Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Terroristesch Attack zu Bréissel: Täter Erschoss
Neiegkeeten Stories

best dating website for long term relationship

No enger Explosioun an enger Gare zu Bréissel ass de

wikihow dating a shy guy
Neiegkeeten Stories

Silverstone: Komplizéierte Weekend fir de Dylan Pereira

Am kader vun der Formel 1 Meeschterschaft, ass déi véiert

Eenzegaarteges léisst sech net widderhuelen
Neiegkeeten Stories

Eenzegaarteges léisst sech net widderhuelen

Organisatoresche Chaos a keng Artisten, esou kann ee kee Festival

De butzege Secret aus der Béierhaascht

De butzege Secret aus der Béierhaascht

Kuerz virum drëtten Advent verstoppt sech an eisem Adventskalenner de butzege Secret aus der Béierhaascht. Rieds ass vum Béierlikör, dee vum Braumeeschter Guy Majerus an der Brasserie Meyer zu Käerjeng, mat vill léift hiergestallt gëtt. Fir dësen hierzestelle gëtt en helle Béier als Grondlag ausgewielt, well deen eppes manner Batterstoffer huet.

Den Detail vum „wéi“ dëst erquicklecht Gedrénks hiergestallt gëtt, deen dierfe mir iech leider net verroden, wat och Sënn mécht, well bis ewell ass de Guy deen eenzege vun deem mir wëssen, datt hien eis esou eppes Schmeechelhaftes op den Dësch stelle kann. Et ass e gellege Pleséier sech dee Béierlikör zu Gemitt ze féieren. En idealen Digestif, wann engem duerno ass de Besuch ze iwwerraschen.

Et kann een de Béierlikör gutt kill oder bei Zëmmertemperatur genéissen. Dat ass u sech eng ganz perséinlech Entscheedung, an bei eis geet déi zimlech ausenaner. A mir hunn dëse wierklech gudde Likör op all erdenklech Aart a Weis probéiert. Natierlech hu mir en emol einfach esou gedronk, mat der Gedold war et am Ufank schwiereg, an e schmaacht och nach esou gutt…

Béierhaascht

E Familljebild, datt dem Béierlikör vun der Brasserie Meyers seng Hierkonft bestätegt. Et ass e wierklech gelongene Produit, deen all d‘Facette vun der Braukonscht a sech dréit. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wien sech elo awer gäre mat Kachen a Brachen ofgëtt, deem sief gesot, datt dem Guy seng Potioun esouvill magesch Kraaft besëtzt wéi dem Druid säin Zaubertrank. Wien een et gären defteg huet, sollt ee wëssen, datt de Likör mat Hunneg zu enger liichter Crèm ugeréiert, eng wonnerbar Marinad ergëtt. Mir hunn déi un engem Poulet ausprobéiert, an dësen Test huet se all iwwerzeegt.

Mee de Béierlikör vun der Béierhaascht kann och op „séiss“ maachen. Mir hunn mam Likör eng Rei Chrëschtdagskichelcher gebak, Uebst iwwert d‘Nuecht dragezappt, an ons och soss net wierklech Limitte gesat. D‘Resultat war esou erstaunlech wéi iwwerzeegend, an dëse Produit aus Lëtzebuerg huet bei eis ee ganz besonnesche Stellewäert erhalen. Dat kann dru leien, datt mir beim Baken och ëmmer nees hunn dierfe schmaachen…

Foto: De butzege Secret aus der Béierhaascht mécht sech gutt um Beemchen, als Digestif nom Iesse beschléisst e Frëndschaften, an e kann sech esouguer an de Kichen nëtzlech maachen. Dem Guy Majerus säi Béierlikör ass eng Allzweckwaff „Made in Luxembourg“ © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Beierhaascht, Béierlikör, Craft Beers, Guy Majerus, Käerjeng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel