg an

Logementsminister vun de Loyeren „iwwerrascht“
International Neiegkeeten

Logementsminister vun de Loyeren „iwwerrascht“

De Logement zu Lëtzebuerg ass een zolitte Problem, deen d‘Politik

D’Dokteren ouni Grenzen 2019 – Wa Kricher, Krankheeten a Katastrophen Liewe bedreeën

D’Dokteren ouni Grenzen 2019 – Wa Kricher, Krankheeten a Katastrophen Liewe bedreeën

Och 2019, ganzer 20 Joer nodeems d’Dokteren ouni Grenzen de Friddensnobelpräis iwwerreecht kritt hunn, ass de Kampf ëm d’Gesondheet weider gaangen. An iwwer 70 Länner sinn d’Ekippen a Fräiwëlleger mëttlerweil ënnerwee, fir den Accès op Medikamenter a Fleeg, sanitär Anlagen a virun allem proppert Waasser ze garantéieren, an dat, och wa si sech selwer a Gefor musse beginn.

Am vergaangene Joer waren d’Dokteren ouni Grenzen (MSF) an 72 Länner mat ganzer 65.000 Persounen aktiv, wouvunner der 80 % lokal rekrutéiert gi sinn. Hir Missioun: Medezinesch an humanitär Ënnerstëtzung a Krisesituatioune leeschten. Heizou gehéieren Gewaltdoten no Konflikter wéi am Jemen, d’Feele vu Fleeg wéi a Libyen, massiv Deplacementer vun der Bevëlkerung wéi an Amerika oder och Naturkatastrophen wéi a Mosambik.

Dokteren ouni Grenzen

Dokteren ouni Grenzen an Indien: Dëse Patient ass 10 Kilometer getrëppelt, fir ënnersicht a behandelt ze ginn © Tadeu Andre/MSF

E Bléck op verschidde Länner

Mosambik: D’Zyklonen Idai a Kenneth hunn d’Land am Mäerz an Abrëll 2019 schwéier getraff. Bal 80 % vun der Stad Beira goufe beschiedegt oder zerstéiert, scho wou den éischten Zyklon säi Passage gemaach huet. Esou hunn d’Dokteren ouni Grenzen eng gréisser Interventioun gestart, fir d’Leit medezinesch ze versuergen, hinnen Accès op Waasser ze ginn an eng Entwässerung opzebauen. Dës weidere goufe sanitär Installatiounen opgestallt an de lokalen Autoritéiten ënnert d’Ärem gegraff fir d’Cholera-Epidemie an de Grëff ze kréien, virun allem duerch Impfungen.

Jemen: Och no 5 Joer Krich, schéngt et nach ëmmer keen Enn ze ginn. D’Populatioun stierft dobäi u vermeidbare Krankheeten, déi duerch den Zerfall vun der Wirtschaft an ruinéiert Gesondheetssystemer provozéiert ginn. D’Ekippe vun MSF beméie sech, fir an dësem onséchere Kontext a limitéiertem Accès op Fleeg der Bevëlkerung zu Hëllef ze kommen.

Dokteren ouni Grenzen

Abrëll 2019 am Spidol vun Al Salakhana am Jemen: Eng Chirurgin analyséiert d’Rëntgebild vun enger Persoun, déi ugeschoss ginn ass © Agnes Varraine-Leca/MSF

Libyen an Amerika: D’Immigratiouns- an Asilpolitik dréit dozou bäi, datt d’Populatioun vun de Migranten ëmmer méi ugräifbar a gefährt gëtt. Dausenden Zentralamerikaner si beispillsweis gefaangen, wëll si virun der Gewalt an hirer Heemescht (Salvador, Honduras oder Guatemala) flüchte wollten a soumat gezwonge waren, ënnert geféierlechen a prekäre Konditiounen ze iwwerliewen. Vum Dout begleet hu si de Wee duerch déi Vereent Staaten gewot, déi wichtegst Route weltwäit an dësem Kontext.

Ähnlech gesäit et och fir Libyen aus, wou d’Gewalt vun Dag zu Dag zouhëlt. Zënter 2014 breet sech de Chaos am Land aus a bitt esou de „gëeegente Buedem“ fir eng Krichswirtschaft, déi op illegalen Aktivitéiten, wéi dem Trafic vu Pëtrol, Waffen oder Mënschen, berout.

D’Dokteren ouni Grenzen këmmeren sech ëm d’Fleeg vun de besonnesch vulnerabele Persounen. Heizou gehéieren och déijéineg, déi duerch d’Gewalt schwéier mental Schied erlidden hunn.

Lëtzebuerg: MSF Lëtzebuerg sicht ëmmer no Innovatiounen, wat virun allem duerch déi operationell Unitéit LuxOR realiséiert gëtt. D’Ekipp erméiglecht et d’Leeschtung vun den MSF-Programmer ze verbesseren, d’Machbarkeet vun neie Strategien an Interventiounen ze bewäerten oder och Ännerunge bei de Praktiken an der Gesondheetspolitik ze verdeedegen.

Wat gëtt et nach?

Am vergaangene Joer huet LuxOR zur Publikatioun vu 77 Artikelen a renomméierte wëssenschaftlechen Revue bäigedroen. Et goung ëm 13 Themeberäicher, déi duerch méi wéi 65 Fuerschungsprojeten ënnerstëtzt goufen. Fir d’Kompetenze vum medezinesche Personal ze verbesseren, si 6 Formatiounsprogrammer lancéiert ginn, woubäi 42 Persounen a Kenia an zu Lëtzebuerg deelgeholl hunn.

Zudeem sinn 2019 d’Donen vun de Lëtzebuerger an Héicht vun 7,3 Milliounen Euro erakomm. „Mir soe Merci fir Är Generositéit, déi et eis erméiglecht eist Onofhängegkeet bäizehalen an do weider ze hëllefen, wou d’Besoinen am gréisste sinn“, ënnersträicht den Dr Guy Berchem, President vun MSF Lëtzebuerg.

Och an dësem Joer mobiliséiert ee sech, fir déi bescht méiglech Hëllef a Fleeg bidden ze kënnen, zerbriechleche Gesondheetssystemer Ënnerstëtzung ze bidden a weiderhin a méi wéi 70 Länner medezinesch Assistenz ze offréieren.

Opmaacherbild: En Dokter vun MSF ënnersicht an der Pediatrie, ausserhalb vum Camp op der Insel Lesbos, d’Kanner © Anna Pantelia / MSF

Ähnlech Sujeten Bilan 2019, Dokteren ouni Grenzen, Gesondheetssystem, Impfung, Jemen, Krich, Libyen, Medezinesch Hëllef, Mosambik, MSF, Naturkatastroph, vulnerabel Persounen, Zyklon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel