Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Griicheland trauert a kämpft weider géint d‘Flamen
International Neiegkeeten

Griicheland trauert a kämpft weider géint d‘Flamen

Et ass keng liicht Aarbecht, an awer hunn d‘Pompjeeën um

Dat grousst Geschäft
International Neiegkeeten

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de

LCGB an OGBL beschléissen de Kollektivvertrag bei Lindab Astron Buildings S.A.
International Neiegkeeten

LCGB an OGBL beschléissen de Kollektivvertrag bei Lindab Astron Buildings S.A.

No schwieregen awer konstruktive Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag bei

De Brexit nach emol nei Verhandelen?

Jean-Claude Juncker an Theresa May fanne kee Konsens

De Brexit nach emol nei Verhandelen?

Op d‘Gefor hin sech ze widderhuelen: „Wat e Gedeessems!“. Datt et – wéi mir dat scho méi oft zum Ausdrock bruecht hunn – wäert zu engem „haarde Brexit“ kommen, wéi et ze befierchte war, kann dat bestännegt hin an hir, vun der britescher Premierministesch net entkräften. Gëschter konnt sech mat vill gudde Wëlle vum EU-Kommissiounspresident, op eng weider Entrevue gëeenegt ginn…

Natierlech ass et gutt an och imminent wichteg, datt keng Méiglechkeet ausgelooss gëtt, et bei der Scheedung mat Groussbritannien, awer nach zu engem Accord kommen ze loossen. Woubäi dee schonn um Pabeier steet, vun den EU-Memberlänner ugeholl ginn ass, an eigentlech just nach am House of Commons misst ratifizéiert ginn. Mee dat kënnt der quadratur vum Krees gläich.

Wéi et vu Bréissel matgedeelt gouf, ass ee bei de Berodungen net weiderkomm. Den Entretien gëtt als „konstruktiv“ ëmschriwwen, wat esouvill bedeit, wéi datt jiddereen sech op seng Positioun behaapt huet, an een seng Zäit fir eppes méi Interessantes hätt kënne verwennen. Esou funktionéiert Politik awer net, firwat béid si versichen, wéinstens de gudden Androck oprecht ze erhalen.

Erhieflech Zougeständnesser?

De Spriecher vun der EU-Kommissioun, huet duerchblécke gelooss, datt de Jean-Claude Juncker an d‘Theresa May sech géigesäiteg erhieflech Zougeständnesser gemaach hätten. Wéi eng dat sinn, a wéi se vun der Premierministesch am britesche Parlament vertruede kënne ginn? Dozou gouf et da keng Informatiounen. Dat ass séier wéineg Material fir e Gespréich dat 90 Minutte gedauert huet.

Zum Gléck ass den EU-Kommissiounspresident keen deen esou liicht an d‘Wanke kënnt. Gewosst ass, datt hien dem Theresa May keng Neiverhandlung vum Accord an Aussiicht gestallt huet, an egal wéi se sech zu London dréinen a kéieren, den 29. Mäerz d‘EU nëmmen nach aus 27 Länner besteet. Wa si dat elo de Briten net verständlech maache kann, kéint dat Bréissel iwwerhuelen…

Esouwäit wäert et net kommen, well natierlech wëssen all déi politesch engagéiert Briten an déi vun deenen se erwaarde sollten, datt si hir Interesse verdeedegen, et an der Kausa „Brexit“ net méi wierklech Spillraum fir Fisematente gëtt. Groussbritannien huet zudeem keng grouss Wiel, an nach vill méi ze verléieren, wéi dat wat hinnen elo scho verluer gaangen ass. Se sinn awer och Sturazeg.

mat indymedia/lon/bru

Foto: Esou loossen sech d‘Brite gutt erklären: Net Fësch oder Fritten, mee de Fësch an d‘Fritten, esou sollt et och an der EU lafen. D‘Quittung gëtt awer spéitstens den 29. Mäerz virgeluecht. An esou richteg ginn se eis jo um Enn net verluer…

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresident, House of Commons, Jean-Claude Juncker, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel