Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

C’est Karma um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

C’est Karma um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

dislikesurprise
De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen
Neiegkeeten

De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet um Mëttwoch ugekënnegt,

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen
Neiegkeeten

(Nach) keng verschäerfte Covid19-Reegelen

Et war ze erwaarden, datt nodeems de Xavier Bettel an

De Covid19 fuerdert nei Affer

De Covid19 fuerdert nei Affer

Et gëtt nach ëmmer Mënschen am Land déi sech schwéier dinn d‘Covid19-Pandemie als eng reell Bedreeung fir Leif a Séil unzëerkennen, mee déi plakeg Fakte schwätzen eng däitlech Sprooch: Et stierwe Leit un dëser Infektiounskrankheet. Esou eng Persoun um Méindeg an eng weider gëschter, wat d‘Zuel vun den Affer op elo 122 erhéicht huet.

An de leschte 24 Stonne sinn dann och 26 Persounen, wouvunner 1 net-Resident, positiv getest ginn an den Total vun den Infektioune bei eis zu Lëtzebuerg huet op en Dënschdeg Owend 7.263 Fäll bedroen. 45 Persoune mussen am Spidol behandelt ginn, dat sinn der 5 méi wéi nach e Méindeg, an dovunner befannen sech 4 Patienten (-2 géintiwwer dem Virdag) op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell 898 offiziell „Aktiv Infektiounen“ (-27) wat als „gutt“ dierf bewäert ginn. Um Dënschdeg goufen 6.051 PCR-Tester duerchgefouert, wat bezunn op d‘Summervakanz net schlecht ass. Et muss een op dëser Plaz awer ëmmer nees drop hiweisen dierfen, datt et wierklech sënnvoll ass, sech testen ze loossen, firwat een d‘Invitatioun dozou honoréiere sollt.

Mir wäerte mat dësem Phenomen nach eng länger Zäit ze kämpfen hunn, zumindest bis et ee Vaccin gëtt. An d‘sich no engem Impfstoff gëtt jo weltwäit virugedriwwen. Ronn 170 Projete gëtt et, an eng Rei erfreelech Noriichten och. Esou hunn d‘Russen den Impfstoff „Sputnik-V“ gëschter ganz offiziell zougelooss, woubäi sech hei net soll un international Standarde gehale gi sinn.

Op a wéi gutt dësen Impfstoff ass léisst sech vun dëser Säit aus net erklären, an och déi russesch Bevëlkerung wäert bis zum Fréijoer net vun dësem Vaccin profitéiere kënnen. Dee soll fir unzefänke vun den Dokteren an de Leit aus dem Fleegesecteur „ausprobéiert“ ginn. Esou zumindest de leschten Informatiounsstand. A bis et en Impfstoff gëtt, sollt ee sech un d‘Regelen halen.

Illustratioun: © SJ Obijo / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Covid19-Impfstoff, Neiinfektiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel