Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland
Meenung Neiegkeeten Stories

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland

Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger

dislike
D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer
Meenung Neiegkeeten Stories

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et

Reaktiounen zum Helmut Kohl sengem Dout
Meenung Neiegkeeten Stories

Reaktiounen zum Helmut Kohl sengem Dout

Helmut Kohl, Papp vun der däitscher Wiedervereinegung 45 Joer nom

De grousse Bluff

De grousse Bluff

Nodeems sech gëschter, d‘Gesondheetsministesch an den Educatiounsminister mam Direkter vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (LIH), an enger virtueller Pressekonferenz iwwert den aktuelle Stand an den zukünftege Mesuren ausgeschwat haten, huet ëmmer nees de Passus „natierlech alles op fräiwëlleger Basis“ fir eppes Verwonnerung an der Redaktioun gesuergt. Mee wat ass eigentlech konkret gewollt? Bei der ominéiser CON-VINCE Etüd war dat nach ersiichtlech, mee wann een déi ganz Bevëlkerung nëmmen „invitéiert“ un engem flächendeckenden Depistage deelzehuelen, da kann sech dat net opgoen.

20.000 Tester den Dag op 17 „Drive-in“ Statiounen, ass un a fir sech eng valabel Iddi. Op et do allerdéngs sollt mat engem Appell un d‘Leit, sech dach wann ech gelift Testen ze loossen, wann si d‘Geleeënheet dozou hunn, duergeet? Wuel éischter net, wëll wann d‘Land am Januar ronn 626.000 Awunner gezielt huet, zu deenen ënnert normale Konditiounen och nach all Dag eng 214.000 Grenzgänger dobäikommen, wäert et net kënne beim Appell bleiwen. Dat geet schonn aus der Ausso vum Prof. Dr. Ulf Nehrbass, dem LIH-Direkter ervir, deen do gesot huet: „Et ass wichteg, datt sech all déi Leit déi sech am Land beweegen, getest ginn“.

Batter ass et, wann een e Frënd vum Schutz vun de Perséinlechkeetsrechter an de Grondrechter am Allgemengen ass, sech mussen anzegestoen, datt esou eng Invitatioun net ziilféierend ka sinn. An iwwerhaapt, firwat sollt sech de Bierger, net ähnlech wéi d‘Konzerner verhalen, déi jo zanter Joren och ëmmer nees ageluede ginn, déi noutwenneg Ëmweltschutzmoossnamen an d‘Aarbechtsrecht op fräiwëlleger Basis anzehalen. Zudeem stellt sech d‘Fro, wat ass, wann déi Statiounen opgestallt goufen, an sech déi 20.000 Test-Gäscht net do afannen? Zil ass et jo, déi ganz Bevëlkerung engem Test ze ënnerzéien.

An dat mat de PCR-Tester, esouvill dierften d‘Leit sech et mëttlerweil verënnerlecht hunn, ass jo och een zimmlech kontroverse Sujet. Esou gouf vun Ufank un drop gepocht, datt een sech och nëmmen da sollt Teste loossen, wann ee Symptomer opweist, well et soss reng Verschwendung wier. Elo op emol ass de PCR-Test an all Situatioun ubruecht? Firwat deem esou ass, huet weder d‘Koryphee vum LIH, nach ee vun de Ministere gëschter erkläert. An d‘Ausso vun der Ministesch „Mir konnten dat net vun Ufank u maachen, well et net genuch Tester ginn huet“, léist Zweiwel opkommen, op dat alles, wat mir begréisst hunn, och richteg war.

Fir déi allermeeschten – a mir schléissen eis do net aus – ass bis heihinner alles richteg gemaach ginn, an och mat de Mesure konnt ee liewen. Lues a lues awer stellt sech eraus, datt si eis entweder beim Krisenantrëtt belunn, oder zumindest eis d‘Wourecht net erzielt hunn. A wann de Mënsch ufänkt Zweiwel ze kréien an d‘Vertrauen – wéinst enger wierkleche miserabeler Kommunikatioun – an d‘Féi9erung verléiert, da gëtt et schwéier, dee vum Notze vun esou engem flächendeckenden Depistage ze iwwerzeegen. Esou „Fräiwëlleg“ wéi sech datt d‘Regierungsvertrieder wënschen, léist sech keen en Test, deen hien net versteet an wéinst de Widderspréch sécherlech net esou wierklech traut, maachen.

Elo huet sech weder d‘Paulette Lenert nach de Claude Meisch getraut, de Leit gëschter schonn ze erklären, datt den Depistage verflichtend muss ginn, zumindest wann een eng realistesch a virun allem vollstänneg Dateniwwersiicht wëll erlaangen. Si versiche mat politeschem Geschwätz ouni konkretem Inhalt, d‘Bierger hannert d‘Liicht ze féieren. Dës politesch Salami-Taktik, bei där de Bierger alles ëmmer nëmme Scheifgesweis virgedroe kritt, kéint ënnert Ëmstänn zu enger Ofleenung féieren, déi onerwënscht ass an dozou féiere muss, datt een net méi ageluede gëtt sech testen ze loossen, mee d‘Leit zum Test musse gezwonge ginn.

Zudeem, ass et jo och net mam Test eleng gedoen. Déi oft beschwaten an deels vun de Leit gewollte wéi refuséiert Tracing-App, wäert eis op Dauer an am Verlaf vun der Aféierung vun neie Mesuren – et schéngt geséchert datt et zu enger zweeter Infektiounswell wäert kommen, och wa kee kann ofgesinn, op eis onmëttelbar oder eréischt am Hiecht bevirsteet – net erspuert bleiwen. Mee och dat verstéisst géint déi vun der Verfassung garantéiert Rechter, firwat d‘Ausso vum Xavier Bettel, datt een sech engem europäesche Konsens net wäert entgéintstellen, ee grouss Bluff ass. Hie weess et an dir huet iech geduecht… jo si wäerte wéi bei den Tester, net laang op „Fräiwëllegkeet“ setze kënnen, wa si hire Plangt wëllen ëmsetzen.

Illustratioun: © Annie Spratt / unsplash

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Coronavirus, Covid-19, Depistage, Fräiwëlleg, Ligen, Paulette Lenert, Tracing-App, Ulf Nehrbass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel