Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback
Neiegkeeten

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback

Um Freidegowend huet op Mallorca de Stéierkampf säi Comeback gefeiert,

Recht hunn a Recht kréien
Neiegkeeten

Recht hunn a Recht kréien

Um Dënschdeg a Mëttwoch war eng Lëtzebuerger Delegatioun bei der

„Lifelong Learning“: Mat der Salariatskummer kee Problem
Neiegkeeten

„Lifelong Learning“: Mat der Salariatskummer kee Problem

Sech weiderbilden, e liewe laang, dat mécht net nëmme Sënn,

De Baron vu Wäisswampech geréit an d‘Mille vun der Justiz

De Baron vu Wäisswampech geréit an d‘Mille vun der Justiz

Nodeems et Ufank Dezember tëscht dem Buergermeeschter vu Wäisswampech, Henri Rinnen (DP), dem Conseiller vun der Biergerinitiativ, Vincent Geiben, bal zu Handgräiflechkeete komm ass, well dësen den „Avis Contraire“ vun den Awunner géint de Groussprojet „Suneo Park“ net respektéiere wëll, muss sech elo d‘Justiz mam Dossier beschäftegen.

Wäisswampech

Beim lokale Referendum zum touristesche Pôle haten sech 61% vun de leit géint dëse Projet ausgeschwat. Well awer 1,73% ee „wäissen Ziedel“ ofginn hunn an 14% net „interesséiert“ waren, huet de Conseiller Joseph Vesque ausgerechent, datt sech effektiv nëmmen 49% géint de Projet um Séi gestäipt hätten, also eng (knapp) Majoritéit fir dësen touristeschen Zenter ass.

Bei dësem Projet soll ee privaten Investisseur aus der Belsch 40 Hektar Terrain ronderëm de Séi vu Wäisswampech zougestane kréien. Dat mëttels engem Ierfpachtvertrag zugonschte vun der Lamy-Grupp, déi den Terrain 99 Joer laang notzen dierf, an dat zum Präis vu 25.000 Euro/Joer. Laut dem Henri Rinnen géif d‘Gemeng zousätzlech, all Joer 50.000 Euro Ausgaben aspueren.

Fir de Vincent Geiben a seng Matstreider géif et awer am Notairesakt eng ganz Rëtsch Passagen, déi op „virsätzleche Bedruch“ hiweisen. Den Akt war trotz dem Widderstand vum Vincent Geiben, Danièle Reuland an Ambroise Reuland, gestëmmt ginn. De 27. November 2019 ass dem belsche Promoteur d‘Baugeneemegung zougestallt ginn, déi schonn de 26. Oktober ënnerschriwwe gouf.

Firwat den Delai? Laut der Erklärung vum Buergermeeschter, well een nach op de Goss vum neie Geschäftspartner gewaart huet. Tatsächlech verhält et sech esou, datt bei esou engem Projet eng Tax ufält an de Promoteur och eng sougenannt „Fäerdegsstellungsgarantie“ muss virleeën. An elo wou d‘Baugeneemegung eraus ass, hunn d‘Bierger bis den 28. Februar Zäit fir ee Recours anzeleeden.

Fir de Pol Holweck, President vun der Biergerinitiativ déi sech géint d‘Installatioun vum Suneo Park opgestallt huet, ass dat alles eng grouss Sauerei, firwat all rechtlech Mëttel géint dëse Projet wäerte genotzt ginn. Kuerz viru Silvester hat dësen sech beschwéiert, datt hien zanter dräi Wochen op eng Entrevue an d‘Virlag vun den definitive Pläng géif waarden. D‘Gemeng awer „mauert“.

De leschte Stand

Wéi et elo säitens der Biergerinitiativ heescht, huet dës Vereenegung Mëtt Dezember Post vum Inneministère zougestallt kritt. Doranner heescht et, dat no Analys vun den Doleancen déi et zum genannte Projet „Suneo Park“ ginn huet, een tatsächlech eng Rei Verstéiss géint d‘Bautereglement festgestallt hätt an esou wéi et d‘Gesetz verlaangt, dem Parquet den Dossier weidergeleet huet.

Am Bréif huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) nach drop higewisen, datt et bei der Enquête déi de Parquet elo muss ophuelen, net eleng ëm den ominéise Projet vun der Lamy Grupp goe géif. Vun der Enquête ass och den Immobiliëprojet zu Beeler (Bürosgebai mat Festsall) betraff.

Wäisswampech

Zur Argumentatioun: De Buergermeeschter vu Wäisswampech hätt d‘Baugeneemegung fir de Lamy Projet ausgestallt, nach iert hien déi gesetzlech virgesinn Infrastrukturtax an Héicht vun 80.000 Euro agesäckelt huet. Dat erkläert dann och firwat sech d‘Gemengeverwaltung eppes „Zäit gelooss huet“ iert d‘Baugeneemegung um Postwee dem Promoteur zougeschéckt ginn ass.

Wat den Dossier vu Beeler betrëfft, esou sinn se do am Inneministère och der Saach nogaangen. D‘Biergerinitiativ hat hei monéiert, datt Appartementer an der Gréngzon sollten entstoen. Hei hat de Buergermeeschter, nodeems de Pol Holweck a seng Leit d‘Pläng wollten agesinn, d‘Geneemegung zréckgezunn. Si wollten d‘Pläng trotzdeem gesinn, wat hinne schrëftlech verweigert ginn ass.

WäisswampechElo geréit de Baron vu Wäisswampech ëmmer méi ënner Drock an och nach an Erklärungsnout. Vum 100,7 op eng Stellungnam ugesprach, huet hie sech eng Äntwert erspuert, dat mam Argument, datt hien nach net vum Parquet kontaktéiert gi wier, firwat hien net wéisst „ëm wat et géif goen“ an hien deemno och net Stellung zu de genannte Virwërf kéint bezéien. Et bleift also spannend…

Foto: Bei der Buvette um Séi steet een grousse Panneau. Dee steet illegal do. De Groupe Lamy huet keng „permission de voirie!“. Muss een dorausser schlussfolgeren, dat och aner Geneemegungen net wäerten ugefrot ginn, oder ass den Investor esou naiv net ze wësse wei Lëtzebuerger Gesetzer funktionéieren! (16. August © Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich)

Ähnlech Sujeten Baugeneemegung, Beeler, Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, Henri Rinnen, Inneministère, Lamy Group, Parquet, Pol Holweck, Suneo Park, Vincent Geiben, Wäisswampech
Nächsten Artikel Virrechten Artikel