Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: E Stroummast gëtt erneiert
Money Neiegkeeten

tu conexion con los servidores de matchmaking no es estable

Wat fir deen een näischt Besonnesches ass, ka fir deen

brooks saddle dating
Money Neiegkeeten

Haut féiert Italien d‘Biergerakommes an

Et war ee vun den zentrale Wahlversprieche vum „Movimento 5

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg
Money Neiegkeeten

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Et war dat eloten schonn déi 24. Editioun vum „Luxembourg

money

Fir de „Food Village“ um Knuedler ginn nach Kandidate gesicht

Fir de „Food Village“ um Knuedler ginn nach Kandidate gesicht

Vun Ufank August bis Enn Oktober hat d‘Stad Lëtzebuerg um Knuedler ee sougenannte „Food Village“ ageriicht, deen zweemol d‘Woch als Complement zum Wochemaart installéiert ginn ass. Fir déi éischt Editioun ware siwe Kandidaturen zréckbehale ginn: Asia‘s Touch; T-Wraps Food Truck; Brasserie Guillaume; Deluxe Express Sàrl, CaféTree; Tartinerie Sàrl a Lëtzebuerger.

An dës „Aktioun“ muss erfollegräich gewiescht sinn, firwat et dann och ab Mäerz schonn zur 2. Editioun vum Food Village komme soll. An dësem Sënn lancéiert d‘Stad Lëtzebuerg dann elo och en neien Appell fir Kandidaten, déi sech mat hirer klenger Entreprise um Food Village bedeelege wëllen. Interessenten hunn nach bis den 12. Januar Zäit sech iwwert de Site vdl.lu anzeschreiwen.

FoodJiddereen deen iwwert eng Handelsermächtegung an/oder aner Autorisatiounen/Agreement verfüügt déi fir den Exercice vun der Aktivitéit noutwenneg sinn, ka seng Kandidatur stellen. Erlaabt ass nëmmen d‘Vente vun zoubereeten Iesswueren a Gedrénks déi een op der Plaz konsuméiere kann. All Kandidat deen zréckbehale gëtt, muss da vu Mäerz bis Enn August/Oktober all Mëttwoch op senger zougewisener Plaz vu 09 bis 14 Auer uwiesend sinn.

D‘Stad Lëtzebuerg leet grousse Wäert drop, datt respektvoll mat der Ëmwelt ëmgaange gëtt, firwat en Akzent op de richtegen Ëmgang mam Offall geluecht gëtt. E Fait dee besonnesch fir all Events, gastronomesch Fester a Foiren um Stater Territoire gëllt.

Am Kontext vum „Food Village“ encouragéiert d‘Stad Lëtzebuerg all d‘Geschäftsleit déi sech hei bedeelegen, eng ecoresponsabel Approche unzestriewen. Dat heescht: méiglechst saisonal Produiten aus regionaler Produktioun ze notzen, am léifsten „Bio“ an/oder aus dem „fairen Handel“. Et wier och gutt wann hei Geschir géif benotzt ginn datt sech méi gebrauche léisst. Wat genee domatter gemengt ass, fannen déi interesséiert natierlech op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Appell zur Kandidatur, Food Village, Kandidatur, Knuedler, Maart, Stad Lëtzebuerg, Wochemaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel