Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Money Neiegkeeten

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!

Um vergaangene Weekend sinn all d’Museks- a Festivalfans op hir

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen
Money Neiegkeeten

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen

  Datt et Weltwäit net gutt ëm d‘Beie bestallt ass,

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib
Money Neiegkeeten

Voyager 1: d‘NASA start ee säit 37 Joer onbenotzte Rakéitenantrib

No 37 Joer am Weltraum ouni benotzt ginn ze sinn,

money

E Budget vun der Ongerechtegkeet

E Budget vun der Ongerechtegkeet

Mat iwwert 815 Milliounen Euro Defizit am Joer 2019 kann d’ADRenalin de Budget vum Här Gramegna net onkommentéiert loossen. Nodeems de Budget 2018 quasi am Equiliber war, hate mir Jonk eis erhofft, elo géingen no etleche Joren endlech Scholden ofgebaut ginn. Dëst wier net méi ewéi normal, well eis Konjunktur am boomen ass, an dowéinst eng Marge muss geschaaf ginn, fir op déi nächst Kris virbereet ze sinn.

Den Här Gramegna huet d’Weichen nëmmen an eng Richtung geriicht, an zwar a Richtung méi Scholden an null Generatiounegerechtegkeet. D’Ausried, et hätt ee vill investéiert, ass eng bëlleg. Investissementer sollten am Kader vun de Recettë vun haut gemaach ginn, net op Käschte vun de Steierzueler vu muer. Firwat sollen déi kommend Generatioune mussen déi schlecht Budgetspolitik vun haut finanzéieren?

De Finanzminister huet annoncéiert, hie géing déi sozial regressiv indirekt Taxen um Pëtrol erhéijen. Dëst trefft déi äermst an eiser Gesellschaft am häertsten, well si am meeschten – a Prozenter gerechent –  vun hirem Akommes op dës Produiten ausginn.

Dofir fuerdert d‘ADRenalin d’Regierung dozou op, endlech d’Scholdespiral ze stoppen. Et ass onverantwortlech, all Joer bis zum Enn vu Gambia 2 Scholden ze maachen. Wann an de nächste Joren eng Kris kennt, wäert d’absolut Schold, esou wéi d’Schold als Prozent vum PIB, aus dem Rudder lafen. Mir bieden d’Regierung, endlech bësse Wäitsiicht ze hunn!

Matgedeelt vun der ADRenalin

Ähnlech Sujeten ADRenalin, Budget 2019, Finanzminister, Gambia, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel