Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Kölle Alaaf!
dating guys with acne Neiegkeeten

speed dating real housewives

Pünktlech um 11:11 Auer um 11. November feieren an der

when we gonna hook up
dating guys with acne Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
dating guys with acne Neiegkeeten

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

Wann de Fred Keup et déck um Häerzen huet (Kommentar)

Meenungsfräiheet heescht och, datt een net mat alle Meenunge muss averstane sinn

Wann de Fred Keup et déck um Häerzen huet (Kommentar)

D‘Kausa „Groussherzogin Maria Teresa“ ass wéi villes am Liewen: „net einfach“. De Groussherzog Henri huet, wéi et sech gehéiert, d‘Defense vu senger Fra ergraff. De franséischen Hofnarr Stéphane Bern huet nach eng drop geluecht, an och den designéierten Nofolger vum Gast Gibéryen (ADR) an der Chamber, de Fred Keup, huet eng ganz perséinlech Siicht op d‘Medien an hir Berichterstattung.

De kompletten Text, esou wéi de Fred Keup dësen op senger Facebooksäit verëffentlecht huet sollt ee mat eppes Recul liesen, an wann den och Toun dee falschen ass, esou ass dat seng Meenung an déi huet een ze respektéieren, och besonnesch da wann een net domadder averstanen ass. Et dierf een dann awer och drop äntweren… Mee fir unzefänken dat wat de Fred Keup geschriwwen huet:

Et sinn hei am Land verschidde radikal Kräften dobäi, d’Monarchie wëllen ofzeschafen. Ganz besonnesch och e puer Journalisten, (awer och Kënschtler an Politiker) déi an de leschten Deeg den Haff an d’ganz groussherzoglech Famill ugräifen, amplaz neutral ze beriichten.

Et sinn oft déi selwecht Journalisten, déi och d’Kierch ugräifen. Et sinn och déi selwecht, déi eis Geschicht, Kultur an Identitéit ëmschreiwe wëllen an déi soen, eng Identitéit hätte mir ni gehat, an déi géif sech souwisou änneren, an eis Kultur wier “multikulturell”. Et sinn och déi selwecht, déi d’Famill als Basis vun eiser Gesellschaft relativéieren an d’Kanner dem Staat iwwerloosse wëllen. Dës Leit sinn och déi, déi sou fanatesch fir en Auslännerwalrecht agetruede sinn, an all Géigenargumenter ënnerbanne wollten.

Fir si ass een normale Bierger aus der Mëtt, deen sech fir eis Sprooch, eis Kultur, eis Traditiounen asetzt, an dee Respekt huet virun eiser joerhonnertenaler kathoulescher Relioun an hire Ritualer an och virun deem wat den Groussherzog an eis Monarchie geleescht hunn, en schlechte Mënsch, souguer en Extremist, an oft gëtt sou en Bierger da vun deene Leit souguer mat Nazie verglach.

Passt mol op. Et sinn ëmmer déi selwecht Journalisten. Si wëllen ofschafen, si wëllen alles opléise wat fir si dat “alt, traditionellt” Lëtzebuerg ass. An si nennen dat “Moderniséieren”. Fir si ass “Moderniséieren” in fine: eis Sprooch, eis Kultur, eis Identitéit, eis Geschicht, Famill, Relioun, Monarchie ofschafen: Lëtzebuerg ofschafen.

Si wëllen all déi Saachen ofschafen, déi eis verbannen, mee si hunn näischt fir amplaz“.

Datt et sécherlech och zu Lëtzebuerg „radikal Kräfte“ gëtt, wéi de Fred Keup et nennt, ass éischter Normal an datt sech méiglecherweis – woubäi dat oft eng Usiichtssaach ass – och Journalisten (a Kënschtler… a Politiker…) mat hirer Kritik un der Groussherzogin Maria Teresa, eppes am Toun sollte vergraff hunn, dierf net iwwert deen Eescht vun der Saach u sech ewechtäuschen.

Bosseg gëtt dem Fred Keup seng „Meenung“ awer spéitstens dann, wann dës radikaliséiert Kräften aus de Medien och déi wieren, déi ëmmer nees d‘Kierchemänner rhetoresch an den Allerwäertesten trëppelen, d‘Geschicht, d‘Kultur an d‘Identitéit vun de Lëtzebuerger ëmschreiwe wéilten. Hie bezitt sech dann och op den „normale Bierger“, mengt allerdéngs domadder d‘Mëtt vun der Gesellschaft.

Just datt dës „Mëtt“ net ëmmer déi ass wou ee mengt an sech och d‘Fro no den Zesummenhäng mat Auslännerwahlrecht, der kathoulescher Kierch an der staatlecher Kannerbetreiung oder och dem klassesche Familljemodell opdrängt. Evitéiere mir als hei déi kleng Detailer, déi eenzeg geduecht sinn der eegener Clientèle de Pelz an déi richteg Richtung ze kämmen an kommen zum Punkt.

Keup

Bei de Virwërf déi sech géint d‘Groussherzogin opgedoen hunn, geet et an éischter Linn ëm den Ëmgang mam Personal, deen – dat ass nu emol esou – net wierklech als beispillhaft ze bezeechnen ass, firwat de Premierminister de Jeannot Waringo beoptraagt huet emol en Audit ze maachen an ze beriichte firwat d‘Fluktuatioun vum Personal um Haff esou erschreckend héich ass.

Et geet also net drëms op een d‘Monarchie ofschafe wëll oder vläicht tatsächlech och sollt, wéi et d‘Groussherzogin selwer an engem Interview mat engem franséischen Héichglanzmagazin gesot huet, mee ëm d‘Aart a Weis (oder de Kommando) wei d‘Maria Teresa mat sengem Personal ëmgeet. Zudeem huet si sech selwer expatriéiert a gouf net vum „Vollek“ mam Mëschtgreef op Paräis verjot.

Och d‘Sprooch – déi elo séier wéineg mam Haff ze huet an vun der Groussherzogin éischter manner behäerzegt gëtt – hei eranzebréngen, ass vum Kontext hir einfach e Grëff an d‘Poubelle. Ugeholl et géif Journalisten déi d‘Monarchie ofschafe wéilten, esou dierft et komplizéiert sinn, dësen och ze ënnerstellen d‘Sprooch ofschafen ze wëllen. Dat kréien d‘Lëtzebuerger och ganz eleng hinn…

Eis „Sprooch, Kultur an Identitéit“ ass ëmmer nëmmen esou gutt wéi mir si fleegen, benotzen an och vermaarten. De Fred Keup wier an dëser Hisiicht gutt beroden, statt de Journalisten de Spigel hinzehalen, sech dofir anzesetzen datt eis Institutioune Lëtzebuerger Nimm kréien, d‘Ministèren an d‘Administratiounen hir Internetpresenz (och) op lëtzebuergesch ëmgesat kréien…

An nach op e lescht Wuert: datt d‘Kausa „Groussherzogin“ esou Welle geschloen huet, ass net eleng dem Premierminister a sengem Pit Bull zouzeschreiwen. Ëmmerhi war et dem Parteifrënd Fernand Kartheiser seng Liewensgefäertin, déi nom Eclat zu Schlassbierg – deen d‘Groussherzogin wollt geheim halen – déi de Journalisten e ganz gudde Grond geliwwert hat sech dem Thema unzehuelen.

Illustratioun: © Steve Halama / unsplash

Ähnlech Sujeten adr, Fred Keup, Groussherzogin Maria Teresa, Identitéit, Kultur, Relioun, Sprooch, Wee2050
Nächsten Artikel Virrechten Artikel