Bréisseler Krise Sommet zum Atomofkommes mam Iran
Beim Sommet vun den EU-Ausseminister zu Bréissel, zu där sech
Beim Sommet vun den EU-Ausseminister zu Bréissel, zu där sech
D‘Stuff Brauerei zu Steesel ass déi wuel klengsten ënnert de
Et war keen einfache Regierungsrot deen d‘Kris um Sonndeg zesummegefouert
Gëschter hat den OGB-L eng Demonstratioun géint de Gesetzprojet 7049 organiséiert. Dëst war och geschitt, well eng Steigerung vun den Iwwerwaachungen dann kéinten zouhuelen. Mir erklären, wat dohannert stécht.
Zum engen gëtt d’Noutwennegkeet vun enger Autorisatioun vun der CNPD bei enger Iwwerwaachung vun der Aarbechtsplaz ofgeschaaft. Elo muss d’CNPD just nach a Kenntnis gesat ginn. Zum anere gëtt d’EU-Direktiv 2016/679 ëmgesat.
Den Expose des motifs nennt hei zwee konkret Grënn: D’Iwwerbelaaschtung vun der CNPD an d’Ëmsetzen vun engem EU-Dateschutzreglement. D’CNPD gëtt selwer un, datt se 90% vun hirer Zäit dofir brauchen, fir d’Demanden opzeschaffen.
Et handelt sech heibäi em eng Dateschutzdirektiv, déi zum Zil huet, fir Harmonie a punkto Dateschutz an Europa ze suergen. Deementspriechend soll se vun alle Länner an der EU ëmgesat ginn. Dëst soll bis de 25. Mee 2018 de Fall sinn. Interessanterweis gëllt des Dateschutzregelung och fir Entreprisen aus dem Ausland, déi an Europa täteg sinn.
Déi ënnerstëtzt voll a ganz dëse Gesetzesentworf. Schonn an hire Joresberichter hunn se ëmmer erëm dorop higewisen, hier Zäit léiwer a Kontrollen a Sensibiliséierungsmosnahmen investéieren ze wëllen. Hinne wier et wichteg, datt den Dateschutz sech an „de Mentalitéiten an net nëmmen op de Formulairen“ néier schléit.
Jo. D’Chambre des Salariés huet bei hirem Avis kee gutt Hoer um Text gelooss. Si kritiséieren, datt d’Autorisatioun vun der CNPD, déi een huet am viraus beundroen, elo duerch nodréiglech Kontrollen ersat ginn. Och datt des Mesuren net preziséiert ginn, gesi si kritesch. E sougenannten „Vide Juridique“ wier hei d’Folleg.
Souwuel den OGB-L also och déi lénk an d’Piratepartei hunn sech kritesch dem Text vis a vis geäussert.