Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit
Neiegkeeten

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit

Wat der Däiwel huet den Dimitrios derzou gedriwwen, um Freideg

Chantier an der Sortie N°7 vum Echangeur Hamm
Neiegkeeten

Chantier an der Sortie N°7 vum Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Bretelle vun der Sortie

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond
Neiegkeeten

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Zanter dem 25 August, esou de Communiqué vun Dokteren ouni

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert

Um Donneschdeg hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) d‘Press agelueden, fir de Punkt ze maachen, zu verschidde Sujeten déi d‘Opnam vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg betreffen. Villes misst thematiséiert ginn, a ganz besonnesch d‘Würd vun de Mënsche beschäftegt den LFR.

Si hätten esou hir Problemer mam „begleeten Integratiounsparcours“ (PIA) deen d‘Regierung 2017 agefouert huet. De PIA soll d‘Demandeuren an d‘Beneficaire vum internationale Schutz (DPI/BPI) hëllefen autonom ze ginn an d‘Integratioun an de Mëttelpunkt stellen. Den LFR weist drop hin, datt d‘Selbststännegkeet am Foyer ufänkt, an dat och nëmme méiglech ass, wann d‘Leit iwwert déi entspriechend Mëttel verfügen.

Den LFR, deen sech op d‘Recommandatiounen aus dem PIA bezitt, besteet op d‘Berécksiichtegung vun den Ëmstänn, déi d‘Refugiée begleeden. Si hätte schwéier Traumaen, an d‘Erwaardungen déi duerch de PIA u si gestallt ginn, kënnen net ëmmer erfëllt ginn. Zudeem sollten d‘Refugiéeën e besseren Zougang zum Aarbechtsmaart erméiglecht kréien. Déi aktuell Prozedur wier ze laang, restriktiv a géif net der Realitéit entspriechen.

E weidere Sujet: d‘Transferte vun engem Foyer an en aneren. Wann een net a Fro stellt, datt et Transferte muss ginn, esou stellt den LFR fest, datt déi ouni Virbereedung an Informatioun, op eng ganz arbiträr Manéier stattfannen. Eng Moossnam déi vum LFR als traumatiséierend bezeechent gëtt. Besonnesch d‘Kanner géifen duerch esou Mesuren hir Bezuchspunkte verléieren. Hei fuerdert den LFR dann och ee kloert Konzept fir d‘Gestioun vun de Foyeren.

Den LFR huet och däitlech gemaach, datt eng „Retentioun“ vun ofgewisenen Demandeuren, besonnesch wann et sech ëm Kanner handelt, de falsche Wee ass. Hei ginn alternative gefuerdert, woubäi och d‘Promotioun vum fräiwëllege Retour misst entwéckelt ginn. An dësem Sënn sollt och d‘Struktur fir d‘Noutfäll um Kierchbierg (SHUK) iwwerduecht ginn. Se géif de Notzen net bréngen an d‘Fräiheet vun de Betraffenen aschränken.

Sech de Suerge vum LFR stellen

De Minister fir Immigratioun an Asyl, Jean Asselborn (LSAP), huet de Message kritt a stellt sech der Kritik. Näischt wier Perfekt a besser kann een et ëmmer maachen. Wat awer déi vum LFR ugeschwate Punkte betrëfft, esou misst een awer Verschiddenes kloerstellen an och erklären.

Wat d‘Retentioun ubelaangt, esou ass den Zäitraum fir Famillje mat Kanner ëm 72 Stonnen, op 7 Deeg verlängert ginn. Eng Ännerung laanscht déi ee net komm wier, well eng Verbesserung vun der Organisatioun an dem Oflaf vun der Zwangsréckféierung noutwenneg ass. Dat hänkt domatter zesummen, datt Familljen déi wëssen datt se d‘Land musse verloossen, sech virun der Police verstoppen. Déi brauch entspriechend méi Zäit fir d‘Leit ze fannen.

De Jean Asselborn weist hei awer drop hin, datt an der Praxis, d‘Retentioun vu Famillje wäit ënnert dem maximalen Zäitraum vu 7 Deeg bedréit. Hie weist de Virworf vum „Abus“ zréck a betount, datt d‘Autoritéiten eeschthaft beméit sinn, d‘Dauer vun der Retentioun ze begrenzen. Zudeem weist de Minister drop hin, datt 2017, op 514 Retouren, 154 Leit zwangsweis ausgewise goufen. 360 Persounen hätten d‘Land op fräiwëlleger Basis verlooss.

Wat de SHUK betrëfft, esou ass dës Struktur eng Alternativ zur Ënnerbréngung an engem Retentiounszenter. De Minister weess, datt de SHUK eng Struktur ass, déi mat engem Foyer net ze vergläichen ass, mee d‘Zoustänn net der Ëmschreiwung vum LFR entspriechen. Hien ënnersträicht zudeem, datt e psychosozialen Encadrement séchergestallt ass. D‘Kapassitéite vun den Zelter géifen zudeem respektéiert.

De Jean Asselborn erënnert dann och drun, datt de Recours virum Verwaltungsgeriicht, am Bezuch op en „Dublin-Transfert“ net suspensiv ass. Et géif dann och ëmmer en Delai vu 15 Deeg, no der Notifikatioun vum Transfert respektéiert, iert den Dublin-Transfert géif duerchgesat ginn. Parallel dozou kann all betraffe Persoun eng Verfügung beim Verwaltungsgeriicht areechen. Dës Verfügung suspendéiert systematesch den Transfert, bis zur Ordonnance vun der Verfügung.

Ähnlech Sujeten Dublin-Transfert, Jean Asselborn, Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, Refugié, Retentioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel