Search

You may also like

Ungarn zitt e Schlussstréch ënnert d‘Pressefräiheet
Business Neiegkeeten

Ungarn zitt e Schlussstréch ënnert d‘Pressefräiheet

Mam erzwongenen Zesummeschloss vun der ungarescher Press, déi sech géintiwwer

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner
Business Neiegkeeten

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner

Am Kampf géint d‘Ëmweltverschmotzung gëtt et näischt Besseres wéi Fabricken

Bréif vun engem (Fleege-)Held un de Premier an d’Regierung
Business Neiegkeeten

Bréif vun engem (Fleege-)Held un de Premier an d’Regierung

Merci Här Premier, léif Regierung, är léif Wierder déi dir

Ee klénge „Creux“? – De Francis weess Rot

Ee klénge „Creux“? – De Francis weess Rot

Mam modifizéierte Covid19-Gesetz, datt e Mëttwoch an der Chamber vun der Koalitioun ugeholl ginn ass – och wann een däitlech konnt eraushéieren, datt d‘Fraktiounspresidentin vun déi gréng do schonn eppes anerer Meenung war – ass decidéiert ginn, datt dat schaffend Vollek net méi vun der gastronomescher Offer am Land gebrauch maachen dierf. Et dierf een nëmmen nach „mathuelen“.

Dat féiert derzou datt vill sech op de Bäcker an/oder Metzler verloossen, zur Nout vum Restaurant um Büro eppes brénge loossen oder direkt vun doheem d‘Kuuscht matbréngen. Et gëtt awer nach Alternativen. Wärend sech d‘Schüler mat Quick, Burger King a Mc Donalds zefridde ginn, huet et uechtert d‘Land awer och nach Food Trucks a Frittebuden, déi oft fir datselwecht Geld méi bidden.

Esou dann och d‘Fritterie „beim Francis“, déi eppes verstoppt hannert der Total am Kreesverkéier zu Luerenzweiler geleeën ass. Si ass wuel net esou „Siichtbar“ wéi déi meescht Konkurrenten, mee mat Ofstand eng vun de beschte Frittebuden am Land. Dat léist sech vläicht méi liicht soe wéi da beweisen, mee – esou ënnert eis Gebietsschwësteren – wien schon emol do war kënnt ëmmer erëm.

A wann d‘Regierung da scho grousse Wäert drop leet, datt mir eis lokal Betriber ënnerstëtzen, da muss sech dat ganz kloer net op grouss Konzerner oder Kette reduzéieren. An dësen Zäite sollt een, wann et engem méiglech ass, seng Attentioun de klengen a ganz klenge Betriber widmen, an och bereet sinn 20 Eurocent méi fir de Maufel an der Mëttegstonn auszeginn. Och dat ass Solidaritéit.

Owes kann ee sech jo dann eppes beim Restaurant „em den Eck“ bestellen… Et si wuel nëmme kleng Gesten, mat deene mir och mat Gewëssheet kee finanziell Retten, an awer. Vill vun dësen Entreprisen hunn tëscht 2 bis 5 Mataarbechter, ee Loyer an aner Fixkäschten. Wann de Staat elo hëlleft d‘Paien ze finanzéieren, esou kënne mir hëllefen d‘Fixkäschte méi erdréiglech ze maachen.

Natierlech muss elo och keen an der Mëttegstonn vu Wolz op Luerenzweiler kommen – schéi wier et awer – mee et gëtt jo vill Lieser am Groussraum Miersch-Walfer, déi dem Francis kéinte mat engem Besuch weisen, datt engem seng Aarbecht an de Service eppes Wäert ass. A wéi gesot, et ass tatsächlech déi beschte Frittebud am Land, awer net déi eenzeg „beschte Frittebud“ am Land.

Zéckt also net, wann dir esou eppes an ärer Géigend hutt, iech eppes Gutts unzedoen. Dir wësst jo wéi et heescht: „et geet villes iwwert d‘Rout Bréck, mee et geet näischt iwwert eng gutt Gromper!“. An deem Sënn wënsche mir all eise Lieser e gudden Appetit, an alle Schafferten an de Frittebude vill Courage. D‘Redaktioun vu moien.lu, jiddefalls huet se net vergiess a wäert hinnen trei bleiwen.

Zu den Ëffnungszäiten:

Vu Méindes bis Samschdes vun 11.30 bis 14 Auer (Sonndes gëtt gerascht)

Op der Plaz gëtt et nieft den exzellente Fritten, de fantasteschste Burger an enger Curry-Wurscht (mat senger aussergewéinlecher Curry-Zooss) och nach dat ganz Amüsant Béierspill „Béier fir 4“. Net nëmmen eng gutt, mee déi eenzeg Alternativ zum leider ausverkaafte Béieradventskalenner. Eng besser Offer wäert iech 2020 net méi gemaach ginn, an den Ëmwee, dee lount sech ëmmer…

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Beier fir Véier, beim Francis, Burger, Covid19-Pandemie, Frittebud, HORESCA, Luerenzweiler, Restaurant, Sponsored Story
Next post Previous post