Search

You may also like

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)
Neiegkeeten

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, den 29. November 2020

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika
Neiegkeeten

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Datt sech den 82 järegen Abdelaziz Bouteflika, deen zanter engem

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?

[onionbuzz quiz-id=194][/onionbuzz] Iwwert d’Autobunn op d’Aarbecht: Dat ass vir vill

De 6. Mee ass nees Kulturnuecht zu Esch/Uelzecht

De 6. Mee ass nees Kulturnuecht zu Esch/Uelzecht

Mat der 6er Editioun vun der „Nuit de la Culture“ kréien d’Leit dëst Joer ee Programm gebueden, dee sech net nëmme villverspriechend ugesäit, mee sécherlech och den Uspréch an Erwaardunge sollt gerecht ginn.

Dräi Circuiten, gratis Navetten an vir jiddereen eppes derbäi

Wien schonns eng Kéier un der Kulturnuecht an der Minettemetropole deelgeholl huet, weess, datt et sech lount deen Datum am eegene Kulturkalenner fett ze markéieren. Konschtausstellungen, Concerten, Theater, Danz Performance an nach villes méi huet natierlech och d’Editioun vun 2017 ze bidden. Et sollt een awer net onvirbereet sinn, well esouguer dann huet de Konschtinteresseierten ee veritabele Marathon vrun sech.

Mat méi ewéi honnert „Events“, verdeelt iwwert d’ganz Escher Gemeng an op dräi Circuiten agedeelt ass et natierlech och vir eis schwéier op déi eenzel Punkten anzegoen. Allerdéngs ass dem Virwëtz liicht ze hëllefen, dat engersäits well op ganz ville Plazen uechter d’Land de Programm verdeelt gëtt an anersäits och wei gewinnt all d’Informatiounen am Internet ënnert www.esch.lu/nuitculture zougänglech sinn.

Fir all déi wou sech nach net dësem Spektakel konnten zouwennen an Angscht kéinten hunn dat kéint dem Portmonnie wei doen, deene sollt dann och gesot dat ee just muss fir Iessen a Gedrénks bezuelen, dee ganze kulturellen Deel ass wei ëmmer gratis. Dat wëllt natierlech net heeschen, datt d’Kulturnuecht näischt géif kaschten, ëmmerhi leet d’Gemeng mat 135.000 Euro den déckste Batz op den Dësch. De Rëscht steiere 17 Sponsore bäi.

Wat ass nei a wou sinn d’Héichpunkten?

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Nei mat derbäi ass de Fonds Belval dee bis wäit no Mëtternuecht Visite vum Héichuewen organiséiert. Dësen ass dann och natierlech och bis déif an d’Nuecht beliicht a well all Visiteur een Helm mat enger Luucht op de Kapp gesat kritt, dierft dat ganzt ee wonnerprächtegt Liichtspektakel ginn deen all Fotosamateur sech net sollt entgoe loossen.

Am Escher Conservatoire, wou d’Kulturnuecht schonns mëttes ëm 15 Auer ufänkt, dréit sech dëst Joer alles ëm déi mënschlech Stemm an hei muss den Optrëtt vum Julien Arpetti an sengem Bouf Andrea ervirgehuewe ginn. Detailer dozou wei schonns beschriwwe stinn an der Broschüre an am Internet.

An der „Maison Mousset“ ass dann och eppes wat sech am besonneschen déi Escher net sollten entgoe loossen. Do steet nämlech ee Wonschbam, wou jidderee säi Virschlag fir d’Kulturjoer 2022 kann ophänken. Des Virschléi ginn da vum Kulturdéngscht gesënnert an sollten, op mannst vir déi eescht gemengten, och als Iddi berécksiichtegt ginn.

De „Coup de Coeur“ vun der Redaktioun

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Wei gesot, d’Escher Kulturnuecht huet esou vill ze bidden dat et einfach net méiglech ass am Detail drop anzegoen. Allerdéngs wëlle mer eis erlaben op eppes opmierksam ze maache wat eis besonnesch um Häerz läit. Et handelt sech dobäi ëm d’Offer vum Escher Theater, wou sech nieft dem Charles Müller eng ganz Equipe eppes ganz Spezielles afale gelooss huet. Wann der et also iergendwéi kennt ariichten, da loosst iech dat net entgoen.

Ënnert dem Titel „Nuit Magique Interculturelle“ versteet sech eng Rei Theaterstécker, Performancen, Stroossekënschtler an och eng Ausstellung, déi sech dat héicht Ziel gesat huet de Spigel vun eiser multikultureller Gesellschaft ze sinn. Natierlech ganz humoristesch an op eng lëschteg Aart a Weis, wou allerdéngs d’Gefor net ausgeschloss ass dat ee vum laachen de Bauch ka wei kréien. Nee mee ganz am Eescht, maacht iech eng Freed a gitt iech dat ukucken. Et wier eng Doudsënn sech dat laanscht d’Nues goen ze loossen.

De Spektakel am an ronderëm den Theater fänkt um 17 Auer un. Den Entrée ass duerchgängeg, All Sprooch ass vertrueden an wann een dann emol eng net versteet, mécht näischt, d’Mimik vun den Acteure suergt schonn derfir dat jidderee kann de „Witz“ verstoen.

Next post Previous post