Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat
dating utrecht

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat

D‘Verfassung vu Kuba staamt aus 1976, an ass eppes verstëbst,

vice guide to dating rich guys
dating utrecht

free quick dating sites

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass, fir den Ausseministère

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert
dating utrecht

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert

Déi britesch Pharmaindustrie huet e Freideg bekannt gemaach, datt si

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll sech net negativ op d‘Aarbecht um Krautmaart auswierken, well do de „Kalenner“ elo schonn net agehale ka ginn. Esou gëtt dann och schonn de Mueren de Debat zum Budget 2019 erëffent.

Woubäi de Staatshaushalt souwisou scho „Méint Verspéidung“ huet. Dat deem esou ass, ass dann och net d‘Schold vun der Regierung, mee huet domatter ze dinn, datt d‘Chamberwahlen eréischt am Oktober ofgehale goufen. D‘Gesetz zum Budget 2019 soll awer trotzdeem den 1. Mee a Kraaft trieden, firwat bei aller Trauer an gebuedenem Respekt géintiwwer dem Haff, debattéiert muss ginn.

Den Optakt mécht den Deputéierten André Bauler (DP), deen als Rapporteur fir de Budget 2019 ernimmt gi war. Am Uschloss un de Rapporteur, sollen dann de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP) an de Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP) weider Detailer zu den ëffentleche Finanzen an de Raum stellen. Duerno kënnt et dann zum eigentlechen, villverspriechenden Debat.

Trauerflor fir e Maulkuerf?

Wann een elo duerchaus Versteesdemech dofir huet, datt ee sech gëschter Parteiiwwergräifend eens war, d‘Aarbecht an der Chamber rouen ze loossen, esou muss een dem Chamberpresident Fernand Etgen (DP) awer mat op de Wee ginn, datt d‘Staatstrauer kee Grond ka sinn, d‘Oppositioun zur „Retenue“ beim Debat zum Staatshaushalt opzefuerderen. Woubäi een et jo emol versiche kann…

Et wier dann och alle Parteien un d‘Häerz geluecht sech drun ze erënneren, datt d‘Monarchie nach just „representativ“ ass, den Haff sech awer längst net méi an dat politescht Geschäft abréngen dierf an och soss virrangeg éischter ëm de „Glanz a Gloria“ ze këmmeren huet. Wien am haidegen Debat de Géigner „mat Händchen“ upaakt, huet säin Optrag als Volleksvertrieder net verstanen.

A bei allem Respekt géintiwwer eisem verstuerwene Monarch, de Budget ass kee Kaffiskränzchen. Dat zemools wou de Groussherzog Jean selwer en iwwerzeegten Demokrat war, an d‘Debatten an der Chamber – och wéinst den Tëscheriff – oft interesséiert verfollegt huet. Et dierft also eppes méi haart hiergoen. Gestëmmt gëtt de Budget da muer, an datt dësen ugeholl gëtt, stellt keen a Fro.

Ähnlech Sujeten Budget, Chamber, Fernand Etgen, Groussherzog Jean, Krautmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel