Search

You may also like

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg
International Neiegkeeten

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg

Nach virun engem Joer huet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner der Press

D’Band Legacy of Atlas mellt sech zeréck mat „Veto“
International Neiegkeeten

D’Band Legacy of Atlas mellt sech zeréck mat „Veto“

D’Lëtzebuerger Museker vu Legacy of Atlas sinn nees do! Wärend

Vereedegung vum Buergermeeschter an zwee Schäffe vu Waldbriedemes
International Neiegkeeten

Vereedegung vum Buergermeeschter an zwee Schäffe vu Waldbriedemes

Gëschter ass den Thomas Wolter als Buergermeeschter, de Martin Bohler

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden

E Freideg ass de Friddensnobelpräis dem kongoleseschen Dokter Denis Mukwege, an der Jesidin Nadia Murad, déi vun Dschihadisten als Sexsklavin mëssbraucht ginn ass, zougeschwat ginn. Si goufen als 2 Helden am Kampf géint sexuell Gewalt, déi a Konflikter als Waff agesat gëtt, geéiert.

Deen een, e Gynekolog vun 63 Joer, dat anert, en Affer vu 25 Joer a Spriecherin vun enger „Kausa“. Den Denis Mukwege an d‘Nadia Murad sti fir e globalen Elan, deen de Kader vun de Konflikter iwwerschreit, wéi et de Mouvement #metoo, dee virun engem Joer ausgeléist gouf, ënnersträicht.

Si gi belount „wëll si sech dofir asetzen, dat sexuell Gewalt net méi als Krichswaff genotzt gëtt“, esou d‘Deklaratioun vun der Presidentin vum Nobel-Comité, Berit Reiss-Andersen. Béid Laureaten hunn hire Präis den dausende Fraen, Affer vu sexueller Gewalt an de Konflikter, dediéiert.

De Mann deen d‘Frae fléckt

D‘Ukënnegung vum Nobel-Comité ass mat grousser Begeeschterung am Spidol vu Panzi, dat vum Dokter Denis Mukwege 1999 zu Bakavu, am Oste vun der demokratescher Republik Kongo (DRC) gegrënnt ginn ass, opgeholl ginn. D‘Freed war op alle Gesiichter ze gesinn, och deem vum Dokter.

„De Nobelpräis ass d‘Unerkennung vum Leed an dem Versoe vun enger gerechter Entschiedegung, fir all déi Fraen, Affer vu Vergewaltegungen a sexueller Gewalt iwwerall op der Welt“, esou den Dr. Denis Mukwege, an enger kuerzer Stellungnam, nodeems him d‘Noriicht iwwermëttelt gouf.

De Mann deen d‘Frae fléckt“ – Titel vun engem Dokumentarfilm deen him gewidmet ass – war am Operatiounssall, wéi d‘Noriicht matgedeelt ginn ass. „Ech war matten an enger Operatioun, wéi d‘Leit ugefaangen hunn ze hurelen“, esou säin Temoignage um offizielle Site vun Nobel.

„Ech kann an de Gesiichter vu ville Frae gesinn, wéi glécklech et si mécht, endlech unerkannt ze ginn. Dat huet mech déif beréiert“, betount den Denis Mukwege. Frae, Kanner an esouguer Bëbeeë vun e puer Méint: d‘Spidol huet an 20 Joer eng 50.000 Affer vu Vergewaltegunge behandelt.

Fir den Dokter ass sexuell Gewalt, eng „Waff vu massiver Zerstéierung“, déi „kee Geld kascht an effikass ass“. Der AFP hat hien 2016 gesot: „Et ass eis gelongen eng rout Linn bei chemesche, biologeschen an nukleare Waffen ze zéien. Dat muss och bei sexueller Gewalt geléngen“.

Versklaavt a mëssbraucht

D‘Jesidin Nadia Murad, huet dësen Horror um eegene Leif erlieft. Wéi dausende Meedercher a Frae vu senger Communautéit, ass si vum dschihadistesche Grupp „Islamesche Staat“ (IS) 2014 entfouert an zur Sexsklavin degradéiert ginn. Si konnt no laanger Qual flüchten…

„Et war net einfach fir mech, iwwert dat wat mir passéiert ass ze schwätzen. Et ass besonnesch fir Fraen aus dem Noen-Osten, net einfach zouzeginn, datt si Sexsklavinne waren“, esou d‘Nadia Murad e Freideg, wéi si d‘Noriicht erhalen huet, datt hir de Friddensnobelpräis zougestane ginn ass.

Dat ass „e Präis dee vill bedeit, net nëmme fir mech, mee fir all déi Fraen am Irak an op der ganzer Welt, déi Affer vu sexueller Gewalt gi sinn“, gëtt déi jonk couragéiert Fra um Site Nobel zitéiert.

Si ass UN-Ambassadrice fir d‘Dignitéit vun den Affer vum Mënschenhandel ginn. D‘Nadia Murad, deem seng sechs Bridder an hir Mamm vum IS ëmbruecht goufen, militéiert fir d‘Unerkennung vun den Iwwergrëff géint d‘Jesiden, déi als Genozid musse bewäert ginn.

Zoustëmmung aus aller Welt

D‘Michelle Bachelet, Kommissärin vun der UNO fir d‘Mënscherechter: „Schwéier sech zwee méi wierdeg Laureate virzestellen“. Den NATO-Chef, Jens Stoltenberg, huet den onermiddlechen Asaz vun de Laureate begréisst. Den irakesche President Barham Saleh gesäit eng „Éier fir all d‘Iraker“.

2008 hat den UN-Sécherheetsrot d‘Resolutioun 1820 ugeholl. Déi hält fest, datt sexuell Gewalt an Zäite vun engem Konflikt, als Krichsverbriechen, Verbrieche géint d‘Mënschheet oder nach als en grondleeënd Element zur Feststellung vun engem Genozid, kann zréckbehale ginn.

Am „ziville Beräich“ huet de „Medien-Tsunami“ #meetoo och d‘Gemidder beréiert. „#meetoo a Krichsverbriechen, dat ass net datselwecht“, esou d‘Berit Reiss-Andersen. „Mee si e gemeinsamen Nenner: et ass wichteg d‘Leide vun de Fraen ze gesinn (…) ass si zu Wuert kommen ze loossen“.

Net ze vergiessen, datt eben dës „Gewalt“ deenen d‘Fraen ausgesat sinn, och de Nobel-Comité net ausgelooss huet. Deen huet sech wéinst engem Sexskandal missen entscheeden, den Nobelpräis fir Literatur dëst Joer ausfalen ze loossen. De Friddensnobelpräis gëtt den 10. Dezember iwwerreecht.

mam Pierre-Henry Deshayes/AFP

Related topics Denis Mukwege, Friddensnobelpräis, Genozid, Krichsverbriechen, Sexuell Gewalt
Next post Previous post