Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump
Erkläert Stories

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump

Den amerikanesche Riichter Brett Kavanaugh huet e Samschdeg virum ieweschte

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff
Erkläert Stories

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte

dislikesurprise
Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer
Erkläert Stories

Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer

Virun ee puer Wochen hat Greenpeace eng Aktioun géint d‘Atomzentral

De G5 Sahel, erkläert

De G5 Sahel, erkläert

Den UN-Sécherheetsrot wäert sech deemnächst engem franséische Resolutiouns-Projet widmen: et geet ëm eng Taskforce am Häerze vun Afrika. Déi soll de  Kampf géint Dschihadisten an Trafikanten opzehuelen. Mir erklären, ëm wat et geet.

Wéi ass d’Taskforce G5 Sahel entstanen?

Den Startpunkt fir d’Schafe vun der Taskforce geet zréck op de Sommet vun de Länner, déi sech ënnert dem Numm „G5 Sahel“ zesummegedoen hunn, am November 2015 zu N’Djamena. Heibäi handelt et sech ëm den Burkina Faso, de Mali, Mauretanien, de Niger an den Tschad. Schonn deemools war de Gedanke fir eng Taskforce opkomm awer net ëmgesat ginn. De Projet ass dann awer rezent nees opgegraff ginn, wëll sech d’Lag an der Regioun fierchterlech verschlëmmert huet.

Dat besonnesch am Zentrum vum Mali, direkt un de Grenze vu Burkina Faso an dem Niger, op déi d’Iwwergrëff vun den Dschihadisten zouhuelen. Nach am Januar haten déi dräi Länner entscheet ee gemeinsame Sécherheets-Batailloun opzestelle fir den Areal ënnert der Bezeechnung „Liptako-Gourma“ kënnen ze securiséieren. Bis haut ass dorausser näischt ginn. Grond genuch fir Staatscheffe vum G5 Sahel, déi sech am Februar zu Bamako getraff hunn, ze annoncéieren elo direkt d’Taskforce wëllen zesummenzestellen.

Wéi eng Missiounen huet a wéi vill Mann zielt dës Taskforce?

An der Resolutioun déi Frankräich virgeluecht huet, ass virgesinn, datt d’Taskforce erlaabt kritt, all Mëttel anzesetzen déi fir de Kampf géint den Terrorismus, den Drogen- a Mënschenhandel néideg sinn. Déi verantwortlech Offizéier vun de respektiven Etat-Major’en haten dann am Mäerz engem éischte Plang hiren Accord ginn, deen op eng Mannstäerkt vun 5.000 Zaldoten, Polizisten an Ziviliste festgeluecht gi war.

Dat ass dann och de Volummen deen an der Resolutioun festgehale ginn ass, obwuel d’Regierungen decidéiert hunn, dësen ze verduebelen. Eng Entscheedung déi och vun der EU-Ausseministesch Frederica Mogherini de 5. Juni zu Bamako, nieft der Zouso vun enger finanzieller Hëllef an héicht vu 50 Milliounen Euro, matgedroe gëtt.

Et ass eng Taskforce déi d’Vocatioun huet, déi terroristesch Gruppen ze bekämpfen“, sot den 17. Mee de Chef vun den operationelle Blo-Helmer, Jean-Pierre Lacroix bei senger Visite am Mali. „Den operative Konzept gesäit vir, datt d’Truppen etappeweis verdeelt ginn an fir unzefänken déi sech op d’Grenzgebidder vun Zentral-Mali konzentréieren.

Kann dës Taskforce d’Blo-Helmer vun der UNO oder déi franséisch Operatioun „Barkhane“ erstezen?

Dat ass u sech net virgesinn. Laut dem Jean-Pierre Lacroix muss et fir unzefänken eng koordinéiert Zesummenaarbecht, net nëmmen tëscht der Taskforce G5 Sahel an der UNO ginn, mee natierlech och mat den Zaldote vun „Barkhane“. Dës sinn scho gutt am gaangen d’Terroriste vir Uert ze joen, datt mat der Ënnerstëtzung vun der malescher Arméi.

A sengem leschte Rapport Trimesteriell huet dann och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres dorops higewisen, datt „Dës Interventioun muss an enker Zesummenaarbecht mat der Operatioun Barkhane gefouert ginn“ wëll se déi selwecht Objektiver verfollegen. Hie weist och dorobber hin, datt „Dës Initiative derzou ka bäidroen den operativen Environnement vun der MINUSMA ze verbesseren“ a rifft d’Länner vun G5 Sahel op, besonnesch de Burkina Faso, de Niger an den Tschad, déi am Moment ronn en Drëttel vun den Zaldoten an Poliziste vun der UNO stellen, hire Beitrag bäizehalen.

Am Fall vun enger Reussite, esou verschidden Experten, kéint d’Taskforce derzou bäidroe laangfristeg d’Truppe vun der Operatioun „Barkhane“, dat sinn 4.000 Mann, ofzezéien. Allerdéngs ass „Barkhane eng Missioun déi wuel schwiereg ass, mee dofir awer Resultater liwwert“, sot nach am Februar den deemolege franséischen Arméiminister Jean-Yves Le Drian. „Et dierf een d’Truppen ofzéien net wéi ee lëschteg ass, mee wann d’Länner vum Sahel am Stand sinn hir eege Sécherheet ze erhalen.

Wie bezilt?

An der Resolutioun ass d’Ufro un den UN-Generalsekretär enthalen eng esouwuel finanziell wéi logistesch Ënnerstëtzung fir d’Taskforce ze leeschten. D’EU huet, wéi schonn erwäänt, eng substanziell Hëllef versprach an ass domadder de Partner vum G5 Sahel mam gudde Beispill virgaangen.

Wat mir wëllen, ass datt eis déi europäesch Länner d’Mëttel ginn. Mir wäerte selwer an der éischter Rei stoen am Kampf géint den Terrorismus (…) domadder erspueren si sech d’Liewe vun hiren Zaldoten“, hat am Februar den President vum Tschad, Idriss Déby gesot. Dat kléngt gutt, huet awer de Nodeel, datt opgrond vun der Korruptioun net ëmmer séchergestallt ass, datt déi Suen déi hinnen uvertraut ginn dann och bei deene Leit ukënnt déi se fir hir Aarbecht brauchen.

Foto: Am Mee huet de Emmanuel Macron d’Franséisch Truppen am Sahel besicht CHRISTOPHE PETIT TESSON / POOL / AFP

Ähnlech Sujeten Afrika, Erkläert, G5 Sahel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel