Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch
International Neiegkeeten

E „Sans-abri“ ass a bleift ee Mënsch

Datt mir als Gesellschaft virun Aarmut a Misär d‘Ae verschléissen

Kanns du méi wéi 12 Froen an eisem Lëtzebuergesch-Quiz richteg beäntweren?
International Neiegkeeten

Kanns du méi wéi 12 Froen an eisem Lëtzebuergesch-Quiz richteg beäntweren?

Si mer eis éierlech: di meescht ënnert eis hunn ni

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 4)
International Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 4)

Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an ech zwee vun

De „Green Deal“ vun der EU-Kommissioun

De „Green Deal“ vun der EU-Kommissioun

Fir de Klimaschutz soll d‘EU-Wirtschaft komplett ëmgebaut ginn, fir datt ab 2050 keng Zäregase méi an d‘Atmosphär gelaangen. Dës Erausfuerderung gëtt mat der Moundlandung vun den USA verglach, firwat vun engem „Mann um Mound Moment“ fir Europa rieds war.

Virgestallt huet de „Green Deal“ d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, an et kann een dës „Road Map“ mat senge fofzeg Aktioune bis 2050 schonn als „gewot ambitiéis“ bezeechnen. „Onst Zil ass, d‘Wirtschaft mat eisem Planéit an Aklang ze bréngen an dofir Suerg ze droen, datt et fir eis Mënsche funktionéiert“. E Klima- an Ëmweltfrëndlecht Europa ass deemno méiglech.

Woubäi de Plang: den Ausstouss vun den Zäregasen ze reduzéieren, an am gläiche Mooss och nei Aarbechtsplaze schafen, net ouni d‘Wirtschaftsacteuren ëmzesetzen ass. Richteg ass dogéint, datt dee Wuesstemsmodell – dee bis ewell op fossillen Energien a Verschmotzung baséiert – esou keng Zukunft méi kann hunn. Elo brauch et eng Strategie déi méi „gëtt“ wéi se sech „hëlt“.

Fir datt dës Road Map kann agehale ginn, brauch et awer Eestëmmegkeet. Dat ass de gréisste Problem deem sech d‘EU-Kommissioun, a vläicht méi besonnesch d‘Ursula vun der Leyen, unhuele muss. Virum haidege Sommet, hu Polen, Tschechien an Ungarn wësse gelooss, datt ouni konkret Zousoe fir finanziell Hëllef, si dësen Deal net wäerten agoen. Dat kléngt net no Eestëmmegkeet.

Wat et bedeit a fir Folgen huet

Ënnert der Bezeechnung „Klimaneutralitéit“ ass ze verstoen, datt ab 2050 keng nei Zäregaser aus Europa an d‘Atmosphär gelaangen. Dat fir d‘Iwwerhëtzung vun der Äerd ze bremsen. Praktesch bedeit dat, datt de gréissten Deel vun den Emissiounen – déi beispillsweis bei der Verbrennung vu Kuel an/oder Ueleg a Gas entstinn, ze vermeide sinn an de Rescht soll gespäichert ginn.

Am Plang ass och esou eppes wéi eng Tëschenetapp enthalen. Bis 2030 sollen d‘Emissiounen ëm 50% bis 55% ënnert de Wäert vun 1990 gedréckt ginn. Dat ass nach emol eppes méi ambitionéiert wéi déi virecht 40%, déi bei der aktueller Entwécklung net emol am Usaz ze erreeche wieren. Dat wat dann als Plang genannt gëtt, ass éischter d‘Annonce vu ville Gesetzer, déi mussen ugeholl ginn.

Zentrale Punkt ass d‘Klimagesetz, mat deem d‘Zilsetzung fir 2050 onëmkéierbar festgeschriwwe gëtt. Déi méi themespezifesch Gesetzer sollen dann 2020 an 2021 virgestallt ginn. Konkret geet hei drëms, déi bestoend Gesetzer zur Energieeffizienz an dem Ausbau vun erneierbaren Energien, den neien Ziler unzepassen. Gläichzäiteg soll awer och d‘Wirtschaftsleeschtung erhale bleiwen.

Klimaschutz

A well virgesinn ass, den europäeschen Industrien zolidd Ëmweltoplagen ze ënnerbreeden, soll et zur Ofsécherung e sougenannten „Karbon-Grenz Mechanissem“ ginn. Dee soll derzou bäidroen, datt déi europäesch Industrie viru „klimaschiedlech produzéierte Bëllegimporter“ geschützt ass. Dat wëll d‘EU-Kommissioun beispillsweis iwwer Douanestaxen an de Grëff kréien.

Fir déi Regiounen an Europa, déi vun esou enger grondleeënder Ëmstellung iwwer Mooss betraff sinn, soll et eng entspriechend Finanzhëllef ginn. Geld dat aus engem „Upassungsfonds“ fléisse soll, deen nach mat 100 Milliarden Euro muss gefëllt ginn. Da soll och nach den Emissiounshandel ausgewäit ginn, wouduerch Fluchreesen an de maritime Frachtverkéier dierfte méi deier ginn.

Mat enger moderner Kreeslafwirtschaft soll Dreck an Offall verhënnert ginn. Virgesinn ass et och Strategië fir propper Loft a Waasser ze entwéckelen, de Schutz vun de Aartevillfalt ze verstäerken, d‘Landwirtschaftspolitik nach emol ze iwwerdenken an massiv Beem ze planzen. An dat sinn un a fir sech nëmmen déi grouss Zich vum EU-Klimaplang, dee gëschter virgestallt ginn ass.

Breet Zoustëmmung am EU-Parlament

Elo kléngt datt – zumindest politesch betruecht – alles ganz verständlech an eigentlech wier et esou och sënnvoll. Woubäi d‘Virstellung vun dësem Green Deal, eelef Deeg no Mandatsuntrëtt, fir d‘EU-Kommissiounspresidentin och politeschen „Aktivismus“ a sech dréit. Zum enge sollt ee wichtegt Signal sinn: engersäits fir d‘UN-Weltklimakonferenz (COP25) zu Madrid, a fir de Sommet haut.

Am EU-Parlament, wou d‘Ursula von der Leyen hire Plang als éischt virgestallt huet, konnt si sech op eng breet Zoustëmmung stäipen. Hei haten d‘Parlamentarier – an obwuel sech grad der EU-Kommissiounspresidentin hir politesch Famill vun der EPP massiv géint Resolutioun opgestallt huet – den 28. November de Klimanoutstand ausgeruff. Gëschter haten déi sech am Grëff…

Déi Liberal (renew Europe) an déi „ekologesch“ (GUE) hu grondsätzlech hiren Accord signaléiert, déi lénk fuerderen een nach méi éiergäizege Projet. Dat ass awer elo méi als politesche Statement ze gesinn, well och déi lénk wëssen, datt et kaum méiglech wäert sinn, dëse Plang esou wéi e virläit, a senger Vollstännegkeet ëmzesetzen. Wat natierlech net heeschen dierf, datt een et net soll versichen.

Et sinn nämlech net eleng déi dräi „Ost-Partner“ Polen, Tschechien an Ungarn – déi zwar mat hirem Veto e gréissert Gewiicht wei d‘Industrie an d‘Wirtschaft hunn – mat deenen et wäert komplizéiert ginn de Plang ëmzesetzen. Einfach esou kann och eng EU net nei Douanestaxen op sougenannt Bëllegimporter erhiewen. Nach gëtt et Handelsverträg a Fräihandelsaccorden déi dat net virgesinn.

Den aktuelle Stand ass: et läit eppes um Dësch wat als Plang bezeechent gëtt, a Realitéit awer beschtefalls als Propose dierf zréckbehale ginn. Zum Plang gëtt de Virschlag fréistens dann, wann d‘EU-Länner dësem zougestëmmt hunn, an d‘Wirtschaftsacteuren och bereet sinn sech derzou ze bekennen. Bis dohinner ass et just eng schéi Geschicht, mat der de Klimawandel aktéiert gëtt.

mat indymedia/sxb/bru

Ähnlech Sujeten COP25, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Frans Timmermans, Green Deal, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel