Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rousegäertchen: Feier am ënnerierdesche Parking!
https://moien.lu/can-you-use-radiometric-dating-of-igneous-rocks/ https://moien.lu/sartaj-gill-dating/

https://moien.lu/dating-eesti-keeles/

Gëschter huet beim CGDIS den Telefon net ze mann geschellt.

best online dating for artists
https://moien.lu/can-you-use-radiometric-dating-of-igneous-rocks/ https://moien.lu/sartaj-gill-dating/

ECOlogique – Präisiwwerreechung vum Gewënnspill

Leschte Mëttwoch kruten déi glécklech Gewënner vum Concours „ECOlogique“ ee

OPGEPASST: Glas am Schockelaspudding vu Söbbeke!
https://moien.lu/can-you-use-radiometric-dating-of-igneous-rocks/ https://moien.lu/sartaj-gill-dating/

OPGEPASST: Glas am Schockelaspudding vu Söbbeke!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Produit „Söbbeke Bio

De CDJ Éiter-Schraasseg Asbl presentéiert „De Bopa léisst et kraachen“

De CDJ Éiter-Schraasseg Asbl presentéiert „De Bopa léisst et kraachen“

No enger kreativer Paus vun engem Joer stinn d’Acteure vum CDJ Éiter-Schraasseg nees op der Bühn, dëst Joer mat der Komedie “De Bopa léisst et kraachen” vum Rüdiger Kramer, iwwersat vum Roby Zenner. Regie féieren de Claude Schmit an d’Lynn Zovilé.

De Bopa Backes huet zwee Jongen, de Pierre an de Paul. Well de Bop am Rollstull de ganzen Dag versuergt muss ginn, probéieren déi zwee Jongen, eng Aide-Soignante iwwer Internet ze fannen. Zum Ongléck ginn d’Demanden awer eng Kéier un eng richteg Agence an eemol un eng naja… hallefseriö Agence.

Ab deem Moment geet et drënner an driwwer. E bemol steet d’Elena virun der Dier, eng super sexy Fra, déi eigentlech fir eppes anescht komm ass, wéi en alen Här ze soignéieren. Fir awer kënnen zu Lëtzebuerg ze bleiwen, mécht si d’Spill mat an d’Männer am Haus sinn natierlech begeeschtert. Et hat awer kee méi mam Paula, enger echter Aide-soignante gerechent, e richtegen Draach. Si wëll d’Plaz natierlech och hunn, mä de Bopa wëll natierlech seng sexy Fleegerin behalen… Wéi dunn nach d’Mafia an d’Police an d’Spill komme léisst de Bopa et definitiv richteg kraachen!

„De Bopa léisst et kraachen“

Weider Informatiounen

D’Kaméidistéck „De Bopa léisst et kraachen“ gëtt u véier Owender am Centre Culturel zu Éiter opgefouert. U folgenden Datumerkënnt Dir mat dobäi sinn:

  • Samschdes, den 2. November um 20:00 Auer
  • Sonndes, den 3. November um 19:00 Auer
  • Samschdes, den 9. November um 20:00 Auer
  • Sonndes, den 10. November um 17:00 Auer

D’Entrée kascht 10 € fir Erwuessener a 7 € fir Kanner (Reservatioun ënnert der Telefonsnummer 621 470 498 oder 621 194 628).

Ähnlech Sujeten "De Bopa léisst et kraachen", CDJ Éiter-Schraasseg, Komedie, Lynn Zovilé, Roby Zenner, Theater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel