Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit
Neiegkeeten

Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit

Déi korsesch Nationaliste Gilles Simeoni an Jean-Guy Talamoni hunn um

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht
Neiegkeeten

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun –

Dem Trump seng Reaktioun op d‘Rakéite vun Teheran
Neiegkeeten

Dem Trump seng Reaktioun op d‘Rakéite vun Teheran

De „Commander in Chief“ Donald Trump, dee mat sengem „order

De Biber: groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit

De Biber: groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit

Nodeems de Biber (Castor fiber) am verlaf vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg ausgerott ginn ass, kann ee sech doriwwer erfreeën, datt dëse groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit sech nees an eisem Ländche wuelfillt.

Esou kann een dem Biber haaptsächlech am Norde vum Land begéinen. A wéi et dann ausgesäit, wann dësen sech wuelfillt, dat hunn eis d‘Mataarbechter vun der ANF (Administratioun vun der Natur an de Bëscher) an der Stauséigemeng zu Béiwen androcksvoll gewisen.

Biber

(v.l.n.r.) Jan Herr (ANF), Claude Turmes (Staatssekretär), Laurent Schley (ANF) © Martine de Lagardère/moien.lu

Zesumme mam Jan Herr, dem Laurent Schley an dem Staatssekretär Claude Turmes, esou wéi wieder Mataarbechter vun der ANF, ware mir op der Plaz, wou eis nieft vill Wëssenswäertem zum Biber, och den Aktioun- a Gestiounsplang zu dësem wonnerlechen Déier virgestallt ginn ass.

Geschützt a wierklech nëtzlech

De Claude Turmes (déi gréng) war dann och voller Luef fir de Biber, deen hien als „Partner“ beim Naturschutz begréisst. Esou dréit de Biber a vill e Beräicher zu méi Biodiversitéit bäi, ass ganz nëtzlech am Fall vun Héichwaasser – wëll hie mat senger Buerg, en natierlecht Réckhaltebecke schaaft – an dat ganzt ouni och nëmmen e Wak dofir ze verlaangen.

Fir de Staatssekretär ass et wichteg an dësem Kontext, net nëmmen op all déi Virdeeler anzegoen, déi de Biber mat senger Presenz bitt. Well de Biber duerch de Bau vu den Buergen, och an deem engen oder anere Fall kann zu engem Problem ginn, wier et wichteg méiglech Konflikter ze antizipéieren. Déi kënnen entstoe wann ee Feld iwwerschwemmt, oder Beem ugeknabbert ginn.

Biber

Wann et mat de Grieser am Hiecht op en Enn geet, da muss och alt emol e Beemche fir d‘Ernierung vun dësem Strikt vegetareschen Ëmweltschützer hierhalen. © Martine de Lagardère/moien.lu

A well de Landwirt an/oder de Bëschbesëtzer och Rechter huet, et sech een et mat hinnen net verdierwe wëll, ass nieft dem Dialog, och e System vun Entschiedegung a Berodung geschafe ginn. Eng Mesure, vun där och de Privatmann profitéiert. Deen dierf, de Fall gesat e Biber fënnt u sengem Grondstéck gefalen, och mat der ANF un enger „Léisung“ schaffen.

D‘ANF huet wierklech „e Plang“

Fir dem Biber déi Fräiraim ze erméiglechen déi him zoustinn, ass säit 2017 un engem Aktioun- Gestiounsplang getüftelt ginn. Dat ganzt ass net eesäiteg oder vun „uewen erof“ vun der ANF gemaach ginn. Nee, hei ass enk mat alle concernéierten Acteuren (Waasserwirtschaftsamt – Ëmweltverbänn – Landwirt – Fëscher a Jeeër – an der CFL) zesummegeschafft ginn.

De Plang identifizéiert dann och net nëmmen d‘Chancen déi sech aus der Usiidlung vum Biber erginn, mee och déi sëllechen Erausfuerderungen déi op een duer kommen. Zil vum Dokument ass et proaktiv Approche virzeschloen, an esou d‘Koexistenz tëscht Mënsch a Biber ze erliichteren. Dat am Interessi vum erhale vun der Spezies „Biber“ an den Ökosystemer déi hie bewunnt.

Hei stellt de Jan Herr dann och nach fest, datt emol ganz dovunner ofgesinn, datt een de Biber net joen oder soss mësshandelen dierf, dëse ganz aktive Vegetarier (zumindest fir d‘Ëmwelt) nëmme Virdeeler mat sech bréngt. Hie schaaft Habitate fir eng Abberzuel un Déieren, Insekten a Planzen, wann hien deen een oder anere Bam ëmleet a Wiere baut. Hien ass de Garant vun der Biodiversitéit.

Renaturéierung vun eise Baachen

E vun den ersiichtleche Virdeeler, och wann ee sech elo net direkt mam Biber befaasst huet: de groussen Architekt dynamiséiert, do wien sech néiergelooss huet, och d‘Baachen a kleng Waasserleef. Hien dréit duerch seng „Aarbecht“ zu Renaturéierung bäi, a wëll dofir eigentlech just a rou gelooss ginn. An dat ass dann och nëmmen ee vu ville Beispiller…

Mat senger Buerg, déi wéi eng Staumauer funktionéiert, hält de Biber net nëmmen d‘Waasser op, nee och wichteg Sedimenter ginn zréckgehalen. Seng Konstruktiounen ersetze wuel keng Kläranlag mee et kann e Verglach gezu ginn. Sécher ass zumindest, datt de Biber e staarken Alliéierten ass, am Kader vun den Objektiver déi an den EU-Direktive fir Natur- a Waasserschutz festgeluecht goufen.

Biber

De Laurent Schley vun der ANF huet eis um Beispill vum Biber senger Buerg an der Béiwener Baach erkläert, wéi a wat dësen „ominéisen“ Architekt undreift. © Martine de Lagardère/moien.lu

All dës ganz positiv Säiten dierfen net doriwwer ewechtäuschen, datt et vereenzelt kann zum Sträit mam „Mënsch“ kommen. Hei sinn an éischter d‘Linn d‘Awunner an d‘Exploitante vu Lännereien, déi un engem Waasserlaf geleeën si, betraff. Esou kann et virkommen, datt de Biber der Offer vu Geméis am Gaart oder dem Mais um Feld, net widderstoe kann. A wie sollt et him verdenken.

Grad esou ass et mat de Beem, där hir Schuel engersäits, an d‘Baamspëtzten anersäits, zu sengem „Menü“ gehéieren. An esou e Bam ass wichteg fir d‘Bau vun der Buerg, och wann de Biber sech hei vu Geäscht bedéngt, awer eben net nëmmen. Kënnt et zum äussersten, soll ee net aus der Haut fueren. En Appell bei der ANF, déi de Schued feststellt, a scho sollt een dierfen entschiedegt ginn.

Ähnlech Sujeten Aktiounsplang, ANF, Biber, Claude Turmes, Jan Herr, Laurent Schley
Nächsten Artikel Virrechten Artikel