Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat gëtt aus dem Atomofkommes mam Iran? En Interview mam Robert Malley
International Neiegkeeten radiometric dating archaeology definition

definition of radiometric dating

Fir de fréiere Beroder vum US-President Barack Obama, a US-Ënnerhändler

Roserei iwwert d’UNO-Ried: D’Kornelia Kirchweger mëscht sech Loft!
International Neiegkeeten radiometric dating archaeology definition

Roserei iwwert d’UNO-Ried: D’Kornelia Kirchweger mëscht sech Loft!

Nach ëmmer schalt der Klimaaktivistin Greta Thunberg seng Ried beim

Erënnerung un de Streik vun 1942
International Neiegkeeten radiometric dating archaeology definition

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?

Onpopulär Decisiounen, giel Gileten an elo eng Rentereform déi op wéineg Géigeléift stéisst...

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?

Et ass déi franséisch Versioun vum amerikanesche „Midterm-Bilan“ woubäi sech den Emmanuel Macron besser ze behuele weess wéi den onséilege Milliardär. De franséische President hält gäre laang Rieden, huet sech vill virgeholl a schéngt erkannt ze hunn, datt seng Administréiert d‘Gefill hunn, hie wéilt d‘Land géint hire Wëlle veränneren. Zäit de Bilan vun der „Halbzeit“ ze maachen.

Den Emmanuel Macron ass ongedëlleg, wëll säi politesche Programm, fir deen hien eigentlech gewielt gouf, zügeg ëmsetzen. Ville Fransouse geet dat eppes ze séier an et gëtt esou och genuch Entscheedungen déi massiv kontestéiert ginn. De President huet net wiesentlech derzou bäigedroen en anert Bild vu sech ze presentéieren a war streckeweis eppes ongehalen, wat net Ziilféierend ass.

Esou seng Bemierkung beim Staatsbesuch an Dänemark, wou hie seng Landsleit widder de kapp geschloen huet mat der Ausso: „Widderspensteg Gallier wëllen all Reforme verhënneren“. Mat dësem verbale Fauxpas hat hien sech de Ruff agehandelt ee „Jupiter-President“ ze sinn. Hie krut virgeworf all Kontakt zur Bevëlkerung verluer ze hunn. De Widderstand huet sech organiséiert.

Giel Gileten

A wann eisen Noperen eppes net gefält, si och nach d‘Gefill hunn et géi hinnen net nogelauschtert, da maachen si net einfach d‘Fauscht an der Täsch. Nee de Fransous setzt sech zur wier an deet ee giele Gilet un. E Widderstand ënner deem besonnesch an de franséische Metropolen d‘Geschäftsleit an d‘Polizisten ze leiden haten an deels nach hunn. Et war allerdéngs och gewot, no der Sträichung vu Sozialleeschtungen, d‘Steieren op de Pëtrolspräisser ze erhéijen. Dat gouf dunn zréckgezunn.

Zanterhier versicht den Emmanuel Macron nees méi „Kontakt“ mam Vollek ze hunn. Laut eegener Ausso, wëll sech de franséische President elo méi Zäit fir seng Bierger huelen, hinne verständlech erklären, firwat all déi vun him ugestriefte Reformen noutwenneg sinn. Einfach gëtt dat net…

Dem Emmanuel Macron säi brisantste Projet: „Rentereform“. Déi gouf elo kierzlech annoncéiert an ziilt drop of eng eenheetlech Altersvirsuerg mat eenheetleche Primmen an eenheetlechem Rentenantrëttsalter anzeféieren. A wann dat mat de Präisser un der Pompel scho richteg ageschloen huet, esou dierft d‘Gefréckels un de Rente bei eisen Nopere säi Konfliktpotential voll ausschëpfen. Woubäi et vill gutt Grënn gëtt dës iwwerfälleg Reform unzegoen, mee einfach gëtt et net.

Wourëms et geet

Ee probat Beispill sinn d‘Eisebunner: si hunn grad eréischt hiren „Eisebunner-Statut“ verluer, deen hinne géintiwwer dem Rescht vum Vollek eng Rei Privilegien ageraumt huet. Esou konnt e Kondukter scho mat Mëtt-Fofzeg an d‘Pensioun goen, an dat soll sech elo änneren. Woubäi den Eisebunner elo net nëmme méi laang soll schaffe goen, um Enn gëtt et och manner Rent…

Wann et an dësem Kontext richteg ass ze notéieren, datt den Emmanuel Macron sech „flexibel“ gëtt an op den Dialog setzt, d‘Reform selwer kënnt erwaardungsgeméiss net gutt un. D‘Eisebunner sinn allerdéngs och eng Muecht, firwat de System, deen eigentlech ab 2025 fir jidderee gëlle sollt, elo mat enger „Transitiounsphas“ ausstafféiert gëtt. Bestoend Rechter fir déi aktuell Beschäftegt sollen net ugepaakt ginn, wouduerch „Eenheetsrent an Eenheetsrentenalter“ eréischt 2050 effektiv ginn.

Dat geet ville Gewerkschafte géint de Stréch. Si wëlle keng Verännerung a schonn emol guer net wann doduerch d‘Aarbechtskonditioune verschlechtert an zousätzlech Ofstrécher bei der Rent mussen a kaf geholl ginn. Ab dem 5. Dezember wäerten d‘Cheminote streiken an d‘CGT – déi gréisst Fraktioun – huet esouguer zum Generalstreik opgeruff. Déi giel Gilete wäerte matmaachen.

Wat et géif bedeiten

Streik a Protest gehéieren zur franséischer Kultur wéi de Voltaire oder de Victor Hugo. A wat et bedeit wann d‘Eisebunner streiken, dat muss net méi grouss erkläert ginn. Politesch wier et fir den Emmanuel Macron en Desaster wann et derzou komme sollt. D‘Wirtschaft reagéiert sensibel op esou sozial Onrouen, firwat et elo drëms geet den Dialog mat de Gewerkschafte séier opzehuelen.

Geléngt et dem franséische President net de „schwaarzen Dezember“ ze verhënneren, oder misst hie vu seng Pläng Ofstand huelen, géif dat seng zweet Halbzeit schwéier belaaschten. Déi streidereg Gallier hunn hiert lescht Wuert nach net geschwat an och déi politesch Oppositioun gräift de Sujet am Kontext vun de bevirstoende Kommunalwahlen op. Dat si vill „Fronten“ déi sech hei opdinn.

An den eigentleche Problem fir den Emmanuel Macron besteet doranner, datt hien eng aner Politik wéi seng Virgänger versprach huet. D‘Wirtschaft huet dat massiv ënnerstëtzt, während d‘Vollek sech freet wat et him bréngt. Säit iwwer 20 Joer sinn déi successiv Presidente mat hire Reforme gescheitert an den Ament gesäit och fir den Emmanuel Macron net wierklech glécklech aus…

mat indymedia/par

Foto: Hien ass Charmant, fleegt e manéierlechen Ëmgang mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel, an ausser engem klengen Dissens, soll och d‘Bezéiung zur neier EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen beschtens sinn. (hei bei engem Treffen zu Toulouse am Oktober). Wat den Emmanuel Macron awer den Ament méi dréngend brauch wei gutt diplomatesch Bezéiungen, ass d‘Ënnerstëtzung vun de Fransouse fir déi noutwenneg Reformen ëmzesetzen. Mee d‘Gallier hunn do hire ganz eegene Kapp… © Elysée (handout)

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, Gewerkschaften, giel Gileten, Halbzeit, Rentereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel