Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat grousst Geschäft
Neiegkeeten

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt
Neiegkeeten

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt

Wéi gëschter annoncéiert ginn ass, wäert d’Frankfurter Buchmesse tatsächlech vum 14.

dislike
Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes
Neiegkeeten

Editorial: Reklamm fir de Konsument mat niddregem Akommes

Elo ass en dann endlech gestart, dee faméisen Tour vu

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng

Diddelenger Industriezon „Riedgen“ beschtens gëeegent fir d‘Pompjeeën opzehuelen

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng

Den 20. Mee hat den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) nogefrot, wéi et ëm de Projet vun engem gemeinsame Rettungsdéngschtzenter (CIS) fir d‘Gemenge Beetebuerg an Diddeleng steet. Eng Iddi déi elo e Joerzéngt laang gemautscht huet, a fir déi et laut engem Schreiwes vum CGDIS vu Mëtt Februar, dann elo och en Terrain fonnt gi wier.

A senger Äntwert geet d‘Taina Bofferding kuerz op d‘Hierarchie vun den Tâchen an, preziséiert dann awer, datt d‘Gemeng Diddeleng tatsächlech no engem Terrain fir déi nei Pompjeeskasär siche géif, an et esouguer fënnef Site gëtt, déi sech eegene géifen. Schliisslech handelt et sech bei dësem Projet ëm d‘Opstelle vun engem CIS vun der Kategorie 4, also net grad eng „mince Affär“.

Ee vun den Terrainen dee gutt géif passen, läit an direkter Noperschaft zur kanadescher Entreprise HUSKY (Industriezon Riedgen) a gehéiert dem Wirtschaftsministère. De Minister a Parteikolleg vun der Ministesch. kann dëser esou e wichtege Gefalen net ofschloen. Eng Etüd an déi néideg Impaktanalyse fir d‘Ëmwelt, esou wéi méiglech Kompenséierungsmoossname sinn an der Maach.

Foto: Michael Schwarzenberger/Pixabay

Ähnlech Sujeten CGDIS, CIS, CIS Beetebuerg-Diddeleng, Etienne Schneider, Gusty Graas, Rettungsdéngschter, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel