Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien: den Artikel 155, erkläert
Neiegkeeten

Katalounien: den Artikel 155, erkläert

Déi spuenesch Regierung wëll mat aller Gewalt d‘Kontroll iwwert dat

surprise
D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren
Neiegkeeten

D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren

Et ergeet dem EU-Kommissär fir d‘Sécherheet an der Unioun, Julian

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament
Neiegkeeten

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament

Faschisten, rietsradikaler a Gläichgesënnter aus néng Länner hunn sech am

De Chômage zu Lëtzebuerg weider Réckleefeg

De Chômage zu Lëtzebuerg weider Réckleefeg

Zum 31. Juli ware bei der ADEM 16,296 Leit gemellt déi eng Schaff sichen. Op ee Joer gerechent, sinn dat 338 Persoune Manner, wat enger Baisse vun 2% entsprécht. De Chômage-Taux etabléiert sech esou bei 6,1%.

Am Verglach zu Juli 2016, hu sech méi Leit ageschriwwen (+135). Zuelen déi een awer dierf relativiséieren. Et sinn dat hei virun allem Leit aus dem Interim-Beräich, an do dann och aus der Baubranche. Dat hänkt mat de Kollektivcongéen zesummen, well generell am Juli an am August manner um Bau geschafft gëtt.

D‘Zuel vun de Leit déi an enger Aarbechtsmesure ënnerbruecht waren, geet och zréck. Waren et der am Juli 2016 nach 5.171, esou sinn et der 2017 just 5.098. Domadder ass Juli 2017 de 15. Mount a folleg wou dës Zuel sech no ënne beweegt.

Och op der Säit vum Patronat sinn d‘Zuelen erfreelech. D‘Entreprisen hunn der ADEM 2.905 fräi Aarbechtsplaze gemellt. Dat entsprécht enger Hausse vu 15,9% géintiwwer dem Juli 2016. D‘Progressioun hei ass enger gudder Konjunktur geschëlt. Dat besonnesch am Beräich vun der Comptabilitéit, Sekretariat an Managementberodung.

Detailléiert Informatiounen zu de fräie Plaze kann een op OPEN DATA fannen

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Konkjunktur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel