Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
Meenung Sport

Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung

Op Invitatioun vum wallounesche President Jean-Claude Marcourt huet um vergaangene

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet
Meenung Sport

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet

E klenge Sommet deen de franséische President e Méindeg presidéiert

Iran: russesch-amerikanesche „clash“ op de Vereenten Natiounen
Meenung Sport

Iran: russesch-amerikanesche „clash“ op de Vereenten Natiounen

Et war eng kontroverséiert Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot, déi d’USA um

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!

Sënn an Onsënn vu Sport

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!

Sief et Tennis, Fussball oder Tour de France: Sport interesséiert mech net. De Sportsdeel an der Zeitung? Gëtt aussortéiert. Sport am Radio? Lautstäerkt erof gedréint. Um Internet? Glasege Bléck, un d’Vakanz geduecht.

Sport ass net menges. Bewegung fannen ech gutt, mee begeeschtere kann ech mech kaum bis guer net dofir. Scho guer net fir déi grouss Evenementer, oder wa mol erëm e Sportler aus Lëtzebuerg Erfolleg huet. Do stinn ech total dernieft a beobachten einfach. E bësschen, wéi wann ech op der Safari wier.

Mee wichteg ass et fir mech, jiddereen ze respektéieren, deen do anescht fillt an denkt. Net nëmmen, well dat hiert gutt Recht ass, mee well Sport eng positiv Kraaft duerstellt. Dat kléngt naiv, ech weess, mee et muss een net bei eis Doktere lafen, fir ze wëssen, datt Bewegung eng gutt Saach ass. An Sportsclibb suerge fir e wichtegt sozialt Netzwierk, dat an der Realitéit fousst, an e Gemeinschaftsgefill mat sech bréngt. Dat kann een ëmmer gebrauchen, Stëchwuert sozial Kohäsioun.

Am Optimalfall bréngen sportlech Leeschtungen dem Land och eppes. Op mannst a punkto Image. Do ka Lëtzebuerg all Pluspunkt gebrauchen. A wat den Islänner geléngt, dat sollt jo och fir eis iergendwou dra sinn, oder? Et muss och net ëmmer Fussball sinn. Och wa mer do heiansdo fir Iwwerraschunge suergen.

Heescht dat, datt een heinsdo als Idividuum muss e bësschen zeréck stiechen? Wa beispillsweis d‘halleft Land lahm geluecht gëtt fir den Tour de France? Oder wéinst engem Marathon d‘Stad méi verstoppt ass, wéi soss? Also, nach méi? Ech denke, jo. De Sport bréngt d‘Land weider, sou wéi vill aner Saachen och. Do dierfen – Nee, sollen! – och Steiergelder fir fléissen. Schliisslech bitt de Sport villen eng Perspektiv am Liewen. An dat ass vill wäert, virun allem haut, wou vill Mënschen kee Sënn méi an hirem deeglechem Liewe gesinn.

Ähnlech Sujeten Gilles Muller, Meenung, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel