Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen
Neiegkeeten

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef, deen all Joers de

dislike
Florida gëtt sech e Gesetz mat deem Schoulmeeschter bewaffent kënne ginn
Neiegkeeten

Florida gëtt sech e Gesetz mat deem Schoulmeeschter bewaffent kënne ginn

E Mëttwoch huet de Kongress vu Florida e Gesetz gestëmmt,

love
Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons
Neiegkeeten

Al Steng: e kulturellen Exkurs op Soissons

Um Dënschdeg waren de Groussherzog Henri an de Staatssekretär Guy

Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?

Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?

Gëschter war déi éischt Sëtzung vun der neier Regierung ënnert der Leedung vum Premier Minister Xavier Bettel. Verschidden Theme goufen hei behandelt.

De Regierungsrot huet fir un ze fänken iwwert de Projet fir eng Veruerdnung vun der Constitutioun vun de Ministeren diskutéiert. Uschléissend gouf et een Echange iwwert d’Dossiere vun der europäescher an internationaler aktueller Politik.

D’Ministeren, déi um Conseil deel geholl hunn, hunn hiren Accord ginn zum groussherzogleche Projet fir eng Fixatioun vum legalen Zënssaz. Fir 2019 ass den Taux op 2,00 % fest geluecht ginn.

Mee och de Projet fir d’Ännerung vun der Reglementatioun vum 16. Dezember 2011 iwwert Installatiounen, Aarbechten a verbueden Aktivitéiten, respektiv Aktivitéiten, déi eng Autorisatioun vun der sanitärer Protektiounszon II vun der Staumauer zu Esch-Sauer verlaangen, gouf thematiséiert. Den aktuelle Projet gesäit fir, datt bis zum 22. Dezember 2018 d’Gesetz vum 27. Mee 1961 ausser Kraaft trëtt. Dëst Gesetz bezitt sech eben ob déi sanitär Schutzmesure vun der Staumauer, d’Akraafttriede vun agegrenzte Schutzzone ronderëm de Stauséi an d’Bestëmmunge vun den Installatiounen, Aarbechten a verbueden Aktivitéiten, respektiv Aktivitéiten, déi eng Autorisatioun an dësen Zone verlaangen.

Zu gudder Lescht gouf den Här Jacques Thill als Generalsekretär vum Regierungsrot nominéiert. Den Här Jacques Flies gëtt säin Stellvertrieder.

Foto: (1. Rei v.l.n.r.) Claude Meisch, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, sou wéi Minister vum Héichschoulwiesen an der Fuerschung; Pierre Gramegna, Finanzminister; Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung, sou wéi Minister fir déi sozial Sécherheet; Félix Baz, Vizer-Premierminister a Justizminister; Xavier Bettel, Premierminister, Staats- a Medieminister, Kulturminister, Minister fir Digitaliséierung a fir d’Verwaltungsreform; Etienne Schneider, Vizer-Premierminister, Wirtschafts- a Gesondheetsminister; Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister, Minister fir Immigratioun an Asyl; François Bausch, Verdeedegungsminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Minister fir bannenzeg Sécherheet; Dan Kersch, Sportminister, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir sozial a solidaresch Ekonomie.

(2. Rei v.l.n.r.) Lex Delles, Minister fir Mëttelstand an Tourismus; Sam Tanson, Kulturministesch, Wunnengsbauministesch; Claude Turmes, Minister fir Raumplanung an Energie; Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d’Groussregioun; Marc Hansen, Minister fir d’Fonction publique, Minister fir d’Bezéiung zum Parlament, delegéierte Minister fir Digitaliséierung a fir d’Verwaltungsreform; Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Ministesch fir Konsumenteschutz; Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung tëschent Fraen a Männer, Inneministesch

© SIP / Emmanuel Claude, all Rechter virbehalen

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Claude Meisch, Claude Turmes, Corinne Cahen, Dan Kersch, Etienne Schneider, Félix Baz, François Bausch, Jean Asselborn, Lex Delles, Marc Hansen, Paulette Lenert, Pierre Gramegna, Regierungsrotsëtzung, Romain Schneider, Sam Tanson, Taina Bofferding, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel