Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!
International Neiegkeeten

Mexiko-USA: Si sich sech eens ginn!

Den Donald Trump hat Mexiko mat engem evolutive Strof-Zoll gedreet,

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag
International Neiegkeeten

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag

Déi zwee koreanesch Staatscheffen hunn sech, beim historesche Sommet op

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!
International Neiegkeeten

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!

Um vergaangene Samschdeg, de 6. Juli huet an der Stater

EU-Sommet: D‘Unioun kann de Briten näischt ausschloen

The British Cherry on the Cake! - De Brexit geet an d‘Verlängerung

EU-Sommet: D‘Unioun kann de Briten näischt ausschloen

D‘Spatzen hunn et vum Daach gepaff. Groussbritannien bleift an der EU, also den Ament emol sécher bis den 12. Abrëll, a méiglecherweis bis den 22. Mee. Dat awer och nëmmen dann, wann d‘Parlament zu London den Accord ratifizéiert.

Sollten d‘Membere vum Parlament déi nächst Woch zur Besënnung kommen, an den Accord – deen se schonn zweemol verworf hunn – zu engem gereegelte Brexit awer nach unhuelen, dann, esou gouf et um EU-Sommet beschloss, kann den Austrëtt op den 22. Mee verluecht ginn. Sollt deem net esou sinn, huet London bis den 12. Abrëll fir eng Verlängerung bis Enn 2019 unzefroen.

Wéi den EU-Rotspresident, Donald Tusk, Erkläert huet, hätten déi 27 Memberlänner (London huet net dierfe matstëmmen) den Antrag vu Groussbritannien ugeholl, an och d‘Premierministesch huet d‘Offer esou akzeptéiert. Et wäre keng einfach Diskussioune gewiescht, well vill Regierungen net wëllen hunn, datt d‘Briten un der EU-Wahl deelhuelen, wat awer rechtlech zoulässeg wier.

Briten

Domatter läit et elo nees un de Päifekäpp am House of Commons – an un dëser Hürd ass bis ewell, zumindest wat den Austrëtt betrëfft, alles gescheitert – sech fir eppes ze entscheeden. An déi lescht Wochen hu gewise wéi ustrengend et fir britesch Politiker ass, eng kloer an novollzéibar Decisioun ze huelen. Dozou d‘Theresa May: „Et ass elo un der Zäit eng Entscheedung ze treffen“.

Si huet zudeem betount: „Et wier net richteg, sollt eist Land am Fall vun enger Néierlag beim Vott déi nächst Woch, gezwonge sinn, un den EU-Wahlen deelzehuelen“. Dat awer léisst sech rechtlech betruecht, net verhënneren, wann d‘Scheedung net bis zum 22. Mee vollzunn ass. Géif de Briten eng Verlängerung gewäert, sinn se nach Member a misste Vertrieder fir d‘Parlament bestëmmen.

Den EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, wollt sech net op de Vott vun der nächster Woch am House of Commons stäipen, fir zousätzlech Polemik ze provozéieren. De Lëtzebuerger huet eng méi pragmatesch Approche an scho ganz aner Schluechte misse schloen. Hien ass net deen, wou de Briten de Stull vrun d‘Dier stellt: „D‘Brite kënne bis zum Schluss an der EU bleiwen“.

Briten

Bleift d‘Feststellung, datt et kengem vun den implizéierten Acteure gelongen ass, dem Brexit eng valabel Léisung zouzeféieren. De Lëtzebuerger Premier, Xavier Bettel, huet no de Berodungen dréche festgestallt: „Wa mir do keng Äntwert erhalen, ass et en ‚no deal‘ also en haarden Austrëtt“. An dat ass et wourop et erausleeft, et sief dann et wéilt een d‘Briten un der EU-Wahl bedeelegen.

Dat weess och de Jean-Claude Juncker, dee gewarnt huet, datt sollt dat britescht Parlament op e neits géint den Accord stëmmen „alles just méi komplizéiert gëtt“. Dat ass net am Sënn vum Xavier Bettel dee verdäitlecht: „Mir sichen hei net no enger Sortie, mir sichen den Noutausgang. De Problem läit eendeiteg zu London, an esou lues erënnert et mech un d‘Drama: Waarden op Godot“.

Erfreelech bei dësem politeschen Trauerspill, dann awer de Fait, datt a Groussbritannien den Drock och klëmmt. Déi gréissten an aflossräichst Gewerkschaften a Patronatsverbänn, hunn d‘Regierung zu London zu engem Kurswiessel opgeruff, wann den „nationalen Noutstand“ soll verhënnert ginn. Mee britesch Parlamentarier loossen sech net beandrocken, net esoulaang en anere Schold ass…

Briten

De Jeremy Corbyn, och gëschter zu Bréissel present, huet sech nach emol ervirgedoe wéi hie fir en „alternativen Austrëtt“ Reklamm gemaach huet. Interessant, datt grad déi wou no de „Skeptiker“ fir e politescht Chaos gesuergt hunn, fuerderen: „Et ass un der Zäit datt d‘Deputéiert zesummeschaffen an e Konsens fannen, deen duerch d‘Parlament geet“. Dat ass Wonschdenken, kléngt awer gutt.

mat indymedia/bru

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker mam EU-Rotspresident Donald Tusk hunn hiert gemaach, d‘Briten zefriddenzestellen. Mee zu wéi engem Präis, a geet et de britesche Parlamentarier duer? © M.Silva

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, Europawahlen 2019, Jean-Claude Juncker, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel