Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?
Neiegkeeten

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?

Literatur ass eist Portal an aner Welten, aner Zäiten a

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem
Neiegkeeten

GouvAlert.lu – Presentatioun vum Warnungs- an Informatiounssystem

Gëschter huet den Inneminister Dan Kersch d’Applikatioun GouvAlert.lu virgestallt. Duerch

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!
Neiegkeeten

„Die Ladenhüterin“ weist eng komplett aner Perspektiv op d’Gesellschaft an ass dobäi witzeg!

Et ginn Tonne Bicher op der Welt. Esou verwonnert et

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?

Um Méindeg war et e schéinen Dag fir d‘Gastronomen a besonnesch fir d‘Acteuren aus der Kichen. Gault & Millau, den Editeur vum gastronomesche Guide mam selwechten Numm, huet d‘Laureaten an déi numeresch Ausgab vum Lëtzebuerger Guide 2018 virgestallt.

De Guide gëtt et och a gedréckter Form, mee hei muss nach d‘Virstellung an der Belsch ofgewaart ginn. Erhältlech sollt de Guide dann ab dem 14 November sinn. D‘Geleeënheet ass dann awer vun der Redaktioun genotzt ginn, fir den iwwerschaffen Internetsite an d‘App (gratis) ze presentéieren.

Um Site a mat der App sinn déi quotéiert Restaurante vum Guide zougänglech. Eng liicht verständlech Navigatioun sollt et all „Gurmang“ einfach maachen den Etablissement vu sengem Choix ze fannen. All Restaurant ass hei nämlech och mat senge Geolokalisatioun-Date gelëscht.

En kann nëmmen „ee“ ginn

Et waren dann och eng ganz Rëtsch Restaurateuren a Journalisten der Aluedung nokomm, fir gewuer ze ginn, wiem da schlussendlech d‘Kroun géif opgesat ginn. Wéi gewinnt haten sech d‘Inspektere vum Guide net erkenne gelooss an esou konnt d‘Spannung nach e ganze Moment ugehale ginn.

Chef

De beschte Kach ass de Yann Castano aus dem „Oro & Argento“ © Gault & Millau, Luxembourg

Mee iergendwann muss een et jo dann awer bekannt ginn. A wat een dann och dierf op dëser Plaz soen, datt de Choix, dem Yann Castano vum Restaurant „Oro & Argento“ am Hotel Sofitel (Kierchbierg), einfach gelleg getraff ass. E jonke kreative Kach deem wuel nach vill schéi Jore bevirstinn, huet sech seng Auszeechnung éierlech verdéngt.

Gutt ass ëmmer besser, an do sollt een dann och net vergiessen, datt et nach Laureate ginn huet. Quitt datt den éischte Präis scho vergi war, esou hunn sech awer nach ee puer Leit eng Auszeechnung verdéngt: d‘Estelle Sidoni aus der „Maison Lefevre“ zu Esch Uelzecht, ass als Hostesse vum Joer ausgezeechent ginn.

Gutt Aarbecht bezilt sech ëmmer aus

Fir de Fernando Andreu aus dem Restaurant „Bosque Fevi“ ass et den Titel „Mediterrane Chef vum Joer“ ginn an den Matthieu Vanwetteren aus der „Apdikt“ konnt als „Entdeckung vum Joer“ gefeiert ginn.

E besonneschen Hommage wollt d‘Redaktioun vum Gault & Millau dann och emol enger Perséinlechkeet zoukomme loossen, déi fir gewinnt éischter an de Kulisse vun der héijer Gastronomie ënnerwee ass. Eng Persoun, déi zur gastronomescher Entwécklung zu Lëtzebuerg bäigedroen huet.

Rieds ass hei vum Sandrine Pigeon (Paniers de Sandrine) eng Geméishändlerin, déi duerch d‘Qualitéit vu senger Aarbecht an den ugebuedene Produiten, d‘Vertraue vun de grousse Käch zu Lëtzebuerg gewonnen huet. Eng Besonnesch Auszeechnung also, déi dann awer genee esou verdéngt ass wéi all déi aner.

mam Philippe Limbourg

Foto: (v.r.n.l.) Matthieu Vanwetteren, Yann Castano, Sandrine Pigeon, Estelle Sidoni an Fernando Andreu © Gault & Millau, Luxembourg

Ähnlech Sujeten Gastronomie, Gault & Millau, Kachen, Yann Castano
Nächsten Artikel Virrechten Artikel