Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst
brittenelle fredericks dating

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

D‘Netz vum CFL FLEX-Carsharing gëtt wieder ausgebaut. Mat zwou neie

jake ejercito dating maine mendoza
brittenelle fredericks dating

dating during temporary separation

CETA gëtt muer Realitéit. Provisoresch op mannst, trëtt et deen

money
EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst
brittenelle fredericks dating

EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst

En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den

Finanzminister presentéiert de Budget 2019

20 Milliarden Ausgabe géint 19 Milliarden Einnamen, nennt een Defizit

Finanzminister presentéiert de Budget 2019

Et ass net dem Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), säin éischte Budget deen hie gëschte um Krautmaart den Deputéierte virgestallt huet. Dofir huet hie sech déi noutwenneg Zäit geholl fir op déi dräi Saile vun dësem Budget anzegoen: sozial Kohäsioun, Kompetitivitéit an Nohaltegkeet.

Hei kann een dann och eppes virgräifen a feststellen, datt Lëtzebuerg och d‘Moyenen huet fir seng Politik ëmzesetzen. D‘Konjunktur ass bei beschter Gesondheet, de wirtschaftleche Wuesstem läit säit gutt fënnef Joer am Beräich vu +3%. Wat gutt kléngt, soll gutt bleiwen, a well ëmmer eppes ka geschéie wat een net virgesinn huet, léisst sech de Finanzminister net op Spekulatiounen an.

Esou huet de Pierre Gramegna gëschter nach emol ënnerstrach, datt et den erkläerte Wëlle vun der Regierung, déi ëffentlech Finanzen op gesond Been ze stellen. Den Defizit am ëffentlechen Déngscht kritt een – lues awer sécher – an de Grëff. Dësen Defizit, dee vir 2019 nach mat 650 Milliounen Euro beziffert gëtt, soll 2022 nach just 44 Millioune bedroen. Dat kléngt net verkéiert.

Interessant d‘Projektioun vum Finanzminister. De positive Saldo vum ëffentlechen Déngscht, soll vu 632 Milliounen Euro (am Joer 2019) op 1,5 Milliarden Euro (2022) klammen, während am selwechten Zäitraum, déi ëffentlech Schold sech sollt stabiliséieren, wann net esouguer verklengert ginn, fir nach 18,5% vum BIP auszemaachen. Domatter wier Lëtzebuerg an der EU e Champion.

D‘Schéier tëscht Aarm a Räich

Wann zu Lëtzebuerg d‘Zesummeliewen esou „einfach“ ass, fir de Pierre Gramegna ass dat de „soziale Fridden“, dann huet dat e gudde Grond. Laut dem Finanzminister wier de Regierungen ëmmer nees gelongen, d‘Schéier tëscht Aarm a Räich „zesummenzedrécken“. Do huet hien dann och musse vun der Mindestlounerhéijung (+100 Euro) schwätzen, déi 60 Milliounen Euro kascht.

Den Elterecongé, a virun allem seng Reform, kascht d‘Land 237 Milliounen Euro, fir Bildung leet de Pierre Gramegna iwwer 2,5 Milliarden op den Dësch. An déi vu privaten Entreprisen am Optrag vum Staat geréierten Alters- a Fleegeheemer hunn 121 Milliounen Euro am Budget stoen. De Logement bleift prioritär an d‘Enveloppe erhéicht sech hei ëm 6,8%. Fir d‘Kultur si 15% méi dran.

Beim Sport ass et direkt ee plus vun 21%, wouduerch och dës „Prioritéit“ respektéiert géif ginn. Hei gesäit een, datt de soziale Volet vum Budget gutt „beduecht“ ginn ass, an eigentlech misst et derzou bäidroen, datt et an deene Beräicher zu konsequente Verbesserungen a Fortschrëtter sollt kommen. Besonnesch beim Logement, erwaarden d‘Bierger endlech eng substantiell a positiv Entwécklung.

Entreprise stinn ëmmer iwwert de Bierger

Dat eise Finanzminister am virechte Liewe Chef vun der Handelskummer war, dat ass kee Virworf just e Constat, an deen ass wichteg, wann et am zweete Kapitel vum Budget, ëm Steiermoossnamen zugonschte vun den Entreprise geet. Deenen hire Steiersaz fält – esou wéi dat am Koalitiounsaccord virgesinn ass – vun 18 op 17%, an d‘Dotatioun fir d‘Innovatioun gëtt ëm 27% erhéicht.

Wou et dann eppes manner lëschteg gëtt, zumindest fir all déi Mënschen déi op den Ugewise sinn an am „niddrege Lounsecteur“ doheem sinn, ass de Volet: nohalteg Entwécklung. Datt een net méi ëm déi ekologesch Transitioun ëmhier kënnt, ass gewosst, a wien hei d‘Laascht ze stemme kritt, elo leider och. Rieds ass vun der Erhéijung vun de Spritpräisser: 1 Cent um Bensin an 2 um Diesel.

Woubäi hei d‘Regierung net seng Recetten erhéije wëll, mee dat erkläerten Zil de Schutz vum Klima ass. Laut dem Finanzminister, soll dës „Klimatransitiounstax“ 2,5 Milliounen Euro abréngen, vun deenen d‘Hallschent an de Klimafong afléissen. De Rescht géif genotzt fir sozial Moossnamen an Investissementer. Wéi eng Investissementer gemengt sinn, geet aus dem Budget net ervir…

De „grénge“ Foussofdrock vum Budget

Behale mir nach zréck, datt fir d‘Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, eng Enveloppe vu ganzer 2 Milliarden Euro virgesinn ass. Dorënner falen och déi 30 Milliounen Euro, déi fir d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport 2019 opewannt ginn. (Note: ab 2020 sinn et da 40 Milliounen Euro am Joer). D‘Dotatioun fir d‘Gestioun vum Waasser gëtt och ëm ganzer 20% erhéicht.

Iwwerhaapt gëtt vill Geld fir de Klima- an Naturschutz an de Grapp geholl. E Fait deen déi Jonk, déi sech fir de Klima asetzen erfreeë sollt. Hëlt een hei all d‘Investitiounen zesummen, dierf ee feststellen, datt déi vu 455 Milliounen (2018) op 710 Milliounen (2022) klammen. Dat ass net grad wéineg, mee et dierften sech genuch Stëmmen zu Wuert mellen, deenen och dat net duer geet.

Koalitiounsparteie begréissen ambitiéise Budget

Fir den Eugène Berger, DP-Fraktiounschef, ass et e gudde Budget deen en Akzent op dat Soziaalt an op d‘Ëmwelt leet. Esou wier dëse Budget ganz am Sënn vun de kommende Generatiounen, an dem Erhalt vun de sozialer Kohäsioun. Fir d‘Zukunft ze bewältege muss och d‘Kompetitivitéit vun der Wirtschaft geséchert ginn, hei besonnesch déi kleng a mëttel Betriber. Dat alles mécht dëse Budget.

Bei de Sozialisten huet de Fraktiounschef Alex Bodry, de Budget als Beweis fir d‘Kontinuitéit vun der politescher Aktioun vun dëser Regierung duergestallt. Säi Bléck konzentréiert sech op de soziale Volet vum Budget, an hei natierlech an éischter Linn d‘Erhéijung vum Mindestloun. Datt senger „Hausgewerkschaft“ 100 Euro Erhéijung ze kuerz gegraff sinn, gouf gëschter ausgeblend.

Och d‘Josée Lorsché, Fraktiounscheffin vun déi gréng, bezitt sech op d‘Kontinuitéit vun der Politik där sech dës Koalitioun verschriwwen huet. Si ass iwwerzeegt, datt dëse Budget, besonnesch am Kontext vun den Investitiounen, déi richteg Signaler gëtt. Nieft „Ëmwelt an Natur“ setzt sech déi gréng Politikerin och fir de Bau vu neie Schoulen a Fleegeheimer an. Dëse Budget erfëllt dat.

D‘Kregéiler vun der Oppositiounsbänk

D‘CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen, kann hir Skepsis géintiwwer dem Budget net verbiergen a gëtt ze bedenken, datt bei den aktuelle Konjunkturverhältnesser en Defizit vu ronn 650 Millioune kee Grond zur Freed kënne sinn. Wann d‘Wirtschaft sech esou enger gudder Gesondheet erfreet, da wier et eigentlech ubruecht, guer keen Defizit erbäizeféieren. Mee elo gëtt emol alles analyséiert…

Bleiwe mir beim Defizit, deen och dem Gast Gibéryen schwéier op de Mo geschloen huet. Hie stellt dann och fest, datt hei „gefuddelt“ ginn ass. Et wier déi europäesch „Berechnung“ ugewannt ginn, well hätt een, esou wéi dat fréier de Fall war, déi „national Comptabilitéit“ beméit, hätt de Pierre Gramegna vun engem Defizit an héicht vun 850 Milliounen Euro misse schwätzen.

Fir de Marc Goergen (Piraten) war et déi éischt Budgetssëtzung, a seng Ausso léisst wäit blécken: „Dese Budget ass op eng herrlech Aart a Weis virgestallt ginn, mee et weess een net wat sech derhannert verstoppt. (…) Wann een dem Finanzminister nolauschtert, huet een d‘Gefill, et géif ee Chrëschtdag an Ouschteren zesumme feieren“. Wat déi 200 Millioune fir d‘Entreprise betrëfft, esou hätt ee sech éierlech gefreet, wann dat Geld de Mënschen am Land zoukomm wier.

Am Lager vun déi lénk, stellt den David Wagner fest, datt séier wéineg vun enger ganzer Rei wichteger Investitioune geschwat huet (Logement, Mobilitéit, Energie…). Hie gëtt ze bedenken, datt d‘Ausgabe méi séier klamme wéi d‘Recetten, wat un zwou Saache festgemaach gëtt. Et géif ëmmer manner Entreprisen, an déi wou do sinn, gi steierlech entlaascht. Dat wier de falsche Wee.

De ganze Budget: (Vol 1 & Vol 2 Plurinannuel)

Ähnlech Sujeten Budget, Finanzminister, Logement, Mobilitéit, Nohaltegkeet, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel