Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling
best online dating in usa

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling

Déi gréng a blo Tonn, wéi och déi blo Tut

nigerian singles black dating
https://moien.lu/s-dating-sites/
best online dating in usa

Quiz: Wéi gutt kennt dir d’lëtzebuergesch Filmindustrie?

Ee Fakelzuch fir d’Mënscherechter
best online dating in usa

Ee Fakelzuch fir d’Mënscherechter

Den 10. Dezember gëtt nees den Internationalen Dag vun de

De Bréifdréier virum Ausstierwe retten!

De Bréifdréier virum Ausstierwe retten!

Um vergaangene Samschdeg huet d’Bréifdréieschgewerkschaft op hire Kongress invitéiert. Mat dobäi waren divers Éieregäscht, sou wéi beispillsweis de Romain Wolff, President vun der CGFP, sou wéi den CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger an den Éierepresident Eugène Kirsch, déi besonnesch ervir gehuewe gi sinn.

Um Programm vum Mëtteg stoungen op éischter Plaz d’Neiwahlen, woubäi de President Raymond Juchem virun allem den Delegéierten an dem Comité vun der Pensionéertesektioun ee grousse Merci ausgesprach huet fir d’Ënnerstëtzung vun de leschte 4 Joer. Natierlech duerften heibäi awer och déi vill Bréifdréier net vergiess ginn, déi et sécherlech net ëmmer einfach hunn.

Vill Asaz an de leschte 4 Joer

Et kann een dem Comité definitiv net virwerfen, datt si an de vergaangene Joren net all hir Beméiungen den Aarbechtskonditioune vun de Bréifdréier zougewent hunn. Esou kann ee beispillsweis folgend Punkten ervir hiewen:

  • 1.400 Entrevuen/Reunioune sinn a 4 Joer organiséiert ginn
  • D’Zeitung „De Bréifdréier“, déi vun nëmmen 3 Persoune realiséiert gëtt an als Sproochrouer vun der Gewerkschaft gëllt.
  • De Strategiedossier vum Mäerz 2018, den mat immense Verschlechterunge vun den Aarbechtskonditioune verbonne wier, konnt zeréckgezu ginn.
  • Onofhängeg vum Statut kréien d’Bréifdréier 10 Formatiounsdeeg bäi
  • D’Zoumaache vu Postbüroe konnt gestoppt ginn.
  • Eng zukünfteg Erhéijung vum Salaire duerch d’Direktioun.
  • De Service Universel gëtt an der aktueller Form bäibehalen
  • D’Aféierung vun engem Compte Épargne am ëffentleche Secteur, wouduerch Iwwerstonnen endlech bezuelt ginn.
  • D’Iessenszoulag ass am Januar 2017 vun 110€ op 114€ eropgesat ginn, an elo rezent op 204€ erhéicht ginn.

An dësem Kader konnt sech och emol Loft gemaach ginn, wëll ëmmer ëfters d’Gewerkschafte fir d’Onzefriddenheet vum Personal responsabel gemaach ginn. Dobäi sollt ee sech – esou de Raymond Juchem – d’Fro stellen, ob d’Gewerkschaft oder d’Direktiounen trëfft, déi zur Onzefriddenheet féieren. Mam Sproch „Dir maacht jo guer näischt“ hätt een d’Aufgab vun enger Gewerkschaft sécher falsch verstanen, woubäi si leider net déijéineg sinn, déi a Betriber d’Decisiounen treffen a sech bei der Direktioun mat Iddien duerchsetze mussen.

Donieft ass zum Thema komm, datt d’Bréifdréieschgewerkschaft ganz kloer géint d’Strategie Réseau-Vente an d’Zoumaache vu Postbüroen ass. Déi alternative Poststellen, déi sech beispillsweis op Tankstellen, a Bäckereien oder am Cactus befannen, sinn eng schlecht Alternativ zu den normale Postbüroen, wou kompetent a forméiert Guichets-Leit setzen an divers Leeschtungen ubidden.

bréifdréier

D’Ausstierwe vum Bréifdréier

Ënnert anerem ass och diskutéiert ginn, ob de Bréifdréier net méi all Dag soll d’Post bréngen. Hei ass d’Gewerkschaft kloer dogéint an huet d’Direktioun virun hir Responsabilitéit gestallt. Sollt dëse Punkt duerchgesat ginn, esou hätt dës Decisioun ee groussen Impakt op d’Aarbechtskonditiounen an d’Aarbechtszäiten, sou wéi op d’Zuel vun den Aarbechtsplazen. An dësem Fall hate sech all d’Parteien dogéint ausgeschwat, wouduerch de Bréifdréier an Zukunft awer nach 5 Mol d’Woch Post brénge wäert!

Och bei den Neiverhandlunge vum Kollektivvertrag sollt eppes fir de Bréifdréier am Salariatsstatut eraussprangen. D’Differenz tëscht de Lounkategorien ass nämlech mëttlerweil nach méi grouss ginn, wouduerch verschidde Salariéen net vun de selwechte Leeschtunge profitéiere kënnen, wéi anerer.

Déi katastrophal niddreg Léin vum Bréifdréier sollen dann och een Impakt op d’Qualitéit vum Service hunn. D’Post fënnt net genuch Personal, wat den Erausfuerderunge gewuess ass. Ënnert anerem huet hei den haaptsächleche Rekrutement iwwert d’ADEM sech als éischter negativ erausgestallt an zum Problem bäigedroen.

Hëllef vum Härebierg?

An dësem schwierege Fall huet d’Gewerkschaft sech un de Verdeedegungsminister François Bausch gewend, deen ee Rekrutement iwwert den Härebierg nees aféiere sollt. Fréier soll de Bréifdréier nämlech ausschliisslech iwwert de militäreschen Déngscht agestallt gi sinn, wat elo och nees als berufflech Perspektiv fir den Zaldot agefouert sollt ginn. Heibäi waarden si awer nach op eng Äntwert ob de Bréif vum 9. Januar.

Mat den aktuelle Salaireskonditiounen vun den neie Bréifdréier bei der Post ass et onméiglech fir hei am Land eng Famill ze ënnerhalen oder sech eng Wunnecht ze finanzéieren. Dofir muss d’Neioplag vum Kollektivvertrag derzou féieren, dass d’Léin vun de neie Bréifdréier elo e gudde Krack erop gesat ginn. Wann een also d’Qualitéit vun der Distributioun erëm op de fréiere Niveau wëll bréngen, dann ass eng Lounerhéijhung en absolute Must, an et wier en éischte wichtege Schratt fir eng Verbesserung vun der aktueller Situatioun.

Den Däiwelskrees schléisst sech elo domatt, datt ee Manktem u Personal virherrscht, an dofir oft duebel Touren gemaach musse ginn. Dës Iwwerstonnen, a Kombinatioun mam niddrege Loun bréngt vill Leit dozou, nees hirer Wee ze goen an ze kënnegen. Oft waren esou vill Aarbechten net méi ze meeschteren an Touren si leie bliwwen.

D’Post ass eng Entreprise Publique, déi eng Déngschtleeschtung am Intressi vun den Bierger ze garantéieren huet, an deemno muss si garantéieren, datt dëse Service, fir deen d’Leit jo bezuelen, esou ausgeféiert gëtt, dass si dermat zefridde sinn. Dat geet nëmme mat genuch Personal! Et geet hei net drëms, datt hir Leit guer keng Iwwerstonne wéilte maachen, mee ëm dié aktuell Situatioun, déi der Qualitéit schuet an d’Personal demotivéiert. De Staat an den zoustännege Minister stinn do direkt an der Responsabilitéit.

Och de Minister Etienne Schneider ass kontaktéiert ginn, leider mat wéineg Erfolleg. D’Gewerkschaft seet dozou Folgendes: „ Hien ass net nëmmen de Minister vun der Direktioun, mee och vun de Leit, déi bei der Post schaffen. Wéi schreift den Etienne Schneider an enger offizieller Äntwert op eng question parlemantaire, a wou ech awer emol dovunn ausginn, dass een aparti als Minister dach bei der Wourecht sollt bleiwen?

Wat d’duebele Tourneeën ubelaangt, do géif et kee „recours systematique“ ginn, an et wier nëmmen an exeptionelle Fäll, wou dës duebel Tourneeë gemeet géife ginn. Hien äntwert dann och, dass d’Post déi alldeeglech Distributioun géif garantéieren, esou wi d’Bestëmmunge vum Gesetz iwwert de Service universel et géif virgesinn. Lieft den Här Schneider eventuell um Mound, well e Space Mining-Minister ass?

Well vill Tourneeën sinn d’lescht Joer net méi all Dag gemeet ginn, a bei no un 2.000 duebel Tourneeën am Joer 2018 waren d’Bréifdréier bal 8.000 mol concernéiert fir an Iwwerstonnen ze goen, an dat bei pluminus 250 Schaffdeeg! Et ass méi wéi fragwürdeg, wat hien do schreift, a schonn virun 2 Joer hate mir him dat no senger 1 Äntwert op eng question parlemenataire gesot. Deemols huet en sech nämlech bei eis fir seng net aussokräfteg Prozentrechnungen entschëllegt. An elo erëm dat selwecht, just dass d’Situatioun nach méi schlëmm ginn ass, an da kënnt erëm esou eng Äntwert.“

Eng wuessend Bevëlkerung ass mat méi Aarbecht verbonnen

Nieft der genereller Post dierf een d’Päck net vergiessen! Schonn eleng den Tri vun alle Päck ass mat Handaarbecht verbonnen, woubäi een da spéitstens beim Ausliwwere komplett iwwerlaascht ass. Eng wuessend Populatioun kritt natierlech och méi Post a bestellt och deementspriechend méi Objeten. Hei wire mir dann nees beim Aspekt vum Manktem u Personal, fir der ganzer Aarbecht gerecht ze ginn.

De Beruff vum Bréifdréier ass essentiell fir eis Gesellschaft. Am Joer 2017 hat den ILR matgedeelt, datt 190 Millioune Bréiwer am Grand-Duché gezielt gi sinn. Et gesäit een also, datt de Besoin och am digitalen Zäitalter nach besteet. Wat kann also an Zukunft gemaach ginn, fir d’Post bis 2023 nees profitabel ze maachen?

Et ass virgesinn, datt hir Touren nees zeréck goe sollen an een Deel vun de Päck a Colisen zeréck an d’Distributioun komme sollen. Parallel ass och geplangt, datt d’Reklammen aus der Distributioun vum Bréifdréier ganz eraus geholl solle ginn. Virun allem mat der Digitaliséierung soll ee sech d’Fro stellen op dës Verschwendung vu Pabeier nach Sënn mëscht.

Eng Méiglechkeet, fir an Zukunft d’Aarbecht ze erfëllen, si fir d’Bréifdréier verschidden Zorte vun Tournéeën, woubäi dann déi normal Post vu Reklammen a Päck getrennt gëtt. Am Laf vun de Joren wäert sech nach vill veränneren, woubäi och d’Post sech upasse soll. Fest steet, datt si sech net iwwert ze wéineg Aarbecht beschwéiere kënnen!

Datt d’Post hir Tariffer upasse misst ass eng logesch Konsequenz an dëser Problematik. Just esou kann dëse Service nach eenegermoosse Rentabel bleiwen. An Zukunft wäert et nach vill ze maachen an ze entscheede ginn. Et soll een op alle Fall bedenken, datt eis Post net vun Dauwe bruecht gëtt, mee datt do Leit dohannert sëtzen, déi hir Zäit opferen, fir eis een Service unzebidden.

Déi ganz Ried vum President Raymond Juchem kënnt Dir HEI noliesen.

Ähnlech Sujeten Bréifdréiergewerkschaft, CGFP, Iwwerstonnen, Kollektivvertrag, Personal, Post, Raymond Juchem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel