Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De François Bausch fält nees aus der Roll
International Neiegkeeten

chinese dating in australia

De baupsegen Toun, deen de François Bausch géintiwwer dem Deputéierte

st petersburg florida dating
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet

Editorial: Ass eng Berichterstattung net erwënscht?
International Neiegkeeten

Editorial: Ass eng Berichterstattung net erwënscht?

Gëschter war, wéi ech et grad aus der Zeitung vum

Hu mir elo endlech de Brexit-Deal?

Mir kucken ob ee gudden Accord ass, wat dra steet a wéi d‘Chance stinn datt London matmécht

Hu mir elo endlech de Brexit-Deal?

Mat der EU-Kommissioun schéngt de Boris Johnson sech eens ze sinn, elo muss nach dat britescht Parlament iwwerzeegt ginn, an dat dierft den eigentleche Problem fir de britesche Premierminister ginn. Mee elo emol eent nom aneren.

BrexitEsou wéi et vum EU-Kommissär Michel Barnier duergestallt gouf, ëmfaasst den „Deal“ fënnef nei Punkten. Dat betrëfft d‘Zollunioun, d‘EU-Standarde fir d‘Gidder, d‘Matsproocherecht vun den Nordiren, d‘TVA an d‘Ëmwelt- a Sozialstandarden. Déi vum Boris Johnson virgeluechte Propose huet also iwwerzeegt an den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass begeeschtert.

Zollunioun

Laut dem Accord bleift Nordirland am Zollgebitt vu Groussbritannien, mee bleift administrativ un d‘Reegele vun der europäescher Zollunioun gebonnen. Dat heescht, et kënnen am iresche Mier Kontrollen an Zollformalitéite stattfannen, net awer laanscht der ronn 500 Kilometer laanger Grenz op der Insel. Eng Konzessioun déi den nordireschen Unionisten (DUP) net wäert gefalen.

Mat dëser Entscheedung gëtt Nordirland anescht behandelt wéi de Rescht vu Groussbritannien, wat d‘Unionisten als eng Beschneidung vun hirer britescher Identitéit gesinn. Dee Risk war dem Boris Johnson bewosst, well et eng onsiichtbar Grenz op der irescher Insel schaaft an dem Kinnekräich anersäits erlaabt mat Drëttstaaten Handelsverträg ofzeschléissen. Dat zumindest ass de „Plang“.

EU-Standarden

Mat dësem Accord bleift awer déi britesch Provënz Nordirland enk un d‘Reegele vum europäesche Bannemaart gebonnen. Dat besonnesch am Beräich vun de landwirtschaftleche Produkter. Dogéint hunn d‘Unionisten näischt, et entsprécht schliisslech den existenziellen Interesse vun de Baueren an Nordirland. Ob dat déi selwecht Interesse sinn, wéi op der britescher Insel, muss sech erweisen…

Matsproocherecht

Laut deem virgeluechten Accord, soll et der Regionalregierung vun Nordirland erméiglecht ginn, sech all véier Joer zum bestoenden Accord ze äusseren. D‘Nordiren dierften domatter ëmmer nei bewäerten, op déi Léisung déi hei fonnt gouf, nach ëmmer zefriddestellend ass oder den Accord hifälleg ginn ass. Eng einfach Majoritéit am nordiresche Parlament géif dofir duer goen.

TVA

De Punkt, dee sech op d‘TVA bezitt ass méi wichteg, wéi dat op den éischte Bléck ersiichtlech ass. Hei geet et drëms ze verhënneren, datt et zu „Verzerrungen“ beim Handel kënnt. Et ass awer eng fundéiert Regelung déi de Schutz vum EU-Bannemaart soll garantéieren. Während et do kee Refus op der britescher Insel gëtt, stéisst dës Virstellung op Widderstand an de britescher Provënz.

Ëmwelt & Soziales

Esou wéi et de Michel Barnier duergestallt huet, géif de Boris Johnson garantéieren, datt déi europäesch Standarde bei Ëmwelt a Soziales net ënnerbuede ginn. Hei heescht et awer ganz gutt opzepassen. Dës „Garantie“ steet net am rechtsverbindlechen Accord, mee just an der politescher Erklärung, an déi ass nu emol net verflichtend. Ouni eng „Verflichtung“ kann et allerdéngs net zu engem Handelsofkommes tëscht der europäescher Unioun a Groussbritannien kommen.

Wie freet sech?

Nach huet d‘Parlament zu London net „entscheet“, mee dat sollt net verhënneren, datt sech gëschter zu Bréissel géigesäiteg op d‘Schëller geklappt ginn ass. Bei der Pressekonferenz jiddefalls, waren de Boris Johnson an de Jean-Claude Juncker siichtlech zefridden. De Lëtzebuerger huet dat Ganzt als ee fairen an ausbalancéierten Accord bezeechent an de britesche Premier nennt e Groussaarteg.

BrexitEsouguer de Brexit-Hardliner Jacob Rees-Mogg (well de Backstopp net méi am Accord enthalen ass) fënnt dës Léisung zefriddestellend. Positiv ze bewäerten: den iresche Premierminister Leo Varadkar huet déi nei Irland-Klausel begréisst. An déi däitsch Bundeskanzlerin, wéi och de franséische President, kënnen sech mat de vum Boris Johnson virgeluechte Proposen arrangéieren.

Wou gëtt et Widderstand?

Wéi et aus dem Detail vun de fënnef genannten „Punkte“ ervirgeet, kann sech de Boris Johnson net méi op d‘Ënnerstëtzung vun den nordireschen Unionisten (DUP) verloossen. Déi hunn dann och schonn emol ganz däitlech hir „Ofso“ betount an ënnerstrach. Nach een deen net wëll matspillen: de Brexit-Hardliner Nigel Farage. Dee behaapt dësen Deal géif nëmmen Nodeeler fir d‘Brite bréngen.

BrexitDe Labour-Chef Jeremy Corbyn – deen näischt onversicht léisst fir selwer Premierminister vu Groussbritannien ze ginn – huet schonn aus perséinlechem Interessi guer net wëlles den Deal ze ënnerstëtzen erkläert awer: „Et gesäit ganz duerno aus, wéi wann et dem Premierminister gelonge wier een nach méi schlechten Deal wéi d‘Theresa May auszehandelen“. Dat bedeit näischt Gutts.

BrexitOch déi schottesch Nationalpartei (SNP), déi et am léifsten hätt wa si onofhängeg wieren an dem Boris Johnson näischt ofgewanne kann, wäert net matmaachen. Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon erënnert dorunner, datt Schottland zu kengem Zäitpunkt bereet war d‘Unioun ze verloossen. Domatter stinn d‘Chancen den Deal am Parlament duerchzekréien denkbar schlecht.

Himmelfaartskommando

Dat alles gewosst, muss nach erlaabt sinn ze betounen, datt de Boris Johnson seng nordiresch Partner bal esou gutt behandelt huet wéi den Trump d‘Kurden an Nordsyrien. Dobäi ass hien eigentlech ob d‘Unionisten ugewisen, déi him dat net wäerte verzeien. Labour dierft sech dem Appell vum Parteichef uschléissen an déi geschassten Torry-Deputéiert sinn och nach do…

BrexitEt muss och ervirgehuewe ginn, datt de Boris Johnson, deen der EU-Kommissioun den Dicks béie wollt a schreckleche Brach vu sech ginn huet, faktesch „kapituléiert“ huet, well dat wat vu sengem Plang, deen hie virun zwou Woche presentéiert hat, ass wéineg iwwreg bliwwen. Streng technesch betruecht, ass et onméiglech datt d‘House of Commons den Deal unhëlt, wat nees alles a Fro stellt.

Geet dem Boris Johnson seng Rechnung net op, wier hie gesetzlech verflicht zu Bréissel op Knéien eng Fristverlängerung unzefroen. Datt hie léiwer Dout am Gruef leie géif wei sech dat unzedoen ass bekannt, woubäi d‘EU jo do och nach misst matspillen, wat een awer éischter ausschléissen dierf. Fir esou eppes gëtt et – den ament zumindest – definitiv keng „Eestëmmegkeet“.

mat indymedia/bru/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, Labour, Michel Barnier, SNP, SUP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel