Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nouvelle vun der Aarbechtsfront
Neiegkeeten

Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Dat huet et well laang net méi ginn an dofir

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten
Neiegkeeten

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten

Op Demande vun de franséischen Autoritéiten setzt sech d’Flotte vun

surprise
Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!
Neiegkeeten

Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!

Facebook spillt am politeschen Diskurs eng ëmmer gréisser Roll. Kee

De 5. Café-Debat vum LISER: Migratioun, wéi eng Integratiounspolitik gëtt sech Lëtzebuerg

Dëse 6. November am Café Ratelach vun der Escher Kulturfabrik

De 5. Café-Debat vum LISER: Migratioun, wéi eng Integratiounspolitik gëtt sech Lëtzebuerg

Mat ronn 48% Awunner (STATEC) déi net d‘Nationalitéit vum Land besëtzen, ass Lëtzebuerg e gutt Fallbeispill, fir d‘Attitude vun de Leit géintiwwer der Integratioun ze analyséieren.

Fir déi aktuell Relatiounen tëscht de Majoritéit- Minioritéitsgruppen ze verstoen, ass et noutwenneg, sech der Geschicht vun der Migratioun vu Lëtzebuerg unzehuelen. Am 19. Joerhonnert, huet déi séier Entwécklung vun der Stolindustrie no Aarbechtskraaft verlaangt. Dëse Besoin huet vill Leit aus dem Ausland ugezunn, notamment aus Italien. Dës „Migranten“ hunn an de Minnen, mee och an de Stolwierker geschafft (Kirps & Reitz, 2001)

Vergläicht een d‘Situatioun vu Lëtzebuerg mat där vun anere Länner, esou fält engem op, datt d‘Zesummestellung vun der Bevëlkerung eenzegaarteg ass. D‘Majoritéit vun de Leit, kënnt aus de Nopeschlänner a vum Rescht vun der EU (Fetzer, 2011). Hei ass ze notéieren, datt de Gros dovunner aus Europäer, mat réimesch-kathouleschem Glawen, besteet, an esou kulturell zimlech no un der gebierteger Bevëlkerung drun ass.

Déi Haaptgruppe vun de Migrante bestinn aus: de Portugisen, gefollegt vun de Fransousen, den Italiener, esou wéi Belsch an Däitscher. An der Konsequenz, hunn sech eng Rei Froen opgedoen, déi sech mat de Konflikter tëscht dësen eenzele Gruppen, der Kohäsioun am Ganzen an der sozialer Inclusioun am Speziellen, befaassen. Froen déi hiren Zesummenhang (wéi an anere Länner) mat der Zounam vun der Immigratioun zanter dem 20. Joerhonnert hunn.

Alles gutt Grënn fir sech mat der Integratioun an der Immigratioun, esouwuel op theoreteschem wéi politeschen Niveau ausenanerzesetzen. Fir dëse Café-Debat sinn entspriechend interessant a gutt informéiert Leit ageluede ginn:

Moderéiert gëtt den Debat vum Hubert Gamelon, Journalist (Le Quotidien)

Den Debat gëtt a franséischer Sprooch gefouert, eng Iwwersetzung ass net virgesinn. De Café-Debat fänkt um 18. Auer am Café Ratelach, 116 Lëtzebuergerstrooss, zu Esch-Uelzecht un.

Ähnlech Sujeten ASTI, Café-Debat, Integratioun, KuFa, Kulturfabrik, LISER, Migratioun, Ratelach
Nächsten Artikel Virrechten Artikel