Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Times Square Attentat: Trump fuerdert eng méi restriktiv Migratioun
https://moien.lu/dating-girl-divorced-parents/ my cousins are dating

https://moien.lu/we-dating-too/

E Mann aus dem Bangladesch, offensichtlech vun Dschihadisten inspiréiert, huet

https://moien.lu/lee-bo-young-lee-sang-yoon-dating/
https://moien.lu/dating-girl-divorced-parents/ my cousins are dating

D’Sam Tanson beim Luxembourg City Film Festival 2019

E Mëttwoch ass, a Presence vun der Kulturministesch Sam Tanson,

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet
https://moien.lu/dating-girl-divorced-parents/ my cousins are dating

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet

Fotografie ass eent vun de wichtegste Mëttelen, fir aktuell Noriichten

De François Bausch fält nees aus der Roll

De François Bausch fält nees aus der Roll

De baupsegen Toun, deen de François Bausch géintiwwer dem Deputéierte Jeff Engelen a senger Äntwert op eng sachlech parlamentaresch Fro iwwert en Tëschefall um Findel uschléit, schléit dem Faass de Buedem aus. An domatter deet sech de François Bausch net fir d‘éischt schwéier.

D‘Demokratie schéngt fir d‘Minister vun der aktueller Koalitioun zu eppes schrecklech Lästegem ze ginn. Et ass nu emol esou, datt déi vum Vollek gewielte Chamber do ass fir d‘Regierung ze kontrolléieren an datt d‘Ministeren, déi parlamentaresch Froe vu de Vertrieder vum Vollek musse beäntwerten, an zwar héiflech, pénktlech, komplett a korrekt.

Dat schéngt dës Regierung awer ëmmer manner ze wëllen. Dacks mengen hir Minister, d‘Deputéierte missen ze kritiséieren oder si äntweren iwwerhaapt net, well eng fro hinnen net passt. Gambia verfält an den Houfert a mengt wuel, d‘Regierung wär well do, fir d‘Chamber ze kontrolléieren.

De Minister Bausch huet Elementer aus dem Jeff Engelen senger Fro confirméiert a bei aneren hie Präzisioune ginn. Säi süffisante Rot, den Deputéierte sollt sech informéieren, war iwwerflësseg, well grad d‘parlamentaresch Fro aus deem Grond gestallt gi war.

Och gëtt dem Deputéierten, dee sech direkt un eng Administratioun adresséiert, méi wéi emol un den zoustännege Minister verwisen. Et ass nu emol esou, datt de Minister déi politesch Verantwortung dréit an dowéinst och muss kënne Ried an Äntwert stoen.

D‘ADR erënnert d‘Membere vun der Regierung drun, datt si als zweete Pouvoir d‘Parlament a seng Memberen, déi jo den éischte Pouvoir am Staat duerstellen, mat dem Respekt ze behandelen hunn, deen de gudde Fonctionnement vun den demokrateschen Institutioune verlaangt.

D‘ADR verlaangt dowéinst net nëmme korrekt Äntwerten op hir parlamentaresch Froen, mee och d‘Anhale vun de konstitutionellen Dispositioune wat d‘Ratifikatioun vun allen internationalen Instrumenter ugeet, déi d‘Regierung ofschléisst. Et geet net, datt dës Regierung probéiert, laanscht d‘Chamber ze regéieren.

No sechs Joer Gambia vergësst dës Regierung ganz kloer den demokratesche Geescht, dee si bei hirem Untrëtt 2013 nach wollt weisen

matgedeelt vun der ADR

D‘Meenung vun de Parteie sinn hir eegen a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm

Ugespéngelt Dokumenter:

Illustratioun: Bilal el-Daou / Pixabay

Ähnlech Sujeten adr, François Bausch, Gambia, Jeff Engelen, Koalitiounsregierung, parlamentaresch Fro
Nächsten Artikel Virrechten Artikel