Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?
Neiegkeeten

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

Zwee Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen hu ronn 500 Migranten aus dem

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden
Neiegkeeten

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden

De Suchtverband Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der UNI-Lëtzebuerg, huet

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)
Neiegkeeten

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)

Et muss een sech net mat engem Sticker, T-Shirt oder

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell virwëtzeg genuch fir selwer Hand unzeleeën? Ma e Freideg den 3. Mee gëtt zu Esch-Uelzecht am Ellergronn kann e sech un enger Initiatioun bedeelegen.

Heibäi geet et ëm eng Aart Grondausbildung, an den Thema vum Dag bezitt sech ganz kloer drop: „Wéi léiert e schmidden? Wat sinn déi verschidden Techniken?“. Mir schwätzen also vun enger „Formatioun“, wat dann och erkläert firwat, dësen Evenement vu moies 9 bis nomëttes 16 Auer stattfënnt.

No enger theoretescher Aféierung an de Sujet, kréien d‘Participanten och um „Objet“ gewise wéi schmidde geet. Wie gutt opgepasst huet a sech zoutraut selwer Hand unzeleeën, dierf uschléissend säin eegent „Meeschterstéck“ zesummenzwaffen.

Schmadd

David Pöge /Pixabay

Aus dësem Grond – ausser et ass ee sech sécher nëmme mat den Aen ze schaffen – ass ee gutt beroden sech dem Event ugepasst ze kleeden. Gerode gëtt Saachen aus Kotteng unzedoen, och zolidd Schaffschong sinn hei net vu Muttwëll. Natierlech dierf beim schmidden net op Händsche verzicht ginn. Déi sollte „mindestens“ feierfest sinn.

Hale mir nach fest, datt dësen Atelier den Erwuessenen (ab 18 Joer) virbehalen ass, an et 50 Euro kascht fir deelzehuelen. D‘Verkéierssprooche sinn: lëtzebuergesch an däitsch. Umelle muss ee sech natierlech och (bis spéitstens den 2. Mee), datt per Telefon um 265442 oder via e-Mail un ellergronn@anf.etat.lu

Foto: Sabine Schulte /Pixabay

Ähnlech Sujeten ANF, Ellergronn, Esch-Uelzecht, Schmadd
Nächsten Artikel Virrechten Artikel