Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint
Neiegkeeten

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint

E Freideg huet de Barack Obama d‘Schweige vun de Republikaner,

money
Washington zitt am Handelskrich e neie Register
Neiegkeeten

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington huet en neien „Doudesstouss“ géint Peking ausgefouert a verëffentlecht

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend
Neiegkeeten

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt zesumme mat Creos verschidden Héichspannungsleitungen ewechgeholl ginn

Bestätegt d‘EU-Kommissioun de gesellschaftleche Rietsruck?

déi lénk gesäit dat mat der Virstellung vum Ursula von de Leyen senger Ekipp als confirméiert

Bestätegt d‘EU-Kommissioun de gesellschaftleche Rietsruck?

Mat der Virstellung vun de 26 Kommissären déi hir „Ekipp“ an der EU-Kommissioun duerstellt, huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin de Rietsruck an der Gesellschaft wéi och an den EU-Institutioune bekräftegt, esou déi lénk an engem bëssege Communiqué.

Wann een eppes Ofstand hëlt, géif séier ersiichtlech, datt déi sozial an ekologesch „Usätz“ séier wäerte verpuffen oder zumindest net Ziilféierend sinn. Hei gëtt sech zu eppes bekannt, dat vun Industrie a Wirtschaft vehement bestridde gëtt. Si hu bis ewell och kaum wann iwwerhaapt eegen Ziler an dësen zwee wichtege Beräicher fir d‘Zivilgesellschaft verfollegt geschweig da realiséiert.

E weidere Punkt deen déi lénk – an eigentlech all Mënsch mat eppes Verstand – op d‘Palm dreift: d‘Benennung vum Migratioun-Portefeuille an „Schutz vum europäesche Liewensmodell“. Hei gesäit déi lénk eng inakzeptabel Toleranz vu rietsextremen Ideologien, déi ënnert dësem „Modell“ hir schiedlech politesch Akzenter setze wäerten. An do dierft sech och d‘EPP ugeschwat fillen.

D‘Argument vun déi lénk, datt andeems den Akzent op eng Visioun gesat gëtt, déi „fest Grenzen an eng nei Approche zur Migratioun“ fërdert, d‘Ursula von der Leyen d‘Migratiounspolitik op eleng de Schutz vun eisen europäesche Grenze reduzéiert, huet eppes. D‘Wäerter déi d‘EU esou verkierpert si wäit dovunner ewech, déi Prinzipie vun Humanitéit ze vertriede fir déi si eigentlech asteet.

An déi lénk erënnert drun datt et net d‘Refugiéeë sinn, déi d‘Liewensqualitéit vun den Europäer bedreeën, mee eng Politik vun der sozialer Exklusioun de gesellschaftleche Fridden an d‘Kohäsioun a Fro stellt. Si ginn och ze bedenken, datt d‘Faschiste mat grad emol 7,8%, also 58 vun insgesamt 751 Mandater, am Begrëff sinn hire „Rapport de Force“ am EU-Parlament ze gewannen.

Déi lénk ass dann och kategoresch géint esou eng „Kraaft“ déi d‘Demokratie bedreet. Si wëllen sech entspriechend dofir asetzen an all déi EU-Deputéiert ënnerstëtzen, déi gewëllt sinn Drock ze maachen, datt d‘Bezeechnung vum Portefeuille fir de Kommissär dee mat der Migratioun ze dinn huet, geännert gëtt a fuerderen datt dee sech fir eng gerecht an human Migratiounspolitik asetzt.

Ähnlech Sujeten déi lénk, EU-Kommissär, EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresidentin, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel