Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Streik um Findel aus dem Wee gaangen
Kultur

Dem Streik um Findel aus dem Wee gaangen

Nodeem e Mëttwoch de Minister, d’Gewerkschaften an d’Personalvertriedung, sech op

Mosambik: Zyklon „Kenneth“ riicht schwéier Schied un
Kultur

Mosambik: Zyklon „Kenneth“ riicht schwéier Schied un

Ofgedeckten Haiser an ëmgeknéckte Beem, kee Stroum a kee Waasser…

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht
Kultur

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Nodeems de Virus vun der afrikanescher Schwéngspäscht (PPA) un fënnef

De Gunter Gabriel ass Doud

De Gunter Gabriel ass Doud

Wéi aus der Matdeelung vum Country- a Schlagersänger senger Agentur ervirgeet, hat sech de 75 Joer ale Gunter Gabriel den 10. Juni um Virowend vu sengem Gebuertsdag zu Hannover schwéier verletzt.

Hie wier an enger Trapp gefall an hätt sech een dräifache Broch vum ieweschten Halswirbel agezunn. Obwuel hien nach an engem Spidol zu Hannover operéiert ginn ass, huet säin Häeerz en Donneschdeg Nomëtteg opgehalen ze schloen.

Mam biergerlechen Numm Günter Caspelherr den 11 Juni 1942 zu Bünde (Westfalen) gebuer hannerléisst de bekannte Museker véier Kanner vu véier Fraen. Dee vu senge Fans als däitschen „Johnny Cash“ bezeechente Country- a Schlagersänger, hat sech an de 70er Joren ervirgedoe mat Evergreens wéi „Hey Boss ich brauch mehr Geld“ oder awer dem „Er ist ein Kerl (30 Tonner Diesel)“

Dem Motto vum Johnny Cash, deen de Gabriel als säi Léiermeeschter ugesinn huet, ass hien och Zäit senges Liewes trei bliwwen. Als Komponist a Produzent war de Gunter Gabriel och fir aner Gréisste vun der Schlagerszen aktiv. Kënschtler wéi den Tom Astor, Karl Dall oder Dieter Hallervorden hu vu senger kreativer Aarbecht profitéiert.

Evergreen-Produzent

Weider Evergreens, wéi dem Frank Zander säin „Ich trink auf dein Wohl Marie“ mee och dem Juliane Werding säin Hit „Wenn du denkst du denkst, dann denkst du nur du denkst“ stamen aus senger Hand. Och un der Fussballhymne vum HSV huet hie matgeschafft. Alles an allem huet de Gunter Gabriel eng ronn dausend Lidder geschriwwen.

De Museker stoung awer och regelméisseg wéinst Topegkeeten an der Zeitung. Alkohol, Faillitten a aner „Ausfäll“ hunn hien awer net ëmbruecht an senger Kreativitéit keen Ofbroch gedoen. Ëmmer nees huet de Gabriel de Wee bei säi Public zeréckfonnt.

Kuerz virum Doud vum Johnny Cash huet sech de Gabriel an deem sengem däitsche Studio dem Wierk vum Amerikaner ugeholl. Mam „Tennessee-Projekt“ 2003 huet de Museker däitsch Versioune vum Cash senge Lidder opgeholl. Een Album dee sech iwwert genee esou gutt Kritike konnt freeë wéi ee weideren Hommage Album „Sohn aus dem Volk“ (German Recordings 2009)

Ähnlech Sujeten Gunter Gabriel, Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel