Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Broschtkriibs frei genuch erkennen
disabled dating australia free https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

beste online dating apps

Och a Frankräich ass Broschtkriibs de meescht verbreeten an déidlechst

https://moien.lu/dating-guys-red-flags/
disabled dating australia free https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich

Et ass scho fir d‘Drëtt bannent e puer Wochen, datt

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis
disabled dating australia free https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot huet dem Stater

Wann s du dir de Gielemännche selwer kaf hues…

Sinn d‘Sproochassistentinnen Alexa & Siri Hëllefspolizisten?

Wann s du dir de Gielemännche selwer kaf hues…

Während an den USA den Zougrëff op d‘Date vun de Sproochassistentinnen „Alexa“ a „Siri“ duerch de „Patriot act – section 215“ ganz legal ass, wat vun de Mënscherechtsorganisatioun „ACLU“ ëmmer nees denoncéiert gëtt, ass dat an der EU eigentlech verbueden…

Eis däitsch Noperen, déi sech scho mat hirer „Vorratsdatenspeicherung“ eppes iwwerschwenglech mam Privatliewe vun de Bierger beschäftegen, denke ganz am Eescht doriwwer no, ob d‘Police a soss Sécherheetsorganer net och sollten Zougang op d‘Donnéeë vu vernetzten Apparater soll kréien.

Zumindest steet dës Fro op der Dagesuerdnung vun der nächster Inneministerkonferenz, ënnert dem Titel „Digital Spuren“. Hei soll da gekläert ginn, op et sënnvoll ass déi méiglech Datequelle fir d‘Police ze erweideren. Wouhinner esou eppes féiere kann, gesäit een an den USA an a China.

Dat d‘Spuresécherung an der digitaler Welt ëmmer méi u Bedeitung gewënnt, dat léisst sech net bestreiden, an natierlech ass et wichteg, datt grad am Kontext vu Kannerpornographie, d‘Police déi entspriechend Méiglechkeete kritt, fir kriminellen Individuen op d‘Schléch ze kommen.

Wien näischt ze verstoppen huet…

Hei muss dann och emol gekläert ginn, wéi déi zoustänneg Autoritéite mat den ëmmer méi groussen Datepäck ëmgoe sollen. Gënschteg wier et, wann déi an der Lag wieren, sougenannt „digital Spuren“ ze erkennen an auszewäerten. Eng Aarbechtsgrupp këmmert sech aktuell ëm Virschléi.

An egal wéi dës ausgesinn, déi direkt Iwwerwaachung mëttels Datentransfer vun de genannte Sproochassistentinnen ass erschreckend einfach a léisst sech ganz onbemierkt duerchféieren. Eng Rechtsgrondlag dofir gëtt et selbstverständlech net, woubäi sech keen dorunner wierklech stéiert.

Dat huet mat där kräizdommer Ausso ze dinn: „Wien näischt ze verstoppen huet, brauch näischt ze fäerten“. Wien awer elo op Privatsphär besteet, wäert de Virstouss vun de Germanen éischter net begréissen, well natierlech ass et esou, datt wann d‘Preisen et maachen, mécht jiddereen et.

Dem Bundesinneminister säi Spriecher: „Aus eiser Siicht ass et fir eng perfekt Kriminalitéitsbekämpfung onabdénglech, datt den Autoritéite vu Bond a Länner och op déi vun dësen Apparater gespäicherten Date mussen zougräifen dierfen“. Feelt nach just d‘Gesetz…

mat indymedia/fra

Foto: Sproochassistentinne wéi Alexa a Siri si wuel praktesch, mee si sammelen eng däraarteg Mass un Daten, datt si wäit méi iwwert hiren User verrode kënne wéi et engem léif ass. Bosseg um digitale Mënsch, de Fait datt hie fir eng „Spillerei“ déi hien ausspionéiere kann, och nach bereet ass Goss op den Dësch ze leeën. Wien e Gielemännchen zu sengem Gléck brauch…

Ähnlech Sujeten Alexa, Däitschland, Iwwerwaachung, Patriot Act, Siri, Sproochassistent
Nächsten Artikel Virrechten Artikel