Search

You may also like

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire
Neiegkeeten

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire

D‘Crew vun der „Alan Kurdi“ – vun der däitscher ONG

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
Neiegkeeten

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

money
Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Haut kritt Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d’Erfuerschung an d’Notzung vun

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt

Et ass es de schlechten Noriichten iwwerdrësseg. De Klimaplang, d‘Erhéijung vun den Accisen an d‘Verännerunge bei der Berechnung vun der Autostax… an elo geet och schonn de Chômage nees an d‘Luucht. Gutt ugesiichts de sëlleche Sozialpläng (Mahle-Behr, RBC an anerer) kee Wonner.

Wann ee sech dann awer den Zuelen unhëlt déi d‘ADEM gëschter virgeluecht huet, da gëtt et nach net wierklech e Grond sech Chrëschtdag versauen ze loossen. Woubäi wann e liest datt de Chômage iwwert Joer ëm 6,5% geklommen ass, dës Zouversiicht muss erkläert ginn. An effektiven Zuele bedeiten dës 6,5% 943 Eenheeten. Op den 30. November waren esou 15.351 Residenten op der ADEM ageschriwwen. D‘Beschäftegung ass am selwechten Zäitraum awer och 3,7% geklommen.

Wou kënnt dës Hausse hir? Laut der ADEM hänkt dat domatter zesummen, datt déi nei Prozedur fir sech anzeschreiwen en Decalage mat sech bruecht huet, wat sech d‘Statistik ausgewierkt huet. Dofir wier jo och d‘Zuel vun de „Grenzgänger“ déi ageschriwwe sinn konsequent zréck gaangen(-6,8%). D‘Zuel vun de Leit déi an enger „Mesure“ stieche bleift stabel (-0,2%). Et sinn nach ëmmer méi Damme wéi Hären op der Sich no enger Schaff, an de Grupp vun de 45 Järege läit un der Spëtzt.

Foto: Pixabay

Related topics ADEM, Chômage
Next post Previous post