Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech
Neiegkeeten

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech

Wien ëfters duerch Ettelbréck trëppelt, weess, datt och d’Foussgängerzon an

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse
Neiegkeeten

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse

Fir d’Visiteure war den European Hillrace 2019 nees een rasant

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg
Neiegkeeten

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg

Den Dossier Lycéesreform huet fënnef Joer gebraucht fir endlech an

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum groussherzoglechen Haff matgedeelt huet, hätt sech dem Groussherzog Jean – dee virun enger Woch hospitaliséiert gi war – säi Gesondheetszoustand iwwer Ouschtere verschlechtert. Hien ass de Moien um 0:25 Auer verstuerwen. Eng Deklaratioun vum Premierminister Xavier Bettel ass fir 9 Auer ugekënnegt ginn.

De Groussherzog Jean, deen zugonschte vu sengem eelste Fils, dem Ierfgroussherzog Henri am Joer 2000 zréckgetruede war, ass am Alter vun 98 Joer no kuerzer Krankheet vun eis gaangen. Hie gouf den 5. Januar 1921 um Schlass zu Kolmer-Bierg gebuer. De Jean vu Lëtzebuerg war Groussherzog vun 1964 bis 2000, an ëmmer fir d‘Vollek do. Hien hätt ni seng Persoun, mee ëmmer seng Aufgab am a gehalen, sot den deemolege Premier Jean-Claude Juncker, beim 75. Gebuertsdag. (1996)

An d‘Schoul gaangen ass de Groussherzog bis zur Première hei zu Lëtzebuerg. 1934 geet et an d‘Internat vun Ampleforth (Groussbritannien). Nom Amarsch vun Nazi-Däitschland den 10. Mee 1940, huet de Jean mat senger Famill misse flüchten. D‘Flucht vun der groussherzoglecher Famill féiert vu Frankräich iwwert d‘USA no Kanada, wou de spéidere Groussherzog op d‘Héichschoul geet. 1942 féiert et de Jean a Groussbritannien wou hien sech den „Irish Guards“ uschléisst.

Et ass Enn Juli 1943 wou den Ierfgroussherzog Jean zum Leutnant vun den Irish Guards ernannt gëtt. De Jean bedeelegt sech un der Landung an der Normandie an der Befreiung vu Bréissel, a kann zesumme mat sengem Papp, dem Prënz Felix, am September 1944 nees op Lëtzebuerg kommen, wou si vum Vollek mat vill Begeeschterung empfaange goufen. Fir den Ierfgroussherzog war dat nëmmen eng kuerz „Paus“, well hien huet sech séier nees „senge Leit“ ugeschloss.

Fir de Groussherzog geet de Krich de 14. Abrëll 1945 op Enn, dem Dag wou seng Mamm, d‘Groussherzogin Charlotte aus dem Exil zréckkomm ass. Hien huet eppes méi spéit déi belsch Prinzessin Joséphine-Charlotte kennegeléiert, an si sinn den 9. Abrëll 1953 an der Kathedral bestuet ginn. Aus dem Bestietnes sinn dräi Bouwen an zwee Meedercher ervirgaangen. A senge 36 Joer un der Spëtzt vum Land huet sech de Groussherzog Jean keng bléist ginn, wat als Integer ze gesinn ass.

Am Dezember 2016, bei de Feierlechkeeten zu 125 Joer Dynastie hat de Groussherzog Jean e leschte groussen Optrëtt am Krees vun der Famill. Duerno ass hien net méi an ëffentlech erschéngen, mat Ausnam vun der Konferenz zu „Stand, Speak, Rise up“ um Kierchbierg (Enn Mäerz 2019) déi op Initiativ vun der Groussherzogin organiséiert ginn ass. E grousse Mann huet eis verlooss… D‘Redaktioun dréckt der groussherzoglecher Famill hiert déifste Matgefill aus.

Ähnlech Sujeten Groussherzog Jean, Nationaltrauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel