Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hëllef! Mir hunn eis verlaf! Weess du, wou mer dru sinn?
Neiegkeeten

Hëllef! Mir hunn eis verlaf! Weess du, wou mer dru sinn?

D’Land ass dann awer méi grouss, wéi een heiansdo mengt.

Wéi gutt kenns du Veianen?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Veianen?

Et gëtt kaum eng Stad am Land, déi esou beléift

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung
Neiegkeeten

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung

Bei grousse gesellschaftlechen Entscheedungen, ginn an der Schwäiz d‘Bierger ëm

De beruffleche Reklassement

Fir eng punktuell a rapider Upassung vum Gesetz, virun enger echter an déifgräifender Reform vum Dispositiv

De beruffleche Reklassement

Den 12. November war eng Delegatioun vum OGBL ënnert der Leedung vum Carlos Pereira vum Aarbechtsminister Dan Kersch empfaange ginn. Bei dëser Entrevue ass et drëms gaangen sech zu de Problemer, déi nach ëmmer vill ze vill Salariéeën am Kontext vum Gesetz vum beruffleche Reklassement hunn.

D‘Gewerkschaft an de Minister hu sech dann och drop verstännegt, datt eng déifgräifend Reform vum Gesetz zum beruffleche Reklassement noutwenneg ass. Dësen Dispositiv deen 2002 agefouert gouf an schonn e puer Reforme materlieft huet, verbiergt nach ëmmer eng ganz Rei wichteg Problemer. Dat féiert dozou, datt vill Salariéeën och weiderhin d‘Käschte vun den Defaillancen am Gesetz ze droen hunn.

Esou kann et och net ugoen, datt ee sech eng weider hallefhäerzeg Reform leescht. Elo misst et zu de komplexe Schwieregkeeten déi bestinn endlech zefriddestellend Léisunge ginn. De Minister an den OGBL sinn sech dann och eens ginn, datt et zu enger richteger a virun allem ëmfaassender Reform vum Dispositiv „Reklassement“ komme muss. Woubäi d‘Revendicatioun u sech net nei ass an et héich Zäit gëtt, datt eppes geschitt.

Natierlech huet de Carlos Pereira a seng Ekipp och d‘Revendicatioune vum OGBL un de Minister weidergereecht. Si géifen zudeem gären an de Prozess vun der Gesetz-Elaboratioun agebonne ginn. Eng Fuerderung där den Dan Kersch gewëllt ass Rechnung ze droen. Elo ass dann och gewosst, datt esou eng déifgräifend Reform sech net iwwer Nuecht bewierkstellege léisst. Elo gëtt et allerdéngs Salariéeën, déi esoulaang net waarde kënnen.

Fir déi Leit wou aktuell an engem interne Reklassement sinn, bedeit et wiesentlech manner an der Pai ze hunn, wat um Berechnungsmodus vun der kompensatorescher Indemnitéit – déi vun der ADEM iwwerwise gëtt – geleeën, esoubal wéi d‘Aarbechtszäit erofgesat gëtt. Hei muss een och wëssen, datt déi Persounen am Reklassement, net vun de Verbesserunge profitéieren, déi hir Gewerkschaft am Kontext vun engem Kollektivvertrag ausgehandelt huet.

Dat besonnesch dann, wann de Kollektivvertrag effektiv gëtt, nodeems si an de Reklassement gesat ginn. An deem Fall huet d‘Lounerhéijung déi effektiv vum Patron bezuelt gëtt, kee positiven Impakt op dat finaalt Akommes vum reklasséierte Salarié, vu datt déi automatesch vun der Kompensatioun déi d‘ADEM iwwerweist ofgezu gëtt. Dat ass eng zolidd Ongerechtegkeet an et ka sech ugoen, datt et de Salarié ass, deen hei bei d‘Lisette gelooss gëtt.

An dësem Zesummenhang hunn sech d‘Gewerkschaftsvertrieder an de Minister drop verstännegt, datt een de legislative Prozess zum Gesetzprojet, deen nach vum Nicolas Schmitt elaboréiert gouf, an wou notamment och dës diskriminatoresch Mesure soll beendegt ginn. A wann et richteg ass, datt dëse Projet net perfekt ass, esou kéint et awer kuerzfristeg eng Léisung fir d‘Salariéeë bedeiten, zumindest bis déi richteg Reform virläit.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, Carlos Pereira, Dan Kersch, OGBL, Reform, Reklassement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel