Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughing
Wetten, dass du dës Plazen net erëm erkenns!
Cool Neiegkeeten

Wetten, dass du dës Plazen net erëm erkenns!

Wéi gutt kanns du eis Koppen, Séien, Flëss a Monumenter

Den Taux vun de Gebuerten an der EU bleift relativ stabil
Cool Neiegkeeten

Den Taux vun de Gebuerten an der EU bleift relativ stabil

1,60 Kanner kommen an Europa 2016 pro Fra op d’Welt.

Den Etat d’Urgence, erkläert
Cool Neiegkeeten

Den Etat d’Urgence, erkläert

Demnächst gëtt an der Chamber zum Thema vum Etat d’Urgence

cool

De Chômage zu Lëtzebuerg geet zréck

Säit 13 Méint entwéckelen sech d'Zuele positiv

De Chômage zu Lëtzebuerg geet zréck

De Wuesstem aus wirtschaftlecher Siicht dréit, wann ee sech d’Zuele vun der ADEM ukuckt, seng Friichten. Heirauser geet ervir, datt zu, 31. Mee nëmmen nach 15.465 Leit zu Lëtzebuerg op der Sich no enger Schaff waren.

Op ee Joer gekuckt, sinn dat der 866 Manner. Et entsprécht enger Baisse vun 5,3%. De Chômage-Taux bleift domadder op 6%, dem selwechten Niveau wéi am Abrëll, awer 0,4% ënnert dem Niveau vu Mee 2016. Zuelen also déi dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) dierfte gefalen.

Et geet generell Biergop

Eng gutt Nouvelle ass, bei noer Betruechtung vun den Zuelen, datt et och fir déi méi schlecht gestallte Mënschen an eiser Gesellschaft nees Biergop geet. Bei deene mat gesondheetleche Problemer ass de Réckgang (op d’Joer gesinn) mat 7% beträchtlech. Bei deenen déi als manner qualifizéiert agestuuft sinn ass et Réckgang vun 9,7% an fir Leit déi scho méi wéi 12 Méint ageschriwwe sinn, nach emol eng Baisse vu 7,9%.

Och d’Zuel vun den Demandeuren, déi an enger „Mesure“ ageschriwwe sinn, ass réckleefeg. Waren et der am Mee 2016 nach 5.502, esou sinn et der Haut nach just 5.403. Mee 2017 ass domadder den 13. Mount a folleg wou d’Zuelen an dësem Beräich réckleefeg sinn.

Leider gesäit et fir verschidde Mesuren net esou gutt aus. Esou verzeechnen déi „besonnesch“ Mesuren eng Hausse vun 141 Unitéiten an engem Joer. Och gëtt et méi Formatiounen (+110) wat u sech net schlecht ass, bedenkt een, datt déi Leit besser Chancen um Aarbechtsmaart sollten hunn.

Am Mee haten d’Patronen 3.560 oppe Plaze gemellt. Dat entsprécht enger Hausse vu 17,4% géintiwwer dem leschte Joer. Detailléiert Tableau’en sinn um Statistik-Portal vun der Regierung anzegesinn.

Ähnlech Sujeten Aarbechtslosegkeet, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    3

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0