Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“
https://moien.lu/azubi-speed-dating-krefeld-2017/ https://moien.lu/united-kingdom-dating-culture/

jogo high school hook up

A senger leschter Sëtzung virun der Summerpaus, hat e Méindeg

https://moien.lu/top-local-dating-apps/
https://moien.lu/azubi-speed-dating-krefeld-2017/ https://moien.lu/united-kingdom-dating-culture/

What the Fakt – Den éischten Timber “One Penny Black”!

Mir schreiwen den haitegen Dag am Joer 1840. Bekannt ënnert

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder
https://moien.lu/azubi-speed-dating-krefeld-2017/ https://moien.lu/united-kingdom-dating-culture/

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder

Bréissel huet um Mëttwoch seng Offensive géint Banquieren, Affekoten an

dislike

De ganz normale Wahnsinn

E Kommentar

De ganz normale Wahnsinn

Wann et em Waffe geet, verstinn d’Amerikaner kee Spaass. Dat mierkt een no all Amoklaf wou d’Afferzuel eng nei Héicht erreecht huet. Well obwuel deen Ament vu ville Säiten den Opruff kënnt, dëse wahnwitzeg onreguléierten Marché iergendwéi ze kontrolléieren geschitt an deene meeschte Fäll absolut näischt.

Dobäi feelt et mol net u Wëllen. De Barack Obama huet sech dru probéiert an och no all Tëschefall kommen aner Politiker a probéieren eppes – iergendeppes – ze änneren. A si scheiteren n anere Politiker an enger Lobby, hannert där sech och vill Jobs verstoppen. Et schéngt, wéi wann sech do nie eppes ännere kéint.

Et ass och e kulturelle Problem: D’Waff gëtt op ville Plaze wéi eng Zort alternativlos Gottheet behandelt

Argumentéiert gëtt gären mat der individueller Fräiheet, eng Waff kënnen ze hunn. Den Däiwelskrees ass da komplett, wa jiddereen sech eng Waff kafe geet, well all déi aner eng Waff hunn. An D’Industrie reift sech d’Hänn.

Et kënnt dann nach dobäi, datt de „Gun-Myth“, wéi e gären vu Kulturanalyste genannt gëtt, dofir suergt, datt déi Waffen als eppes Uramerikanesches begraff ginn. Et ass quasi eng Erweiderung vum eegenen Patriotismus, esou vill Waffe wéi nëmme méiglech ze hunn. Dobäi kommen natierlech onendlech vill Filmer, Videospiller, Comics etc. déi Waffen zu engem reegelrechte Kult-Objet erhiewen a Waffegewalt als déi optimal Léisung vir eng laang Lëscht vu Konflikter halen. Datt d’Recht, Waffen ze hunn, aus enger Zäit staamt, wou een nach Kugel fir Kugel huet missen nolueden, gëtt do ganz vergiess.

Et ass eben de ganz normale Wahnsinn. Op dee jeemools duerchbrach ka ginn, dat steet an de Stären. A wann een sech d’Statistiken ukuckt, da wier et jo net esou, wéi wann déi keng eendäiteg Sprooch géife schwätzen. An esou steet een als Europäer do a muss einfach mam Kapp rëselen, datt dësen dann dach zimlech amerikanesche Problem esou komplett onléisbar ze si schéngt.

Ähnlech Sujeten USA, Waffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel