Search

You may also like

Logement: Et muss besser ginn!
International Neiegkeeten

Logement: Et muss besser ginn!

D‘Kris am Logement ass net an de Grëff ze kréien,

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil
International Neiegkeeten

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil

Déi kleng A.s.b.l. mam Numm PInS ass säit dem 21.

Aweiung vun der neier CNS zu Ettelbréck
International Neiegkeeten

Aweiung vun der neier CNS zu Ettelbréck

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet, déi

De Feind am eegenen Haus

No der Messerattack komme Widderspréch op, war et elo awer eng terroristesch Aktioun?

De Feind am eegenen Haus

Zu Paräis war et Mëttwoch an der Mëttegstonn zu enger Messerattack komm. An der Prefektur op de Île de la Cité war en administrative Beamte vum Renseignement mat engem Messer op seng Kollegen a Cheffin lass gaangen. Fënnef Mënschen si bei dësem Virfall ëm d‘Liewe komm.

Um Mëttwoch selwer, d‘Enquête war eréischt ugelaf, hunn de franséischen Inneminister Christophe Castaner an de Chef-Enquêteur Rémy Heitz matgedeelt, datt de presuméierten Täter Mickael H. An 20 Déngschtjoer net opfälleg ginn ass, an dës Dot esou net ze erklären ass. De 45 järege Beamten, dee virun 18 Méint zum Islam iwwergetrueden ass, war zu dësem Ament net terrorverdächteg.

HausElo wou d‘Enquête nei Elementer geliwwert huet, dem Beamten seng Fra a „Garde-à-Vue“ sëtzt, huet et esouvill Hiweiser op eng reliéis motivéiert Dot ginn, datt d‘Anti-Terror-Staatsanwaltschaft den Dossier huet missen iwwerhuelen. Unhand de Faite gëtt elo wéinst „Mord a versichtem Mord un Amtspersounen an Zesummenhang mat enger terroristescher Vereenegung“ ermëttelt.

Nei Elementer fir d‘Enquête

Esou ass elo gewosst, datt de Mickael H. dat Keramikmesser kuerz iert hien op d‘Aarbecht gaangen ass kaf huet. Hie soll seng Fra per SMS iwwert des Transaktioun informéiert hunn. Déi huet him um selwechte Wee geäntwert: „Nëmme Gott kann dech riichten“. Si soll och am Kader vun der „Garde-à-Vue“ ausgesot hunn, datt hien den Dag virdrun onroueg war a „Stëmmen“ héieren hätt.

Haus

Un dësem Tweet erkennt een, wéi een Informatioun bewosst falsch interpretéiert. Weder vun den Autoritéiten, nach aus Regierungskreesser ass bis ewell behaapt ginn, datt de presuméierten Täter e sougenannten terroristesche „Schléifer“ soll gewiescht sinn. Mee et sinn déi Messagen – och well se liicht verständlech an souwisou an de Käpp vun de leit verankert sinn – déi alles ausser eng Hëllef zur Opklärung vun den Hannergrënn, déi zu dëser Dot gefouert hunn, bäidroen. Déi grouss „traditionell“ Medie gräifen esou eppes gären op, datt ass schliisslech gutt fir d‘Geschäft.

Dat alles sinn Elementer, déi géint eng „Affekthandlung“ schwätzen an natierlech mëscht sech ganz Frankräich iwwert den Ëmwee vun de sozialen Netzwierker an d‘Enquête an. Dës „Elementer“ deiten dann och zimlech däitlech drop hin, datt een an dësem schreckleche Virfall net méi vun engem Konflikt op der Aarbechtsplaz ausgoe kann. War de Mann dann elo„radikaliséiert“?

Nach ze fréi sech ze prononcéieren

Mat Sécherheet – an d‘Enquête ass wäit dovunner ofgeschloss ze sinn – léisst sech dat trotz villen Indizien net behaapten. De Chef vun der Paräisser Police, Didier Lallement, huet zwar nach emol betount, datt den Informatiker vun de Kollege geschätzt gouf an bis zur Dot net opgefall wier. Mee och hie wollt am Kontext vun der Enquête keng Hypothees ausschléissen. Elo gëtt et komplizéiert.

Haus

An nach esou ee Beispill wéi „Desinformatioun“ am weltwäiten Netz verbreet gëtt. An hei muss een elo net mengen, datt déi Leit wou esou eppes verbreeden, iergend e Matleed mat den Affer, hätten. Jo nach net emol Paräis interesséiert déi. Hei geet et ganz kloer a geziilt nëmmen ëm eppes: déi gesamt moslemesch Communautéit an Diskredit ze bréngen. Et ass scho ganz no drun, aner Leit zur Gewalt opzeruffen.

Datt de Mann vir de Renseignement vun der Police an der Abteilung zur Terrorbekämpfung täteg war, hien dann och net „kontrolléiert“ gëtt wann hien op d‘Schaff kennt, et also quasi zu enger Attack „vu bannen eraus“ komm ass, stellt d‘Police virun zolidd Erausfuerderungen. Wéi geet een elo mat Polizisten, déi der moslemescher Communautéit zougerechent ginn, zukünfteg ëm?

U sech wier een elo gutt beroden d‘Rou ze behalen an den Enquêteuren déi Zäit ze ginn, déi zur Opklärung noutwenneg ass. Komplizéiert gëtt esou eng Enquête dann awer, wann sech déi breet Mass – begrënnt oder och net – abréngt. Hei kann och net vu Schwarmintelligenz geschwat ginn.

mat Indymedia/par

Related topics Messerattack, Mickael Harpon, Paräis, Prefektur, Terror
Next post Previous post