Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier
Erkläert Stories

https://moien.lu/permaculture-dating/

Gëschter Moien um 10:30 Auer ass beim CGDIS ee Feier

crew me dating app
https://moien.lu/internet-dating-dos-and-donts/
Erkläert Stories

Partnerschaft tëscht Cargolux an Emirates Skycargo

Zu München gouf en Dënschdeg tëscht der Cargolux an Emirates

Een Treffen tëscht dem Dan Kersch an dem Ján Richter
Erkläert Stories

Een Treffen tëscht dem Dan Kersch an dem Ján Richter

Den Dan Kersch, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung, Sozial- a

De Christopher Street Day, erkläert

De Christopher Street Day, erkläert

Et ass kee klenge Rendez-Vous, deen haut um Kalenner steet: De Christopher Street Day bréngt all Joer grouss Manifestatioune mat sech. Mee wourëm geet et eigentlech?

Wat ass den Ursprong?

Déi sougenannte „Stonewall Riots“: 1969 gouf et um 28. Juni eng Demonstratioun beim Stonewall Inn, enger Bar a Greenwich Village, New York. Dëst gëllt als Startzäitpunkt vun der Befreiungswell vun den Homosexuellen. D’Bar war en Treffpunkt vun den Homosexuellen aus deem Quartier a gouf regelméisseg vun der Police kontrolléiert. Dobäi hunn d’Poliziste gären iwwert Strengt geschloen, wat d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet.

Wourëm geet et?

Ganz global betruecht em d’Rechter vun der LGBT-Communitéit. Aktuell ass déi an den USA ëmsou méi aktiv ginn, vue datt hier Rechter och duerch den Donald Trump erëm attackéiert ginn. Bemierkenswäert ass, datt de Mouvement, deen säin Ursprong an den USA hat, mëttlerweil op der ganzer Welt vertrueden ass. Dobäi ka bei den eenzelne Manifestatiounen och op méi lokal Problemer opmierksam gemaach ginn.

Wat gëtt gemaach?

Typesch sinn d’Pride Paraden, wou Cortègen duerch d’Stroossen zéien. Dobäi geet et ënnert anerem dorëm, sech fir d‘Rechter vun LGBT-Persounen anzesetzen a fir Visibilitéit ze suergen. Dës Fester ginn och oft genotzt, fir op politesch a gesellschaftlech Problemer opmierksam ze maachen.

Wat geschitt zu Lëtzebuerg?

Nächst Woch ass erëm GayMat, déi grouss Gaypride vu Lëtzebuerg. Och dëst Joer gëtt se erëm zu Esch organiséiert. Dëst Joer fënnt se vum 1. – 8. Juli statt. Méi Infos op hirem Site.

Ähnlech Sujeten Christopher Streed Day, Erkläert, LGBT
Nächsten Artikel Virrechten Artikel