Search

You may also like

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord
Neiegkeeten

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord

Zanter der Erëffnung fir de Public 1933, kënnen d‘Kasematte vum

SITTA: EP-Release zu Diddeleng!
Neiegkeeten

SITTA: EP-Release zu Diddeleng!

Den 3. Abrëll kënnt déi éischt EP mam Titel „Part

Kee Relais pour la Vie 2020 duerch de Coronavirus
Neiegkeeten

Kee Relais pour la Vie 2020 duerch de Coronavirus

Wéi d’Fondation Cancer elo leider matgedeelt huet wäert déi dësjäreg

Am Horesca-Secteur gëtt sech op de Confinement virbereet

Am Horesca-Secteur gëtt sech op de Confinement virbereet

Et ass wuel nach iwwerhaapt näischt decidéiert ginn an et dierft och déi nächst Woch nach net zur Ofstëmmung vum revidéierte Covid19-Gesetz kommen. Mee dank der Kommunikatiounsstrategie, déi sech d‘Regierung ginn huet, bereet sech den Horesca-Secteur schonn emol op dat Schlëmmst vir an stellt sech op den zweete Confinement an. Dobäi soll dach grad dee verhënnert ginn.

Mee am Secteur ass d‘Stëmmung ënner „Normalnull“ gefall an d‘Angscht déi ëmgeet ass sécher net onbegrënnt. Schliisslech kënnen déi Leit schreiwen a liesen, firwat hinnen dann och net entgeet, wat sech esou bei den Noperen deet. An dat wat sech „do deet“ ass näischt wat engem gutt Laun bereet. Op an der Belsch, Däitschland oder Frankräich, iwwerall sinn d‘Bistroen an d‘Restauranten zou.

ConfinementEsou Biller wéi hei zu London, kéint een an den nächste Wochen och hei zu Lëtzebuerg gesinn. Vun engem „totale“ Lockdown allerdéngs sollt een den Ament nach net ausgoen. Et läit jo och am Interessi vun der Regierung d‘Wirtschaft um lafen ze halen. © Etienne Godiart / unsplash

Vun do aus drop ze schléissen, datt och Lëtzebuerg en zweete Lockdown wäert aféieren ass wuel eppes fréi, mee och net wierklech auszeschléissen. Et wier allerdéngs eng Feelaschätzung dovunner auszegoen, datt esou ee méigleche Confinement, dem Horesca-Secteur geschëlt ass. Et gëtt wuel „schwaarz Schof“, mee am allgemengen huet de Secteur alles gemaach wat vun him verlaangt gouf.

Esou eppes dréckt op d‘Gemitt an den éischte Confinement huet jo schonn eppes Affer gefuerdert, firwat der vill am Horesca-Secteur fäerten héich Investitiounen „ëmsoss“ gemaach ze hunn. Et sinn dann och an éischter Linn d‘Bistroen déi ënnert engem méigleche Lockdown géife leiden. Vill dierften den 2. Confinement wirtschaftlech net iwwerstoen. Bei de Restauranten ass et net besser…

ConfinementOch zu Parma (Italien) hat den Horesca-Secteur sech un d‘Oplage gehalen an esouguer d‘Gäscht hu brav hir Mask ugedoen. De Confinement ass hinnen net erspuert bliwwen. © Gabriella Clare Marino / unsplash

Sécher, scho wéi am Etat de Kris, sollen d‘Restauranten de Liwwerservice oder den „Take Out“ weiderféiere kënnen. Dat awer ersetzt erfarungsgeméiss net de gewinnten Ëmsaz, vun engem Betrib deen normal schaffe kann. Wierklech Geld léisst sech net verdéngen, d‘Käschte loossen sech esou och net decken. Fir déi meescht ass et scho gutt, wa Loyer a Fixkäschten kënnen ofgedeckt ginn.

A wann et och net sollt zu engem volle Lockdown kommen, et méiglecherweis just derzou kënnt datt d‘Spärstonn virgezunn an esou Owes d‘Restauranten an d‘Bistroe missten zoumaachen, fir den Horesca-Secteur bleift d‘Zukunft ongewëss. Et ass elo awer och net esou, datt d‘Regierung d‘Hänn an de Schouss géif leeën. Et wäert awer net ausbleiwen, datt der dës Kéier op der Streck bleiwen.

Illustratioun: Wann s de däi Liiblingsplat nach just dierfs siche goen, awer net méi mat de Copainen um Dësch genéisse kanns, da weess de datt s de nees am Lockdown bass. © Dan Burton / unsplash

Related topics Bistro, Café, Confinement, Covid19-Gesetz, Horesca-Secteur, Lockdown, Restaurant
Next post Previous post