Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!
Neiegkeeten

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!

Säit 2001 organiséiert d’Lëtzebuerger Regierung all Joer d’Hëllefaktioun am Wanter,

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch
Neiegkeeten

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch

Am Kontext vun der Mobilitéitswoch an dem Hype ronderëm Klimawandel

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus
Neiegkeeten

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus

Ugefaangen huet dat Ganzt de 14. November, wéi ee Grupp

De Covid19 suergt fir eidel Keesen

D‘Kranken- a Maternitéitsversécherung leescht sech en operationellen Defizit an héicht vun enger hallwer Milliard Euro

De Covid19 suergt fir eidel Keesen

D‘Nouvelle sinn net déi bescht an awer geet et eis am internationale Vergläich nach ëmmer, bezunn op d‘Ëmstänn, verhältnesméisseg gutt. Datt de Sozialminister Romain Schneider (LSAP) awer eng béis Minn verzunn huet, ass den Aussiichte geschëlt, déi mat de Previsiounen zur finanzieller Lag bei der Kranken- a Maternitéitsversécherung (AMM) anhier ginn. Domadder muss een elo ëmgoen.

Wann een eppes zeréckbléckt an sech un den Iwwerschoss vun 102 Milliounen an Erënnerung rifft, kann ee verstoen, datt de Romain Schneider bei engem annoncéierten operationellen Defizit an Héicht vu 551 Milliounen Euro de Bauch wéi an zimmlech Kappzerbrieches huet. Gëschter huet de Minister dann emol e puer Zuele virgeluecht, déi verständlech maache wou de Schong dréckt.

Esou sinn d‘Ausgaben 2020 ëm 22,4% geklommen. Dorausser ergëtt sech eng Gesamtausgab vu ronn 3,7 Milliarden Euro. Vir d‘Verhältnis ze verdäitlechen: normalerweis läit d‘Progressioun hei bei ronn 7%/Joer. De kumuléierte globale Saldo wäert also fir 2019 bei 971,7 Millioune leien, wat en Drëttel vun de lafenden Ausgaben ausmécht. Fir 2020 fält dësen op 420,7 Milliounen Euro.

De Virausbléck op 2021 ass och net zefriddestellend. Hei ass rieds vun engem Desequiliber bei de lafenden Operatioune vu ronn -215 Milliounen Euro. Dat heescht iwwersat: d‘Recetten decken d‘Ausgaben net méi. Dat hätten sech d‘Vertrieder vun der Quadripartite „Santé“ esou virun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, am Liewen net erwaart.

(v.l.n.r.) Paulette Lenert, Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet; Pierre Gramegna, Finanzminister; Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet © Gesondheetsministère

D‘Gewerkschafte sinn alarméiert

Fir de Vertrieder vum OGBL, Carlos Pereira, ass d‘Situatioun wuel wäitaus besser wéi soss en der Unioun, mee wann d‘Reserve vun eppes iwwer 30% op bal 5% schmëlzen, muss een dierfe vun enger onbefriddegender Lag schwätzen. Bei dësen Zuelen, esou de Gewerkschaftler, ass dovunner auszegoen, datt et wäert zu Gespréicher hisiichtlech enger Erhéijung vun de Cotisatioune kommen.

Dat ass dem Fait geschëlt, datt ee sech sengerzäit drop verstännegt hat, datt d‘Reserve mindestens 10% ausmaache mussen. Sécher wier een den Ament nach mat „Previsioune“ beschäftegt, mee et dierf een awer d‘Ausgabe vum Congé aus familiäre Grënn (301 Milliounen Euro) an d‘Indemnitéit fir de Krankestand tëscht dem 1. Abrëll an dem Enn vun der Kris (156 Milliounen) net iwwersinn.

Säitens de Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) ass nach keen Agräife vun der Regierung virgesinn. Si verweist drop, datt den Decompte sech eréischt am Verlaf vum 2. Semester maache léist, wann all d‘Deklaratioune beim Sozialministère virleien. Et kann een dann awer och dem Romain Schneider zoustëmmen, wann dëse betount datt mir dank der Reserv flexibel waren.

Dat Geld dat do zréckgeluecht gouf, hätt et der Regierung erméiglecht pragmatesch Decisiounen ze huelen. Zudeem stëmmt et, datt de Solidaritéitsprinzip sech bewisen an den Impakt vun der Kris zolidd ofgefiedert huet. Dat erlaabt dem Land zudeem, datt déi bei de leschte Sëtzunge vun der Quadripartite beschlossen nei Prestatiounen awer agefouert kënne ginn. Hoffentlech bleift et esou.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet; Pierre Gramegna, Finanzminister © Gesondheetsministère

Ähnlech Sujeten AMM, Carlos Pereira, Gesondheetsministère, OGBL, Paulette Lenert, Romain Schneider, Sozialministère, Sozialversécherung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel