Search

You may also like

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit
Kultur Neiegkeeten

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit

D‘Plattform „Leave means Leave“, déi engem konzessiounsfräie Brexit favorabel ass,

Tacheles: D‘Jonk Demokraten iwwert d‘Legaliséierung vu Cannabis
Kultur Neiegkeeten

Tacheles: D‘Jonk Demokraten iwwert d‘Legaliséierung vu Cannabis

Wärend de leschte Joerzéngten an deenen eng prohibitionistesch Drogepolitik gefouert gouf,

surprise
USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen
Kultur Neiegkeeten

USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen

Gigantesch Manifestatiounen an den amerikanesche Groussstied a Retour vun de

De Capitani op Netflix: Zäit fir eng Review!

De Capitani op Netflix: Zäit fir eng Review!

Zënter dem 11. Februar 2021 gëtt déi lëtzebuergesch Serie „Capitani“ op der Streamingplattform Netflix ausgestraalt. An et kann een erstaunt sinn, wéi gutt et leeft…

Wann Dir just „kuerz“ an de Capitani erakucke wëllt – loosst et sinn, mir hunn et probéiert. A mir sinn nawell hänke bliwwen. „Gebingwatcht“ nennt een dat wuel, mir hunn eis Folleg fir Folleg eragezunn.

“De Spigel ass futti”. De Luc Feit spillt seng Roll Usch sou iwwerzeegend, dat eleng dëse Saz groussen Androck hannerléisst. An der Lëtzebuerger Serie Capitani geet et net nëmmen ëm dat doudegt Meedche Jenny an d’Sich nom Mäerder, och d’Duerfliewe spillt eng grouss Roll. Jidderee huet eppes ze verstoppen. Och de Polizist Luc Capitani schéngt e battert Geheimnis mat sech ronderëm ze schleefen.

An da soll mol ee soen, an engem Duerf wär et langweileg. Nee et ass ee komplizéiert Netz voller Intrigen – näischt ass sou wéi et schéngt. D’Geschicht spillt sech bannen 8 Deeg of, d’Titele vun den eenzelen Episode sinn Zeilen aus Lidder an Texter vum Michel Lentz.

Et géing e bal mengen, de Luc Schiltz hätt d’Roll Capitani op de Leif geschriwwe kritt. Och d’Sophie Mousel, wat déi jonk Polizistin Elsa Ley spillt an dem Capitani zu Säit steet, bestécht duerch en iwwerzeegend Schauspill. Fir Netflix gouf déi erfollegräich Serie nach op Däitsch, Franséisch an Englesch synchroniséiert.

Och dat ass gelongen, mir hunn eragelauschtert. D’Folgen si mat hire knapp 30 Minutten net ze laang, d’Spannung bleift permanent. Ee Serienofschloss léist bei eis ëmmer gemëschte Gefiller aus, entweder et ass gutt oder se verschäissen engem déi ganz Serie. Beim Capitani waren se d’Kiischt um Kuch, kleng Réckblécker loossen eis d’Geschicht besser verstoen. Mir si wonschlos glécklech!

Capitani ënnerscheet sech vu sou munch aner lëtzebuergesche Produktiounen, Kameraféierung, Dialog, Besetzung, alles passt – dës Serie huet tatsächlech d’Potenzial grouss erauszekommen. Eenzege Kritikpunkt: D’Autopsie mat de Kichemesseren… Authentizitéit gesäit anescht aus. Dat geet nach besser.

Elo gëtt et Zäit fir déi zweet Staffel, Lëtzebuerg freet sech schonn drop! Gutt, datt d’Dréiaarbechte schonn am Mäerz uginn.

Illustratioun: © Samsa Film

Related topics Capitani, Krimi-Serie, Lëtzebuergesch, Netflix, Samsa Film
Next post Previous post