Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament
Meenung Sport

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht

Fräi Tribün: dat Afrikanescht Polverfaass
Meenung Sport

Fräi Tribün: dat Afrikanescht Polverfaass

E Sonndeg soll an der demokratescher Republik Kongo gewielt ginn,

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt
Meenung Sport

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt

Diskussioun ronderëm de Verkéier kënnt an d’Rullen. Dat ass gutt,

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…

Et gëtt Mënschen, deene kanns alles vir an hannen erastiechen, an awer kréien se den Hals net voll. Esou de Flavio Becca, e „Geschäftsmann“ mam Charisma vun enger Police-Razzia mueres um 4. „Déckste Sponsor“ vum duerchaus erfollegräichen Diddelenger Fussballclub F91, a grad derbäi sech bei der UEFA en zolidd Täschegeld zesummenzespillen, hätt hie gäre méi wéi him zousteet.

Hien huet also dem Diddelenger Schäfferot domatter gedreet, datt sollt net an d‘Infrastrukturen investéiert ginn, hien sech en anere Club géif sichen. Gutt, et ass jo richteg, datt de Stade Jos Nosbaum ufänkt an den Alter ze kommen, an et am Ament net wierklech Alternative gëtt. Mee déi Diddelenger hunn e neien Terrain virgesinn, an dee soll bis 2023 bespillbar sinn.

Domatter net genuch, et ass dem Club, an esou indirekt dem Becca, zougeséchert ginn, datt am Budget 2019 finanziell Mëttel virgesi sinn, fir déi Aarbechten duerchzeféieren, déi néideg sinn. Et gëtt also en Accord mat der Gemeng. Elo gëtt gejéimert et géif net genuch Parkplazen. Ok, beim Stadion gëtt se dach tatsächlech net, an ausser et rappt een Haiser of, kommen och keng bäi.

Diddeleng verfüügt eigentlech iwwer genuch Parkingen, et sollen esouguer ginn, déi net emol wäit vum Stadion ewech sinn. An hei sollt een dach eigentlech unhuelen, datt och de Public dee Fussball kucke geet, net alleguerte physesch esou schlecht dru sinn, datt si bis bei d‘Tribün musse gedroe ginn. Wien sech also mat Zäiten op de Wee mécht, misst et och ze Fouss bis bei den Terrain packen.

Laut dem Diddelenger Buergermeeschter, Dan Biancalana, sinn an de leschten dräi Joer ganzer 3,5 Milliounen an de Veräin, deen op dräi Plazen iwwer 6 Terraine verfüügt, investéiert ginn. E puer honnert dausend Euro dierften nach an de Jos Nosbaum fléissen, an et musse Grondstécker kaf gi fir dee neie Stadion ze bauen. Ech sinn der Meenung, déi Diddelenger Gemeng mécht wat se kann.

A wann de Flavio „habe Flasche leer“ Becca der Meenung ass, datt hien anzwousch anescht ee bessere Veräi fënnt wou hie säin Täschegeld ka verbrennen, ma da lass, un Amateuren dierft et jo net feelen. An et huet bestëmmt all Veräin deen a Fro kënnt, eng Gemeng, déi dem Flavio e neie Stadion baut. Den F91 ass erfollegräich, och wéinst dem Flavio sengem Goss, awer net nëmmen.

Ähnlech Sujeten Dan Biancalana, Diddeleng, F91, Flavio Becca
Nächsten Artikel Virrechten Artikel