Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG
Kultur Neiegkeeten

HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG

HITEC Lëtzebuerg S.A. gëtt bekannt, datt de Produktportfolio fir Préifapparater

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile
Kultur Neiegkeeten

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile

E Samschdeg, den 23. November organiséiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL)

surprise
De Reen ass déi gréisste Gefor fir eis all an dëser neier Serie
Kultur Neiegkeeten

De Reen ass déi gréisste Gefor fir eis all an dëser neier Serie

The Rain ass déi éischt dänesch Produktioun vun Netflix. An

De Bichergeck – eng kleng Virstellung

De Bichergeck – eng kleng Virstellung

Wann ech an engem Molbuch krozelen, molen ech iwwert de Stréch. Ech kann allerdéngs behaapten, dass et fir ee Männchen, eng Sonn, eng Blumm an e Bam duergeet.

Bitzen ass net menges a fir d’Bastele feelt mir d’Gedold. Ech ka kachen, mä ech si kee Jamie Oliver a kee Lea Linster. A wann ech sangen, fänkt et u mat donneren, ech ka mol net mam Kapp an engem Rhythmus wackelen. Talentfräi, géif ee bal soen – awer just bal. Ech ka liesen a schreiwen!

BichergeckA menger Kandheet hunn ech Spillplaze gemidden, ech sinn op keng Beem geklommen, an d’Sandkëscht hunn ech gehaasst. Dofir war ech mat eppes anerem bewaffent – mat Wierder. Mech huet een ëmmer liese gesinn, ech hunn et genoss an aner Welten ze tauchen.

A wann ech mol kee Buch am Grapp hat, war ech mat Pabeier a Bic ënnerwee, ech hunn och selwer Geschichte geschriwwen. Et kann ee scho bal soen, dass dee Begrëff „Bichergeck“ mir an d’Wéi geluecht gouf, ech kennen et net aneschter.

Eng Welt aus Pabeier

Zwanzeg Joer dono huet sech net vill geännert – ausser dass ech mir d’Bicher selwer muss kafen. Et gëtt kee Kleeschen an och keen Ouschterhues méi, dee mir se bréngen …

Virun e puer Joer hunn ech festgestallt, dass d’Liese mir nach vill méi Freed bréngt, wann ech meng Andréck mat anere Lieser deelen – dofir hunn ech d’Facebooksäit „De Bichergeck“ gegrënnt, ech war nawell zimlech iwwert de positive Feedback an dee grousse Succès iwwerrascht.

Ech sinn ee séiere Lieser, fir ee Buch brauch ech ongeféier zwou, dräi Stonnen – mäi Bicherregal wiisst zimlech onkontrolléiert, a meng Wonschlëscht gëtt och ëmmer méi grouss. Et ass een Däiwelskrees.

Bicher si Schätz, bei mir hu se ee gutt Doheem, ech krozelen net dran, Ieselsouere sinn tabu an ech probéieren hinnen net de Réck ze briechen – also net ze dacks. Leider hunn ech een Elefantegedächtnis, wann ech no e puer Joer de „Klappentext“ vun engem Buch liesen, kéint ech Iech souguer dann nach ee Resumé driwwer schreiwen.

Da mécht et kee Spaass e Buch zweemol ze liesen. An do sti se dann, een nieft deem aneren, der Gréisst no sortéiert a langweilen sech … Dat kann ech hinnen dach net undoen! Dowéinst huet et virun e puer Wochen *Klick* bei mir gemaach – eigentlech ass et just Materialismus.

Eng richtungsweisend Entscheedung

An du koum mir eng fantastesch Iddi … Ech verkafe meng Bicher 2Hand. Allerdéngs verkafen ech se net ewéi üblech, ech maache Virwëtztuten a Këschten doraus – well ganz éierlech, mir loossen eis gären iwwerraschen, et ass jo och flott, mol eppes anescht an der Boîte ze hunn, ewéi Reklammen a Rechnungen.

BichergeckMeng Tute sinn esou gutt bei de Lieser ukomm, dass ech deen nächste Schratt gewot hunn – ech hu mech an der Handelskummer ugemellt. An zanter e puer Deeg sinn ech ganz houfreg am Besëtz vu menger Handelsermächtegung, mäi Kapp platzt vru lauter Iddien – déi wäert ech Iech eemol de Mount op moien.lu virstellen.

An de Virwëtztute sinn gutt erhalen 2Hand-Bicher, et befannen sech och Gadgeten dran, ech gi mir Méi, d’Tuten ofwiesslungsräich ze gestalten. An hei fannt Dir een Iwwerbléck:

Sollt Dir Froen, Iddien a Virschléi hunn, kënnt Dir mech gären uschreiwen!

Ech wënschen Iech nach ganz vill, schéi Liesstonnen!

Äert Jessica, de Bichergeck

Fotoen: © Jessica Mersch/de Bichergeck

Ähnlech Sujeten Bicher, de Bichergeck, Jessica Mersch, Second Hand, Virwëtztuten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel