Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen
Neiegkeeten Stories

matchmaking games app

Eng schwéier Explosioun huet en Dënschdeg d‘Secouriste gezwongen hir Aarbecht

best cleveland dating site
Neiegkeeten Stories

Editorial: Geféierlech Dommheet

Dat vill Leit déi op Facebook an aner sozialen Netzwierker

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia
Neiegkeeten Stories

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia

Obwuel d‘Resultater nach provisoresch sinn, huet um Mëttwoch d‘Oppositioun am

De Gezwickelten: de frëndleche blonden aus Clausen

De Gezwickelten: de frëndleche blonden aus Clausen

Aus der Clausel Brauerei kënnt de Gezwickelten, ongefiltert mee mat beschten Dëschmanéieren, an och der Schwéiermamm dierf een dëse frëndleche Blonde virstellen. A wann een him wéilt ënnerstellen, datt hien eppes „dréif drakuckt“ da kann dat och dorunner geleeë sinn, datt hien en zaart Häerz huet, ouni et mam Alkoholgehalt ze iwwerdreiwen. Dee läit bei 5,2%.

Et gëtt zuweilen och schonn emol mat enger „Blanche“ verglach, wat den Gezwickelten net gerecht gëtt. Si hu Gemeinsamkeeten, dat ass net vun der Hand ze weisen, mee et huet Ënnerscheeder. Den Happ hält sech brav am Hannergrond, dofir stécht den Orange-Aroma ervir, ouni sech opzedrängen. Vu Kenner gëtt de Gezwickelten als eng gutt alternativ zum Pils bezeechent.

Dat kann dann och erkläre firwat hie vun den Damme geschätzt gëtt, woubäi och d‘Männer sech de Gezwickelte gären zu Gemitt féieren. Dësen dréiwe „Blonden“ huet et gären eppes méi kill, an et sollt een, wann engem no genéissen ass, eng Temperatur am Glas ëm déi 3°C bis 4°C behäerzegen. Eis huet um Gezwickelte gutt gefall, datt hien sech och gutt aus der Fläsch drénke léisst.

Gezwickelten

E ganz moderne Betrib an ale Maueren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Lëtzebuerger Stad Brauerei Clausel

Gebraut a Verkaf gëtt de Gezwickelte vu Clausel. Dës nach jonk Entreprise huet hire Sëtzt an der aler Mousel Brauerei zu Clausen, an huet stellt d‘Qualitéit virun d‘Quantitéit. Et ass eng vollwäerteg artisanal Produktioun, wou sech déi Zäit geholl gëtt, déi néideg ass fir dem Client e garantéiert Spëtzeprodukt virzesetzen. Dat erkennt een dann och beim genéissen…

Bei Clausel huet een och e gutt Gespier fir Marketing, wat derzou féiert, datt een de Gezwickelten op ville Plazen am Land ugebuede kritt. Esou beispillsweis am Zeutzius, oder zu Esch-Uelzecht am Pitcher, fir ee puer Beispiller ze ernimmen.

Gegrënnt 2007, an ausstafféiert mat deem modernste wat sech e Braumeeschter wënsche kann, am Respekt vu strengsten ekologesche Standarden, ass Clausel och nach e Beispill deem een roueg noäiferen dierf. Dat gëllt zudeem och fir all déi aner Produiten, déi ënnert der Mark „Mansfeld“, wéi den Gin oder de Wodka, verdriwwe ginn. De „made in Luxembourg“ huet et nach drop.

Foto: De Gezwickelten ass den häerzege Blonde vu Clausel. Säin Numm kënnt him vum Zwickel, dat war féier de Schlëssel vum Braumeeschter, fir de Béier ze schmaachen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Clausel, Craft Beers, Gezwickelten, LSB, Mansfeld
Nächsten Artikel Virrechten Artikel