Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkorea: Moskau net op der Linn vu Washington
International Stories

Nordkorea: Moskau net op der Linn vu Washington

Um Donneschdeg hunn d‘USA hiren Drock op China erneiert, fir

Loscht op e gutt Buch?
International Stories

Loscht op e gutt Buch?

De Wanter steet net méi virun, mee iergendwéi scho matten

Covid19-Gesetz gouf verschäerft
International Stories

Covid19-Gesetz gouf verschäerft

De Xavier Bettel hat sech e Sonndeg eng Auszäit vum

De Fall John F. Kennedy: entweder et seet een alles oder näischt!

De Fall John F. Kennedy: entweder et seet een alles oder näischt!

E Knuppert mat Zäitzünder oder just eng naass Wick? D’Trump-Administratioun huet Milliounen Dokumenter zum Attentat op den amerikanesche President John F. Kennedy verëffentlecht. Dossieren, déi ee puer Detailer zu engem Virfall präisginn deen d’Welt aus den Aangele gehuewen hat. Déi offiziell „Versioun“ gëtt heimatter awer explizit net a Fro gestallt.

Iwwert en halleft Joerhonnert nom Doud vum „JFK“ den 22. November 1963 zu Dallas si ganzer 2.891 Dossieren um Site vun den nationalen Archive verëffentlecht ginn. Allerdéngs huet den Donald Trump d’Enthüllung vun Dokumenter, déi als ze vill sensibel agestuuft sinn, net zougelooss. Déi solle fréistens a sechs Méint ëffentlech gemaach ginn. Eng Moossnam déi eenzeg de sëlleche Verschwierungstheorien zu engem méigleche Komplett neit Fudder gëtt.

An d’Experten erwaarden sech dann och keng grouss Revelatiounen an den iwwer fënnef Milliounen Dokumenter. Zudeem brauch et Méint fir dës Informatiounen ze verschaffen. Den US-President ass awer mat sech an der Welt zefridden, wéi säin Tweet vum Freidegmoien erkenne léisst: „D’JFK-Dossieren si mat Beduecht verëffentlecht. Um Enn steet eng grouss Transparenz. Ech sinn zouversiichtlech zimlech alles der Ëffentlechkeet bekannt ze maachen“.

Eng Zäitrees

Verschidden Dokumenter ginn zréck bis 1962, also gutt e Joer virun der Ermordung vum 35. US-President. E Muerd deen dem Lee Harvey Oswald zougestane gëtt, engem fréiere „Marine“ deen eleng gehandelt soll hunn. Dat zumindest ass d’Versioun vun der Warren-Kommissioun, déi sengerzäit mat der Enquête beoptraagt war.

Kennedy

E Bild vum Lee Harvey Oswald opgeholl den 22. November 1963 bei enger Pressekonferenz no senger Verhaftung. Hie sollt kuerz drop vum Jack Ruby am Büro vun der Police vun Dallas erschoss ginn. © Stringer/AFP

Exposéiert ginn an de sëllechen Dokumenter d’Intrige vu der deemoleger Zäit. Esou beispillsweis ee vun der CIA ugestëfte Komplott direkt ugangs der Presidence vum Demokrat. D’CIA hat dem Mafiaboss Sam Giancana 150.000 US-Dollar ugebuede fir de kubanesche Leader Fidel Castro ze ermuerksen. Déi verëffentlecht Dossieren enthalen och Informatiounen iwwert de Fait, datt den FBI vun engem Plang, de President ze ermorde, gewosst huet.

Och déi vu Moskau virbruechte Verdächtegungen iwwert eng Konspiratioun säitens den amerikanesche Rietsextremen, kann een hei noliesen. Elo muss een hei dann awer ënnersträichen, datt villes dovunner just Berichter vun der federalen Agente sinn, déi sech op falsch Pistë bezéien.

(K)eng Spuer féiert an d’Sowjetunioun

Wa verschidden Theorien op Verbindungen tëscht dem Oswald, Kuba an der Sowjetunioun, esou widdersprécht hei e Memo vum FBI aus dem Joer 1963. Esou erkläert eng Quell, datt „déi Verantwortlech vun der kommunistescher Partei an der Sowjetunioun geduecht hunn, datt ee gutt organiséierte Komplott vun de Rietsextremen an den USA géif gi fir ee Staatsstreech ze begoen“.

D’Russen hätte gefaart, datt dësen Attentat als Virwand kéint genotzt ginn, fir „d’Verhandlunge mat der Sowjetunioun ofzebriechen, Kuba unzegräifen an de Krich ze erklären“. De Kreml hat sengerzäit dann och drop insistéiert „absolut keng Verbindung“ mam Oswald ze hunn. Dee war nämlech 1959 an d’Sowjetunioun iwwergelaf fir 1962 nees zréck an d’USA ze goen.

Elo huet den Donald Trump dann de Geheimdéngschter den Optrag ginn, bis Abrëll 2018 all déi als „sensibel“ betruechten Dokumenter ze duerchliichten an déi „delikat“ Passagen ze schwäerzen. Et geet hei notamment och drëms d’Spëtzel vum Geheimdéngscht an der Police ze schützen. Mee och „d’Aktivitéiten déi mat Hëllef vun auslänneschen Organisatioune gefouert goufen“ ënner Verschloss ze halen.

Enttäuschend

„Ech war béis enttäuscht“, vertraut der AFP de Philip Shenon un. Hien, den Auteur vun „A cruel and Shocking Act: the Secret History of the Kennedy Assassination“. „Mir hate schonn de gréissten Deel vun de verëffentlechten Dokumenter gesinn, mee déi ware partiell zenséiert. De groussen Deel vun de wichtegsten Dokumenter, op gewësse Manéier déi super geheim Dokumenter, sinn net verëffentlecht ginn“, bedauert de Philip Shenon, deen awer unerkennt, datt een hei interessant Informatiounen zur Hand huet.

Hien ernimmt esou d’Roserei vum FBI-Chef Edgar J. Hoover géintiwwer der net ze entschëllegender „Onfäegkeet“ vun der Police vun Dallas. Déi wier net emol amstand gewiescht den Oswald ze beschützen, obwuel ersiichtlech war, datt deem säi Liewen a Gefor war. De Lee Harvey Oswald war an de Raim vun der Police vum Jack Ruby, Patron vun engem zwiliichtegen Nuetsclub, erschoss ginn. Och ee vun de Virfäll déi de Verschwierungstheoretiker vill Argumenter geliwwert huet.

Kennedy

Bis haut si vill Amerikaner iwwerzeegt, datt de President John F. Kennedy vum eegene Geheimdéngscht ermuert ginn ass. © Tom Pennington/Getty Images/AFP

An esou hunn dann honnerte Publikatiounen a Filmer d’Theese vum Komplott geniert. Zum groussen Deel ass op déi kommunistesch Géigner vum „kale Krich“ mam Fanger gewise ginn. Mee och d’Mafia an esouguer de Vizepresident Lyndon B. Johnson, waren ëmmer en Thema an de Verschwierungstheorien.

„Geheim“ Dokumenter

Hypotheesen, déi no der Sortie (1991) vum Oliver Stone sengem Film „JFK“ nees zum Gespréich gi waren. Fir dem neien Debat deen heiduerch ausgeléist gi war kee fruchtbare Buedem ze bereeden, huet 1992 e Gesetz d’Verëffentlechung vun den Dokumenter beschloss.

An deem war dann och festgeluecht ginn, datt alles integral an ouni Zensur no 25 Joer misst der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn. Et dierf een dann awer och dovunner ausgoen, datt esouguer eng „integral“ Verëffentlechung, och de bossegsten Theorien net de Wand aus de Segele kann huelen.

„Wien och ëmmer mengt, datt en Dokument mam Titel ‘Membere vun der Konspiratioun fir de President Kennedy ze ermorden’ derbäi ass, dee ka laang waarden“, esou déi ironesch Bemierkung vum Larry Sabato, Professer fir politesch Wëssenschaften op der Universitéit vu Virginia an Auteur vun „The Kennedy Half-Century“.

„Fir all déi awer, déi un der Theorie vum Komplott wëlle festhalen, sinn all déi Dossieren déi geheim gehale ginn e Kaddo“, ënnersträicht de Professer. „Esou fiddert een nach méi déi konspirativ Theorien“.

Mam Chris Lefkow

Foto: En Archivbild vum John F. Kennedy, opgeholl den 24. Oktober 1962. Hei ënnerschreift den 35. US-President den Uerder fir d’Séiblokad vu Kuba. © archiv/AFP

Ähnlech Sujeten Attentat, Dallas, Donald Trump, Geheimdéngschter, John F. Kennedy
Nächsten Artikel Virrechten Artikel