Noutstand zu Lëtzebuerg: Mesuren, Sanktiounen an Ëmsetzung
Zesumme mat der Lëtzebuerger Police an dem Parquet huet den
Zesumme mat der Lëtzebuerger Police an dem Parquet huet den
A senger Ried op Hellegowend, huet de Groussherzog Henri wäit
De Marechalat vum Haff huet an engem Communiqué doriwwer informéiert, dat de Sarg mam Groussherzog Jean, e Sonndeg vum Schlass zu Kolmer-Bierg an de Palais zu Lëtzebuerg iwwerfouert gëtt. Den Depart ass zu Bierg ëm 14 Auer, an de Konvoi sollt géint 15 Auer beim Palais ukommen.
De Läichnam vum Groussherzog Jean gëtt uschléissend am groussherzogleche Palais opgeboert an de Public, deen eisem Monarch eng lescht Éier erweise wëll, kann dat zu festgeluechten Zäiten och maachen:
Et ass och e Kondolenzbuch fir de Public virgesinn. Dat beim Wuechtposte vum Schlass zu Bierg, an dem Schlass zu Fëschbech. Am Palais zu Lëtzebuerg ass kee Buch virgesinn, mee wie wëll ka säi Schreiwes an eng dofir preparéiert Urn deposéieren.
De Marechalat weist drop hin, datt aus Sécherheetsgrënn Verschiddenes ze berécksiichtegen ass: Pochen, Fotoapparater a Kameraen dierfen net mat an de Palais.
Déi groussherzoglech Koppel hunn de Wonsch ausgedréckt, datt de Public dierf un der Mass an der Kathedral deelhuelen. D‘Zeremonie ass de 4. Mee um 11 Auer. Wien dann um Gottesdéngscht wëll deelhuelen, muss sech aschreiwen, wëll d‘Zuel vun de Plaze begrenzt ass.
Zu dësem Zweck ass eng Telefonsnummer (474 874 810) ageriicht ginn, an och op der Internetsäit vum Haff www.monarchie.lu kann ee sech am Méindeg 9 Auer androen. Uecht gedoen: et kënne pro Aschreiwung nëmmen 2 Plaze vergi ginn! (Wan dës validéiert ginn ass).
Wien dës Hürd gepackt huet, muss iert hien dierf an d‘Kathedral eran, sech e Samschdegmueren als éischt am Groussen Theater zu Lëtzebuerg (géintiwwer dem Glacis) enger Sécherheetskontroll ënnerzéien. Hei erhält een dann och säi „Laissez-Passer“.
Den Transport vum Theater zur Kathedral (an och de Retour dohinner) gëtt mat Navette gemaach.
Foto: © Fotothéik VDL